Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Anti-Plastik Campagne: D’Beluga II setzt den Anker zu Réimech!
Meenung Neiegkeeten

central coast california dating

No fënnef Joer ass d’Greenpeace-Schëff Beluga II nees zu Lëtzebuerg

anne curtis luis manzano dating
Meenung Neiegkeeten

Neies vum SNJ: „Maach ee Video“

Et ass schonn déi néngt Editioun vum Video-Concours „Ram“ deen

US-Schauspiller Burt Reynolds am Alter vun 82 Joer verstuerwen
Meenung Neiegkeeten

US-Schauspiller Burt Reynolds am Alter vun 82 Joer verstuerwen

Hollywoodstar an de 70er an 80er Joer, ass den US-Schauspiller

Editorial: Eppes hin an hir gerappt

Editorial: Eppes hin an hir gerappt

Meng Positioun zu „Klimawandel“ an „Äerderwiermung“ dierft dem opmierksame Lieser vun eiser butzeg klenger Online-Zeitung net entgaange sinn, an awer gëtt där Momenter wou een och als opgekläerte Mënsch mam eegene Gewësse liicht an d‘Schleidere kënnt. Esou gëschter, wou déi jonk Leit vum Mouvement „Youth for Climate“ sech op d‘Ouverture vun der Fouer invitéiert hunn.

Natierlech ass et medial betruecht e gudde Schachzuch, och wann et natierlech deels vu gewësse Medien „bewosst ausgeklammert“ respektiv „marginal“ erwähnt ginn ass. Ech hunn dann och zimlech mat mir selwer gestridden, ob mir elo déi Traditioun méi wichteg ass wéi d‘Engagement fir eise Planéit, deen – dat ass hoffentlech jidderengem bewosst – eenzegaarteg an onersetzlech ass.

An tatsächlech weess ech nach ëmmer net ob et sënnvoll ass, Mënschen déi fir ee puer Stonne vun de schlechten Nouvellen an sonstegem Stress Ofstand huele wëllen, e schlecht Gewëssen ze maachen. Vun de leit déi op d‘Fouer kommen, dierft en ähnlech groussen Undeel wéi och soss am Alldag, beméit sinn besser op d‘Ëmwelt uecht ze doen. Et soll ee jo net op alles musse verzichten.

D‘Aktioun selwer war gutt a virun allem „Stressfräi“ organiséiert ginn. Kee Mënsch gouf bedrängt an eis Police huet sech, an och dat soll ee hinne wierklech zerguttst halen, virbildlech zréckgehalen. Elo muss sech dann awer nach erweisen, datt de Mouvement Youth for Climate Lëtzebuerg, mat dëser Aktioun aner Leit wéi déi schonn Iwwerzeegte fir sech konnt gewannen.

Foto: Mam Bolsonaro senge Pyromanen déi de Reebësch am Amazonas offakelen, haten dës jonk Mënschen, déi hir Zukunft virun e Liewen a „Saus un d’ Braus“ stellen, e wierklecht gutt Argument bei der Ouverture vun der Schueberfouer „eppes Kaméidi ze schloen. Si sollten an hirem Bestriewen d‘Welt e Stéck besser an nees Liewenswäert ze maachen, ënnerstëtzt ginn. Kritik un der Aktioun sollt also „konstruktiv“ sinn, wat e Verstand viraussetzt deen eiser Gesellschaft verluer gaangen ass. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Klimawandel, No Planet B, Schueberfouer, Youth For Climate Luxembourg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel