Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tierkei: Däitsch Journalistin wéinst Terrorismus ugeklot
Meenung WTF

Tierkei: Däitsch Journalistin wéinst Terrorismus ugeklot

Um Mëttwoch huet en tierkescht Geriicht bestätegt, datt déi däitsch

angry
Wëll RTL en Duell Polfer/Wilmes verhënneren?
Meenung WTF

Wëll RTL en Duell Polfer/Wilmes verhënneren?

Dës Fro stellt sech d’CSV. An engem Pressecommuniqué detailléiere si,

Lovecraft: De Meeschter vum kosmeschen Horror
Meenung WTF

Lovecraft: De Meeschter vum kosmeschen Horror

Dem H. P. Lovecraft säin Afloss op Science-Fiction an Horror

surprise

Editorial: Wat kann d‘EU vu Facebook erwaarden?

Editorial: Wat kann d‘EU vu Facebook erwaarden?

Facebook an Dateschutz sinn zwee Wierder, déi esou net wierklech zesumme passen, woubäi et nach ëmmer de Notzer ass, dee seng Privatsphär all ze gäre präisgëtt. Mam Bekanntginn, datt et enger Firma (Cambridge Analytica) gelongen ass, iwwert eng am sozialen Netzwierk placéiert Applikatioun, d‘Date vu ronn Milliounen Notzer ofzegräifen, steet Facebook elo ënner Drock.

Bréissel, iwwert d‘Interventioun vun der Justizkommissärin Vera Jourova, verlaangt elo zu Recht vu Facebook Opklärung, a setzt op verschäerften Dateschutzreegelen. Si schwätzt vu „geklauten Daten“ a wëll vu Facebook wëssen, op och EU-Bierger vum Virfall betraff sinn. Dobäi gëtt et schonns eng europäesch Dateschutzveruerdnung.

Esouwäit esou gutt. D‘Politik huet d‘Mëssstänn erkannt a schéngt beméit sech fir d‘Notzer asetzen ze wëllen. Woubäi et awer muss gewosst sinn, datt kee Gesetz op der Welt virum Mëssbrauch vu perséinlechen Date ka schützen. Schutz gëtt et beschtefalls fir all déi, wou sech diskret verhalen an net alles vu sech bereetwëlleg an d‘Netz stellen.

A Facebook kann ee wuel e Virworf maachen, mee sech dovunner trennen, dat wëllen dann elo och déi mannst. Et ass dach esou praktesch, iwwert d‘Déngschter vu Facebook mat der Welt a Verbindung ze stoen. Et weess een wat d‘Kollege grad dreiwen, wou deemnächst eng méi lass ass, a mat enger Foto vum Stullgank kann een der Welt weise wéi gesond een ass.

Deem sinn sech dann och déi meeschte Facebook-Notzer duerchaus bewosst. Se reegen sech och berechtegterweis iwwert all Meldung op, déi hinne verdäitlecht, op wat se sech agelooss hunn. Mee de Facebook-Account läschen? Dat kënnt fir eng kleng Minoritéit a Fro, an och do sinn ech iwwerzeegt, datt et um Enn keng Optioun ass där sech ugeholl gëtt.

An deem Sënn kritt dann och d‘Politik et net einfach. Wien sech op Facebook umellt, erkläert sech mat engem Klick mat alle Konditiounen averstanen. Et liest dann och kaum een dës Konditiounen, déi virun allem amerikaneschem Recht entspriechen. Géif een dat maachen a verstoe wat do steet, misst engem Kloer sinn: „dat ënnerschreiwen ech net“.

Gutt, et dierf een och vu Facebook erwaarden, datt se déi perséinlech Daten an d‘Privatsphär vun hire Cliente respektéieren. Wann een sech dann awer de Geschäftsmodell vu Facebook méi genee ukuckt, sech bewosst ass, datt een näischt fir näischt kritt, misst engem opgoen, datt et grad Date vun de Cliente sinn, mat deene Geld verdéngt gëtt.

Et sollt ee sech also ëmmer gutt iwwerleeën op wat ee klickt, besonnesch wann et drëms geet „Terms and Conditions“ unzehuelen. Wat ee sech net duerchgelies huet, sollt een op kee Fall ënnerschreiwen, oder? Mee et wëll ee jo partout derzougehéieren. Wann deem esou ass, an ee jo weess wat engem bléie kann, da sollt een net nëmme mam Fanger op Facebook weisen.

Ähnlech Sujeten Cambridge Analytica, Dateschutz, Facebook
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    2

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    11

  • Crazy

    4

  • Love

    0