Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Et soll sech net nëmmen, et muss sech och eppes änneren
Meenung

Et soll sech net nëmmen, et muss sech och eppes änneren

Am Kontext vum politesche Wëlle fir eng Reform vum Wahlgesetz,

D’Sara an de kanadeschen Dram
Meenung

D’Sara an de kanadeschen Dram

Ee friemt Land, eng aner Kultur, 6000 Kilometer an den

EU: 20 Länner fir ee Parquet zu Lëtzebuerg
Meenung

EU: 20 Länner fir ee Parquet zu Lëtzebuerg

D”Justizministere vun 20 EU-Länner en Accord finaliséiert, fir e spezialiséierte

Editorial: Firwat et einfach maachen, wann et och komplizéiert geet

Editorial: Firwat et einfach maachen, wann et och komplizéiert geet

Datt eis Deputéiert en Dënschdeg um Krautmaart de Gesetzprojet zum REVIS (Akommes fir déi sozial Inclusioun) – dee jo den aktuelle Regimm vum RMG ofléise soll – ugeholl hunn, dat kann een esou am grousse Ganze begréissen. Engersäits well hei am besonneschen den Elengerzéier besser gestallt gëtt, an den Demandeur deen se ech beméit och belount ka ginn.

Ze bedauere bleift, datt d‘Gesetz net an Zesummenaarbecht mat de Gewerkschaften entstanen ass, an hei op mannst eng Consultatioun ubruecht war. Och bei den Dispositioune gesäit et komplizéiert aus: et gëtt zum Beispill keng standardiséiert Dokumenter fir den Aktivéierungsvertrag, d‘Erklärung zur Zesummenaarbecht, a bei der Konventioun an där d‘Reegelen a Flichten enthale sinn.

Et ass dann och nach esou, datt direkt dräi Administratiounen, ouni datt si sech missten ënnerteneen ofschwätzen, d‘Entscheedungen huelen. Dat dierft besonnesch bei Sanktiounen derzou féieren, datt de „normale“ Mënsch gezwonge gëtt sech juristesch beroden ze loossen. Et gëtt dat dann och ëmmer dann de Fall, wann d‘Behuele vun der Persoun zu enger Sanktioun féiert.

Mee dat si Suergen déi sech d‘Familljeministesch esou nach net mécht, déi erginn sech „en Cours de Route“. Wat een dann och nach kéint iergeren, ass dat mat der Tatsaach, datt Onwëssenheet net virun eng Bestrofung schützt, esou muench Gesell hei séier d‘Huesen a Schlappe ka verléieren. An op ville Plazen (Office Social, Streetworker, Foyeren) sinn d‘Leit net ausräichend um Courant.

Gutt et gëtt elo eng Internetsäit „www.revis.lu“ op där sech d‘Beneficaire vum RMG iwwert déi nei Konditiounen informéiere kënnen. Woubäi, a wahrscheinlech well een zu Lëtzebuerg ëmmer alles eent nom anere wëll maachen, d‘Internetsäit an enger éischter Zäit nëmmen op Franséisch opgebaut ass. De Site soll et iergendwann och op Däitsch ginn, an esouguer an enger „einfacher Sprooch“.

Wat dorënner ze verstoen ass wësse mir net, mee et fält op, dat de Ministère vun der DP-Ministerin, entweder nach net matkritt huet, datt den DP-gefouerten Educatiounsministère, grad derbäi ass déi Lëtzebuerger Sprooch ze fërderen, oder Erklärungen op lëtzebuergesch einfach net fir néideg hält. Dat ass besonnesch dowéinst bedauerlech, wëll Zäit genuch dat anstänneg ze maachen haten se.

Ähnlech Sujeten Corinne Cahen, Familljeministère, REVIS, RMG
Nächsten Artikel Virrechten Artikel