Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De „schnellen Internet“ setzt sech zu Lëtzebuerg duerch
Cool Crazy Meenung WTF

De „schnellen Internet“ setzt sech zu Lëtzebuerg duerch

Den ILR (Lëtzebuerger Reguléierungsinstitut) huet am Dezember seng statistesch Fiche

QUIZ: Wéi gutt kenns du d’Lëtzebuerger Gemengewopen?
Cool Crazy Meenung WTF

QUIZ: Wéi gutt kenns du d’Lëtzebuerger Gemengewopen?

angry
De Widderstand géint CETA geet weider
Cool Crazy Meenung WTF

De Widderstand géint CETA geet weider

CETA gëtt muer Realitéit. Provisoresch op mannst, trëtt et deen

cooltonguesurprise

Editorial: Tëscht Fake News a fräier Berichterstattung

Editorial: Tëscht Fake News a fräier Berichterstattung

Mat der Desinformatioun – oder „Fake News“ – an de Medien an de sozialen Netzwierker ass de Mënsch enger neier Erausfuerderung ausgesat. Woubäi de Phenomen net nei ass, mee zanter dem Donald Trump sengem Opstand géint d‘Press, nees eng ganz nei Qualitéit erreecht huet.

Esou huet de Premierminister Xavier Bettel, dee jo och nieft dem Portefeuille vum Kulturminister och nach d‘Kap vum Kommunikatiounsminister op huet, d‘lescht Joer uklénge gelooss, datt et hei misst eng besser Kontroll ginn. Wéi dat soll a kann ëmgesat ginn, hat eise Staatschef net verroden.

Mee an Europa hunn sech e puer Länner, esou Däitschland a Frankräich, virgeholl dëse „Fake News“ de Kampf unzekënnegen. Mat aner Wierder, d‘Medien am grousse ganzen, sollten sech nees enger staatlecher Kontroll ënnerwerfen, wat an der Branche als „geféierlech“ bezeechent gëtt.

Anersäits wier et ënner Ëmstänn net emol verkéiert, wann et am Kontext vun der Desinformatioun, och eng vertrietbar Legislatioun géif ginn. Hei stellt sech dann awer d‘Fro, op wéi engem Niveau dës Gesetzer missten agesat ginn: op Landesniveau, fir ganz Europa oder weltwäit?

Eng berechtegt Fro, well den Internet kennt – wéi d‘Dommheet – keng „Grenzen“. Mee Dommheet kann een net wierklech bestrofen, just d‘Doten déi heirauser resultéieren. An jiddereen huet nu emol d‘Recht esou Domm ze sinn wéi e wëll, do mécht de Journalismus keng Ausnam.

Wa Bréissel virschléit, en europäesche Reseau opzebauen, wou Leit d‘Noriichte préiwen an dann alertéieren, wann sech eng als Desinformatioun duerstellt, klengt op den éischte Bléck gutt. Ass da bei geneeëm Hikucken nees geféierlech, well déi fräi Meenungsäusserung e Grondrecht ass.

Natierlech huet och all Mënsch d‘Recht op eng éierlech an objektiv Informatioun. Hei ass et dann awer esou, datt, esou wéi ee vun de Leit kann erwaarden, datt se déi erhalen Informatioun hannerfroen, grad esou misst en dierfen erwaarden, dat se wëssen, wien hinnen d‘Info liwwert.

A well de Mënsch ass wéi en nu emol ass, ergëtt et sech, datt et him méi liicht fält de Medien ze mësstrauen, wéi ze hannerfroen. Dat verlaangt och vill manner Efforten, an zwéngt ee net mussen ze iwwerleeën. E Problem deen och dann net geléist ass, wann et zu engem Gesetz géif kommen.

Et ass wéi esou oft: „Wien näischt weess muss alles gleewen!“. Also muss de Mënsch méi gescheit ginn, wat zum Beispill den Optrag vun de Schoulen ass. Dat setzt viraus, datt ee bereet ass e puer Generatiounen ofzewaarden, an een zudeem d‘Hoffnung hätt, et géif ee sech dofir interesséieren.

„Fake News“ gëtt säit der Erfindung vum Drock. D‘Desinformatioun ass vu Länner bei der Ausriichtung vu Konflikter genotzt ginn, se ass e gären agesate Mëttel géint de politesche Géigner, an huet och bei de Lobbyisten an anere Gauner Konjunktur.

Desinformatioun kann een net verbidden oder ofschafen. Dee Gedanken ass, wéi d‘Hoffnung de Mënsch méi gescheit ze maachen, utopesch. Et ass d‘Roll, vun deem wat een als verantwortlech Medie bezeechent, uecht ze dinn, datt ee beim deem wat ee publizéiert, och bei der Wourecht bleift.

Ähnlech Sujeten Fake News, Medien, Meenungsfräiheet, Sozial Netzwierker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    16

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    3

  • Crazy

    5

  • Love

    0