Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vum Schoulsport an d’Nationalequipe
Meenung Neiegkeeten

Vum Schoulsport an d’Nationalequipe

Et ass iergendwann immens séier gaangen. Ugefaangen huet alles, wéi

déi Lénk: D’Widderspréch vun de Gréngen bei der Ëmwelt
Meenung Neiegkeeten

déi Lénk: D’Widderspréch vun de Gréngen bei der Ëmwelt

De Projet zum Reamenagement vum Boulevard Roosevelt, deen um 22.

Enquête zum Bezéiungsdrama vu Wolz geet op en Enn
Meenung Neiegkeeten

Enquête zum Bezéiungsdrama vu Wolz geet op en Enn

Et war den 2. Januar 15.10 Auer, wéi ee Mann

Editorial: IT-Expert Eugène Berger

Editorial: IT-Expert Eugène Berger

Stell der vir et ass Chamberssëtzung a kee Mënsch interesséiert sech derfir. Gutt fir déi meescht kann dat zoutreffend sinn, woubäi déi meescht vun de Meeschte jo och enger Aarbecht noginn. Esou och a mengem Fall, mee ech muss dat verfollegen an dat wat sech de Moien do nees deet, dréift engem d‘Flemm an. An dat bezitt ne nëmmen op de Fait, datt all Motioune verworf goufen.

De Sven Clement hat gëschter eng Motioun agereecht, bei där ëm d‘Notze vun „Open Source“ Programmer gaangen ass, an déi net nëmme Sënn mécht mee essentiell ass, wa mir eis net vun US-Konzerner ofhängeg maache wëllen an esou indirekt och dësen Entreprisen Zougrëff op all eis Daten erméiglecht gëtt. Déi soll an der Kommissioun nach emol „beliicht ginn“, huet et geheescht.

Géint dës Motioun awer huet sech da justement den Eugène Berger gestallt. Hien, en ausgewisenen IT-Expert a Spezialist vun den neien Technologien, war sech net ze Schued ze behaapten, datt et bei den „Open Source“ en immense Sécherheetsproblem gëtt. Deen eenzegen de mat Sécherheet e Problem huet ass hei den Eugène Berger an zum Gléck konnt de Pirat dem Liberalen et erklären.

Déi meeschte Staatsserver engersäits, méi ganz besonnesch all d‘Android-baséiert Smartphone vun den DP-Deputéierten (jo dat gëllt och fir all déi aner) notze längst „Open Source“ Programmer, an dat heescht datt wann de Geescht aus Wäibierger Recht sollt hunn, dat alles séier muss ofgeschaaft ginn. De Liberalen IT-Expert ass zréckgeruddert a wëll d‘Motioun an d‘Kommissioun huelen.

Hei sollen da „Beamten“ hir Expertise zur Notzung vun „Open Source“ Programmer ofginn. Et ass awer elo net wierklech de Problem vun der DP dës Notzung unzëerkennen, hei geet et ganz däitlech an d‘Richtung deene Konzerner, déi een zu Lëtzebuerg ugesidelt huet oder usidele wëll, entgéint ze kommen, respektiv hinnen ze versécheren, datt een och hir Produite kafe wäert.

An datt ass net nëmmen ee Problem an alle staatlechen Institutiounen. De Sven Clementt huet richteg drop higewisen, datt déi meeschte Partei-Internetsite schonn „Open Source“ baséiert sinn. Firwat si bei sech aner Standarden uwennen, wéi si se beispillsweis an de Schoule verlaangen? Ma et geet och hei just drëms Goss ze maachen… a vläicht e Mandat am Virstand ze kréien.

Foto: Gabriella / Pixabay

Ähnlech Sujeten Chamber, Eugène Berger, Krautmaart, Motioun, Open Source, Piraten, Piratepartei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel