Search

You may also like

Editorial: Wat e Gedeessems mat deem Brexit
International Meenung Neiegkeeten

Editorial: Wat e Gedeessems mat deem Brexit

Zu Salzburg, beim informellen EU-Sommet vun de Staatscheffen, do huet

Sinn eis Chrëschtdemokraten déi besser Europäer?
International Meenung Neiegkeeten

Sinn eis Chrëschtdemokraten déi besser Europäer?

Ronn 500 Männer a Fraen haten dësem Rendez-vous zougesprach, bei

Nordkorea huet nees Rakéiten an den Himmel geschoss
International Meenung Neiegkeeten

Nordkorea huet nees Rakéiten an den Himmel geschoss

Seoul huet de Moie gemellt, datt Nordkorea zwou Rakéiten an

Editorial: D‘Flüchtlingskris net vergiessen

Editorial: D‘Flüchtlingskris net vergiessen

Europa huet een zolitte Problem, an dee bezitt sech hei net op de Coronavirus, och wann dësen elo de Bierger an der Unioun – och dank eppes „Medien-Hysterie“ – eppes méi „present ass. Et dierf een awer bei aller Panik net vergiessen, datt sech zur Stonn eng humanitär Kris ukënnegt. Zanter den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan decidéiert huet seng Grenze fir d‘Flüchtlingen op ze maachen, gëtt déi griichesch Grenz regelrecht belagert an Athen huet Moossnamen ergraff.

Moossnamen déi ugesiichts der Situatioun un a fir sech verständlech sinn, allerdéngs net dem nach gültege Vëlkerrecht entspriechen. Laut der Mënscherechtskonventioun ass et net zoulässeg Mënschen zréckzeweisen, deene Folter oder soss Onheel dreet, an all Mënsch muss et erméiglecht ginn, seng Fluchtgrënn ze erklären, an dat kann nëmme funktionéiere wann den Eenzelfall gepréift gëtt. Et spillt also keng Roll op eng Persoun „legal“ oder „illegal“ iwwert d‘Grenz komm ass.

Elo ass et richteg, datt dem europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff seng Rechtsspriechung eppes „ondäitlech“ ass, woubäi an engem Punkt gëtt et keng Diskussioun: „Wann et keng legal Méiglechkeet gëtt e Gebitt ze erreechen, dann dierf ee Land keng Réckféierung oder Zréckweisung ouni Eenzelfallpréiwung duerchféieren“. Esou sinn d‘Texter, mee dës Texter wëssen net datt d‘Griichen zanter Joren iwwerduerchschnëttlech vun der Migratioun betraff sinn an net méi kënnen.

Dat ass en däitleche Beweis dofir, datt den europäesche Migratiounsregime keng human Léisungen Opweises huet. D‘Länner un de Baussegrenzen an am Inneren hunn emol ze vill ënnerschiddlech Interessen, zudeem goufen d‘Griiche mat „hirem“ Problem zimmlech eleng gelooss. Et geet einfach net duer d‘Frontex-Missioun ze verstäerken. Et muss eng besser Ofwécklung vun den Asylverfare méiglech gemaach ginn an och wéi d‘Leit ënnerbruecht ginn, muss besser gereegelt ginn.

A mir mécht et, no Analys vun der Lag un der griichesch -tierkescher Grenz och Kappzerbrieches, wann ech d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen héieren, déi sech selwer mam EU-Rotspresident e Bild vun der Situatioun gemaach huet, an d a seet: „Griicheland ass ee Schëld“ a versteet dorënner d‘Zréckweisung vu Flüchtlingen a Migranten ënner massivem Asaz vu Gewalt. Dat ass net mäin Europa, datt ass net dat Bild dat ech mir vun enger Solidargemeinschaft maachen.

Illustratioun: © Crawford Jolly / unsplash

Related topics Charles Michel, EU, Flüchtlingskris, Flüchtlingspakt, Griicheland, Jens Stoltenberg, Recep Tayyip Erdogan, Syrien, Tierkei, Ursula von der Leyen
Next post Previous post