Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Du wëlls méi Bicher liesen? Mat eisen Tipps geet dat ganz einfach!
https://moien.lu/when-we-gonna-hook-up/

Du wëlls méi Bicher liesen? Mat eisen Tipps geet dat ganz einfach!

Wien denkt sech net ëmmer erëm: Ech misst vill méi

https://moien.lu/nadech-dating-yaya/
https://moien.lu/when-we-gonna-hook-up/

red flags to look for when online dating

Programmentwéckler vu Google wëlle beim „Konkurrent“ Apple eng monstréis Sécherheetslück

Luxembourg Gaming Xperience 2019 – kënnt Game Of Thrones op Lëtzebuerg?
https://moien.lu/when-we-gonna-hook-up/

Luxembourg Gaming Xperience 2019 – kënnt Game Of Thrones op Lëtzebuerg?

D’Preparatiounen zur 4. Editioun vun der LGX – Luxembourg Gaming

Editorial: Et soll nees gespent ginn!

Editorial: Et soll nees gespent ginn!

Beim Lëtzebuerger Roude Kräiz ass et nees de Mount vun der Spent, an hei gi bis zum 30. Abrëll net manner wéi 2.000 Benevoller an den Asaz geschéckt, fir Geld anzesammelen. Geld, esou den offizielle Sproochgebrauch, dat fir Aktiounen um Terrain agesat gëtt an zum Zweck huet deenen Äermsten a Bedierftegsten ze hëllefen. Et ass och d‘Geleeënheet de Veräi besser kennenzeléieren.

Elo ass et wuel net verkéiert ze behaapten, datt iwwert d‘Kreatioun vu „sozialen Epicerien“, der bestoender Kleederkummer an villem anere méi, vill a gutt am Sënn vun de Mënschen am Besoin gemaach gëtt. An awer ass mäi Vertrauen an d‘Rout Kräiz net dat bescht. Oniwwersiichtlech an transparent wéi en hëlzent Briet, ass mir dee Veräin ze vill „Systemrelevant“ fir éierlech ze sinn.

An ech si beileiwen net deen eenzegen deen zanter enger Rei Joer esou seng berechtegt Zweiwel un der Gemengnëtzegkeet vum Roude Kräiz huet. Zum enge kann een am Fall vum Roude Kräiz (mee och villen anere Verbänn) vun engem sougenannte „Wohlfahrt-Konzern“ schwätzen deen zum Beispill an Däitschland eleng mat Blutt– a Kleederspenden 2016 honnerte Milliounen ëmgesat huet.

D‘Leit sinn dann och net wierklech vum Roude Kräiz begeeschtert, an oft héiert ee vu jonke Mënschen déi e Studentenjob op enger Gemeng wéilten, datt si besser Kaarten hätten, wa si dem Roude Kräiz beim „Sammelen“ eng Hand géifen upaken. Déi wou et gemaach hunn, ginn dann un, datt si éischter „net Wëllkomm“ waren, an et virzuchsweis déi eeler Leit sinn, déi eppes ginn.

Elo ka mat sengem Geld jidderee maache wat e wëll, mee wien hautdesdaags Spende wëll sollt et sech gutt iwwerluecht hunn. Geet eenzeg ëm dat gutt Gewëssen, oder kann een dat ganzt vun de Steieren ofsetzen, ass d‘Rout Kräiz eng sécher Valeur. Geet et drëms Mënsche wierklech ze hëllefen an hätt een et gären datt d‘Spend do Ukënnt woufir se geduecht ass, da brauch et Alternativen.

Ähnlech Sujeten Rout Kräiz, Spenden, Spendenaktioun, Systemrelevant, Wohlfahrtsverband
Nächsten Artikel Virrechten Artikel