Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vu Völklingen bis op Bréissel… fir hir an eis Zukunft
International Meenung Neiegkeeten

Vu Völklingen bis op Bréissel… fir hir an eis Zukunft

Et war trotzt dem Wëssen, datt et sech beim „Walk

ECOlogique – Präisiwwerreechung vum Gewënnspill
International Meenung Neiegkeeten

ECOlogique – Präisiwwerreechung vum Gewënnspill

Leschte Mëttwoch kruten déi glécklech Gewënner vum Concours „ECOlogique“ ee

Kanada kritt säin Dreck zréck
International Meenung Neiegkeeten

Kanada kritt säin Dreck zréck

D‘Bevëlkerung vun de Philippinnen war es sat, datt hiert Land

Editorial: Chaos a Gewalt un de Paarte vun Europa

Editorial: Chaos a Gewalt un de Paarte vun Europa

De Sultan Recep Tayyip Erdogan ass vun „Europa“ enttäuscht: d‘EU kritiséiert säin Ugrëffskrich a Syrien an ass och an der Kausa „Libyen“ net op senger Linn. Zudeem géif sech d‘EU net un deen am Mäerz 2016 geschlosse Flüchtlingspakt halen. Milliarden Euro un Entschiedegunge fir all déi Flüchtlingen/Migrante wieren nach net gefloss a politesch kéint hie sech net op d‘EU verloossen.

Elo nodeems sech d‘Entwécklung am syresche Konflikt (Provënz Idlib, Nordsyrien) géint d‘Tierkei wennt, bréicht de Sultan eppes Ënnerstëtzung. Déi awer bleift aus an dat huet eng ganz Rëtsch u gudde Grënn: zum enge kann d‘EU déi geplangten ethnesch Säuberung am Grenzgebitt net mat maachen, zum anere géif en Agräifen onweigerlech zu enger Konfrontatioun mat de Russe féieren.

Déi wëll och de Recep Tayyip Erdogan net, firwat hie riskéiert zu Idlib „säi Gesiicht ze verléieren“, wat nationalpolitesch denkbar schlecht wier. Hien ass also gezwonge senge Landsleit ze weisen, datt hien d‘Situatioun beherrscht. D‘Stëmmung géintiwwer de Flüchtlingen/Migranten déi aus de bekannte Grënn an der Tierkei Zouflucht fonnt hunn, ass och entspriechend opgehëtzt.

E Samschdeg dann huet de Sultan entscheet d‘Grenzen a Richtung Europa „opzemaachen“. Dovu betraff si Bulgarien a Griicheland. Laut der UN-Organisatioun fir Migratioun (OIM) hunn iwwert de Weekend 13.000 Mënschen un der Grenz op eng Méiglechkeet gehofft, déi ze iwwerwannen. A Griicheland huet d‘Arméi misse mobiliséiert ginn, fir d‘Police bei der Grenzsécherung ze stäipen.

Gëschter huet de Sultan sech nach emol drop behaapt a confirméiert, datt d‘Grenzen op tierkescher Säit a Richtung EU „duerchlässeg“ bleiwen. Et sinn allerdéngs nëmme wéineg syresch Flüchtlingen déi do un der Grenz stinn, de Gros si jonk Männer aus Afghanistan. Et heescht dann och, dann den Transport un d‘Grenz vun AKP-Aktivisten organiséiert gëtt: dat mat Bussen an Taxien…

Wann ee ka Versteesdemech fir Bundeskanzlerin Angela Merkel hunn, déi engersäits Milliounen un Tierken an hirem Land huet an anersäits d‘Wirtschaftsinteresse berécksiichtege muss, esou ass et zu Bréissel, wou elo eng Entscheedung muss geholl ginn. Mee d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, där d‘Interesse vun der däitscher Wirtschaft net friem sinn huet weider Problemer.

Frontex huet einfach net genuch Leit, an déi wou do sinn zécken net irrational Gewalt unzewennen. D‘Tierkei ass zudeem net nëmmen Handelspartner, mee iwwert den Ëmwee vun der NATO och ee militäreschen Alliéierten. Trotz allem kann an dierf Bréissel sech net erpresse loossen, firwat et elo eng entspriechend Äntwert bréicht. Déi kënnen awer nëmmen déi 27 zesumme formuléieren.

Hei gëtt et nees komplizéiert: de bulgaresche Ministerpresident Boiko Borrisow war gëschter beim Sultan zu Ankara fir „bilateral Gespréicher“. Och u senge Grenzen huet de Recep Tayyip Erdogan Flüchtlingen/Migranten opgestallt. De Bulgar, dee weess datt an der EU jidderee seng Interesse selwer verdeedege muss, zitt en eendeiteg vir, wann d‘Flüchtlingswell sech a Griicheland ofspillt.

Wann et den Tierken elo net gelongen ass Member vun der Unioun ze ginn, esou schéngt Ankara um beschte Wee, d‘Kohäsioun Unioun méi ze belaaschte wéi de Brexit. Eng méiglech Äntwert op d‘Grenzëffnung, wier et d‘Handelsbezéiungen op Äis ze leeën. Also de Wuerenaustausch zumindest Temporär aussetzen. Och muss direkt all Liwwerung vu Waffen a Waffesystemer agestallt ginn.

Ënnert dësen Ëmstänn nach weider Geld un d‘Tierkei ze iwwerweisen, sech quasi virféieren ze loossen, wier dat falscht Signal. De Boris Johnson dierft dës Ausenanersetzung tëscht der EU an der Tierkei ganz opmierksam verfollegen. Wann EU-Kommissioun an EU-Rot elo keng kloer Linn zéien, dann ass de Coronavirus eise mannste Problem. Dofir brauch et awer Zesummenhalt…

Illustratioun: © jusos

Ähnlech Sujeten Bulgarien, Erpressung, EU-Kommissioun, Flüchtlingen, Frontex, Griicheland, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel