Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Réckféierung vu mannerjäregem Georgier, Stellungnam vum Minister
Meenung WTF

Réckféierung vu mannerjäregem Georgier, Stellungnam vum Minister

Et hat vill Rumeuren an eng grouss Mobilisatioun an de

QuattroPole kritt vun der EU ënnert d‘Äerm gegraff
Meenung WTF

QuattroPole kritt vun der EU ënnert d‘Äerm gegraff

QuattroPole ass vun der EU beim zweeten Projet-Appell „B-Solutions“ selektionéiert

Zuchongléck an Norditalien: Dosende Mënsche blesséiert
Meenung WTF

Zuchongléck an Norditalien: Dosende Mënsche blesséiert

Op der Streck tëscht Lodi a Salermo ass haut de

surprise

Editorial: Sinn d‘Chamberwahle vu 2018 dem Feierkrop seng lescht?

Editorial: Sinn d‘Chamberwahle vu 2018 dem Feierkrop seng lescht?

Op der Homepage vum Feierkrop ass ze liesen, datt de (neie) Feierkrop wuel dëst Joer säi 25. Jubiläum feiert, mee et och mat der Ausgab vum 21. Dezember 2018 soll eriwwer sinn. Schluss, aus, finito… näischt méi ze kropen, keng Bosseg Geschichte méi iwwert déi wou eis regéieren.

Mee gutt, 25 Joer dat ass e laangen Dag, an do kann engem dann och emol de Otem aus ausgoen. Schliisslech ass d‘Equippe ronderëm de Jacques Drescher och net méi jonk ginn, a wéi et heescht, géifen se sech och nach gäre vun der Sonn de Bauch pinsele loossen.

Se verspriechen dann awer net ganz „ofzetrieden“ a sporadesch d‘Vollek mat satiresche Publikatiounen ze iwwerraschen. De Verlag steet finanziell op stabille Féiss, wouriwwer een erfreet dierf sinn, och wann a ville Ministère de Freideg net méi de Stellewäert vun haut wäert hunn.

An et dierft op der aner Säit eng helle Wull u Personnage ginn, déi dem Feierkrop keng Tréin wäerten nokräischen. Ëmmer iwwerspëtzt awer ni gelunn… esou ass munch Rabbelkapp oder Zatz aus Politik a Wirtschaft, politesch absolut inkorrekt op d‘Plaz gestallt ginn.

Dat ass gutt, wichteg a leider och néideg. Satir als Bestanddeel vum demokrateschen Denkprozess deet enger Gesellschaft, besonnesch eng déi wéi déi lëtzebuergesch duerch de forcéierte Wuesstem voll am Ëmbroch steet, net nëmme gutt, mee stäerkt se och.

Ab 2019 dann also, musse mer ouni de Feierkrop auskommen. Op et méiglecherweis Alternative wäert ginn, déi net vu Bertelsmann-RTL finanzéiert a beaflosst ginn, ech mengen net. Dat ass schued a bedauerlech awer net ze änneren.

Zum Gléck ass d‘Trennung vu Kierch a Staat vollzunn, oder wéinstens esou fortgeschratt, datt hei den Arbitrage vum Feierkrop net méi zwéngend gefuerdert ass, och wann et ee vun de Piliere war, dee mir esou besonnesch gefall huet. Mee fir de ganze Rescht…

Allez, et mécht kee Sënn sech ze lamentéieren, d‘Bier ass geschielt. D‘Liewe geet weider och ouni de Feierkrop, an et wäert net méi schlecht an net besser ginn. De Mënsch gewinnt sech bekanntlech un alles, a mir hunn nach gutt eelef Méint eis mam Gedanken unzefrënnen.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Feierkrop, Satire, Zeitung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel