Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
D’Nuklearofkommes mam Iran a Gefor
Meenung Sport

D’Nuklearofkommes mam Iran a Gefor

E ballistesche Rakéitentest vum Iran setzt den internationalen Accord zur

Multimodalitéit fir jiddereen
Meenung Sport

Multimodalitéit fir jiddereen

Am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch, hunn d‘CFL, d‘Stad Lëtzebuerg,

Jemen: USA fuerdere Friddensverhandlunge bannent 30 Deeg
Meenung Sport

Jemen: USA fuerdere Friddensverhandlunge bannent 30 Deeg

En Dënschdeg huet den US-Verdeedegungsminister Jim Mattis d‘Krichsparteien am Jemen

Editorial: Flavio… iert et zur Erpressung kënnt, ass et besser du gees

Editorial: Flavio… iert et zur Erpressung kënnt, ass et besser du gees

Gutt datt ech mech schonn eng kéier mam Beholl vum Flavio Becca, grousse „Financier“ vum F91, ausenanergesat hat. De Flavio Becca, dee scho laang den Androck vermëttelt huet, datt de Veräin him, an net de Memberen oder Supporter gehéiert, hat dann och widderholl duerchblécke gelooss, datt hien dem F91 géif de Réck zouwennen, wann ee sengen Doleancen net géif Rechnung droen.

Um Sonndeg dann esou eppes wéi „Kloertext“. Woubäi bei engem Geschäftsmann an der Persoun vum Flavio Becca, ëmmer besonnesch Virsiicht gebueden ass, wa vu Kloertext rieds geet. Elo, ee puer Deeg virum Retour-Match géint den AC Milan, seet hien, datt et 2020 fir hie Schluss ass. Dat ass awer hallefhäerzeg Entscheedung, an amplaz d‘Leit wuscheg ze maachen, sollt hien direkt goen.

Et deet dem Veräin an de Spiller net gutt, d‘Supporter hunn es an tëscht esou lues genuch mat senge Fisematenten, an och op der Gemeng wäert ee säin Depart éischter Begréissen, wéi datt een him elo notrauert. Dobäi hat alles emol esou gutt ugefaangen… De Flavio Becca, e Sportler wéi aus dem Billerbuch, hat sech awer eppes dobäi geduecht, wéi hien den Diddelenger F91 „iwwerholl“ huet.

De neie Stadion, deen am Diddelenger Gemengerot beschloss ginn ass, kënnt dem „F91-Patron“ net séier genuch. Hie verlaangt vun der Gemeng, zolidd an déi al Sportinfrastruktur ze investéieren. Säi Credo: méi Parkplazen an noutwenneg Maintenanceaarbechten um a ronderëm de Stadion. Dat si Fuerderungen, déi sech nëmmen op de éischte Bléck gutt ugesinn, am Detail ass et Brach.

Also dann nach emol: den F91 verfüügt iwwer insgesamt 6 Terrainen, déi vun der Gemeng mussen ënnerhale ginn, an de leschte Jore goufen dem Veräin 3,5 Milliounen zougeschoustert, an sinn nach ee puer honnert dausend Euro fir de Stadion Jos Nosbaum virgesinn. Domatter sollt et dann awer och gutt sinn. Den F91 ass eng gelleg Reklamm fir Diddeleng, mee et sollt een et net iwwerdreiwen.

Datt sech de Flavio Becca no 20 Saisonen nei wëll orientéieren, firwat net. Jiddereen ass senges Glécks eegene Schmadd. Hien huet vill guddes fir de Club an den eegenen Ego gemaach, a mécht sech an dem F91 mat sengem geflipps kee gefalen. Iert den F91 duerch säi Beholl beschiedegt gëtt, sollt de Geschäftsmann sech an den Diddelenger e Gefale maachen: op luese Suele verschwannen.

Foto: Anstatt déck houfreg op säi Veräin ze sinn, dee bis ewell an der Europa League net emol esou schlecht do steet, fuerdert de Flavio Becca vun der Diddelenger Gemeng onméigleches. Dat gëtt weder de Spiller, de Memberen nach de Supporter vum F91 gerecht. Schued eigentlech. Am Bild: den defensive Spiller vum F91 Milan Bisevac, am Kampf mam Kostas Fortounis, vum Olympiakos Piräus, 8. November. © Aris Messinis/AFP

Ähnlech Sujeten Dan Biancalana, Diddeleng, F91, Flavio Becca
Nächsten Artikel Virrechten Artikel