Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E voll gepaakt Déierchen
International Meenung

E voll gepaakt Déierchen

E gutt Buch muss keng honnerte Säiten hunn. Et muss

D‘Lag an den Alters- a Fleegeheemer ass besser wéi geduecht
International Meenung

D‘Lag an den Alters- a Fleegeheemer ass besser wéi geduecht

An der Sëtzung vun der Chamberkommissioun fir Famill an Integratioun,

Zweet Editioun vun Beachdref war ee grousse Succès!
International Meenung

Zweet Editioun vun Beachdref war ee grousse Succès!

Dëst Joer war erëm vum 11. Juli bis den 5. August

Editorial: Flüchtlingspolitik vun der EU e verbriechen un der Mënschheet

Editorial: Flüchtlingspolitik vun der EU e verbriechen un der Mënschheet

Wann et vir dat Vereentent Europa esou einfach wier sech ëm de Mënsch ze këmmeren, wéi et einfach ass sech op e Wirtschaftsofkommes ze eenegen, dann, mee awer och just dann, wieren och vertrietbar Léisunge méiglech.

Zu Paräis huet gëschter de franséische President Emmanuel Macron, mat sengen Homologen aus Däitschland, Italien a Spuenien, wéi och mat den afrikanesche Leader aus dem Tschad, Niger a Libyen iwwert „Mesuren“ diskutéiert.

Datt eppes muss geschéien, do besteet keen Zweiwel. Wou ech dann awer de Kapp wéi kréien, ass bei der Feststellung, datt net Europa no enger Léisung sicht, mee just ee puer Länner – mat un der Spëtzt Frankräich an Däitschland – an dat net zwéngend am Sënn vun de Bierger an der EU.

Sécher elo kann ee mengen, dat wier souwisou en ze komplexe Sujet fir et dem Bierger ze erklären. Et ass awer deen, wou jee no Standpunkt seng Dier op oder zou mécht. A mat deem wat do zu Paräis verhandelt ginn ass, do kann ech dann och nëmmen de Kapp rëselen.

Europa, eng Communautéit vu 512 Millioune Mënschen déi op „Wäerter“ besteet déi se verdeedege wëll, kritt et net ronn, d‘Ursaache vun der „Flucht“ ze bekämpfen. Déi selwecht „Community“ huet awer anscheinend genuch Goss, fir d‘Situatioun ze verschlëmmeren, anerer fir d‘Drecksaarbecht ze bezuelen, déi eis déi berüchtegt Flüchtlinge solle vum Hals halen.

Wéinstens ass et dat, wat alt nees bei engem „mini“ Sommet erauskomm ass. Hei gëtt festgeluecht, datt beispillsweis libesch Milizen „finanzéiert“ ginn, fir Flüchtlingen opzegräifen, se a Lager ze spären, a virun allem dovunner ofhale Richtung Europa ze reesen. Domadder gëtt bëllegend a Kaf geholl, datt déi Mënsche mësshandelt, gefoltert a vergewaltegt ginn.

Besonnesch traureg de Virschlag, dës Lager ënnert d‘Verantwortung vun der UNO ze stellen. Libyen ass e Land vum Biergerkrich zerrappt an ouni wierklech Regierung. D‘Vereenten Natioune missten emol vir unzefänken e Mandat kréien an, wat jo wuel net vun der Hand ze weisen ass, och Finanzmëttel. Déi gëtt et net, wéi e sëlleche Missiounen am Häerze vun Afrika däitlech maachen.

Ze erkennen ass bis ewell just, datt Europa seng Baussegrenz matten duerch Afrika zéie wëll. Bewaacht vu Regierungen déi mat europäesche Grondwäerter esou guer näischt um Hutt hunn. E gëtt e Problem verlagert zu dem dréngend eng Léisung muss fonnt ginn.

Datt och elo „entscheet“ ginn ass, der Tschad-Diktatur Waffen ze liwwere geet mer net an de Kapp. D‘Arméi vum Tschad, där déi schlëmmste Mënscherechtsverletzunge virgeworf ginn, soll den europäesche Grenzverkéier reegelen. Dat bedeit dann awer näischt anescht, wéi d‘Bedeelegung um Verbrieche géint d‘Mënschheet.

Dobäi ginn et Alternativen. Beispillsweis wier Europa gutt beroden eng Afrikapolitik ze bedreiwen, déi de Numm och verdéngt. Eng Politik déi alle Mënschen um schwaarze Kontinent hëlleft, se weider bréngt um Niveau vu Bildung an Aarbecht. Bis ewell gi beschtefalls d‘Renditeerwaardungen vu privaten Investisseure beuecht.

Zudeem wier et gescheit den afrikaneschen Entreprisen den Zougang zum EU-Bannemaart ze erméiglechen. Bis elo ginn se mat de Fräihandelsaccorden ausgegrenzt. Aus der EU ginn och Wuere Richtung Afrika exportéiert, déi d‘lokal Ekonomie zerstéiert. (Pouletsreschter, Kleedung, Pestiziden, asw…)

Esou kënnt ee géint d‘Fluchtursaachen net un. All Mënsch strieft no Fräiheet, ëmsou méi en deen agespaart ass a mësshandelt gëtt. All Mënsch wëll se fräi dierfen entfalen, ëmsou méi een deen an enger Diktatur ënnerdréckt gëtt. All Mënsch huet e Bedierfnes no Liewensqualitéit, ëmsou méi, wann en se vun eis duergestallt kritt.

Foto: © Joel Saget/AFP

Ähnlech Sujeten Afrika, Däitschland, Europa, Flüchtlingen, Frankräich
Nächsten Artikel Virrechten Artikel