Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Winterlights 2018 – Gläich geet et erëm lass mat de Chrëschtmäert
Meenung Money

Winterlights 2018 – Gläich geet et erëm lass mat de Chrëschtmäert

Vum 23. November bis de 24. Dezember wäert een op

angrycooltongue
Déi grouss Nofro huet de Pilotprojet vum medezinesche Cannabis méiglech gemaach
Meenung Money

Déi grouss Nofro huet de Pilotprojet vum medezinesche Cannabis méiglech gemaach

Wann deen een oder anere vum Premierminister Xavier Bettel senger

dislike
Editorial: Quo Vadis Polen ?
Meenung Money

Editorial: Quo Vadis Polen ?

Rietsradikal an nationalistesch huet sech Polen um 11. November, dem

money

Editorial: Fondatioun IDEA gëtt sech mëtschgieweg

Editorial: Fondatioun IDEA gëtt sech mëtschgieweg

Wann ee bedenkt, datt déi meescht Parteien et antëscht verstanen hunn, datt d‘Fuerderunge vun de Gewerkschaften, eng Erhéijung vum Mindestloun anzeféieren, gerechtfäerdegt ass, da kann ee sech nëmme wonneren, datt d‘Denkfabrick vun der Handelskummer, d‘Fondatioun IDEA, dat elo och esou gesäit. Allerdéngs duerch de Brëll vum Patronat, firwat et nëmmen e wéineg méi soll ginn.

A sengem Artikel um Blog vun der Fondatioun, huet de Muriel Bouchet, entgéint allem Gesouers vum Patronat erausfonnt – unhand vun enger magescher Formel – datt eng Mindestlounerhéijung tatsächlech machbar wier. Dës Erhéijung ass dann awer wäit vun deem ewech wat gefuerdert gëtt. Den Denker vun IDEA, muss sech awer eppes derbäi geduecht hunn, esou mëtschgieweg ze sinn.

Elo dierf een unhuelen, datt ugesiichts der Tatsaach, datt déi bestoend Regierung och déi nei wäert sinn, hei an noer Zukunft iwwert eng Mindestlounerhéijung dierft haart nogeduecht ginn. Bei IDEA mussen dorops hin e puer „rout Luuchten“ ugaange sinn (och sinn hunn d‘Wahlprogrammer gelies) a wäerten sech geduecht hunn: „Ugrëff ass déi beschte Verdeedegung“. Also: „Géigevirschlag“.

Am Artikel geet de Muriel Bouchet op d‘Propos vun de Sozialisten an, déi eng Erhéijung vun 100 Euro ab dem 1. Januar 2019 vir ugemooss hält. Den Ekonomist aus Frankräich gesäit dat anescht, a fënnt datt eng Mindestlounerhéijung aus den ënnerschiddlechste Grënn „geféierlech“ ass. Richteg ass, dat en erhéichte Mindestloun an éischter Linn dem „klenge Patron“ d‘Liewen net vereinfacht.

Genee esou richteg ass et, datt et ebe grad d‘Salariéeën aus deene sougenannte klenge Betriber an aus dem HORESCA-Secteur sinn, déi hir Aarbechtskraaft fir en Apel an e Stéck Brout hierginn. Si hunn dofir net manner Loyer a Liewenskäschten ze droen, wéi beispillsweis eisen IDEA-Denker. Dee bezitt, esouvill ass sécher, net de Mindestloun, wëll awer wëssen, wéi et sech domatter lieft.

Hie geet dann och esouwäit, a behaapt einfach emol, datt 100 Euro an der Pai, de Salarié net méi fett maachen, de Patron awer quasi an d‘Faillite dreift. Gutt datt ass liicht iwwerdriwwen, mee als Vertrieder a Virdenker vum Patronat erlaben ech mir dës Ënnerstellung. Mee de Muriel Bouchet ass keen Onmënsch, a konzentréiert sech op eng Mindestlounerhéijung vun 100 Euro bis Enn 2019.

Eigentlech lëschteg, well hien zitt seng Wäisheet aus dem rezente Bulletin vun der Zentralbank, déi „bis Enn 2019“ oder „Ufank 2020“ eng Indextranche virausgesäit. An elo hält iech un: dësen Ajustement gesäit de Muriel Bouchet als zumindest en Deel vun den 100 Euro, déi hien als Ekonomist dem (an der Kris stiechende) Patronat zoumudde kann. D‘Salariat seet elo scho Merci.

Wéi gëtt hei gerechent? De Mindestloun läit bei 2.048 Euro fir onqualifizéiert, a bei 2.458,25 Euro fir e qualifizéierte Salarié (dëse Betrag ass ëmmer Brutto NvdR) an hie gesäit mat der Indextranche en Zouwuess an der Pai vun 43 Euro. Esou bréicht de Patron jo nach just 57 Euro bäizeleeën. Datt den Dabo, anescht kann een net soen, net matkritt huet, datt den Index d‘Inflatioun ausgläicht…

An domatter net genuch, schliisslech gëtt den Ekonomist net bezuelt fir dem Salariat Kaddoen ze maachen, et gëtt nach eppes méi Abstrus. Esou wëll de Muriel Bouchet, net nëmmen den Index mëssbrauchen – wann et dem Patronat schonn net méiglech dësen ofzeschafen – mee vergräift sech direkt um Sozialsystem, a wëll 22 Euro fir de Salarié aus der Assurance Dependance erauszéien.

Wéi geet dat? Ma ganz einfach. Den Ament ass et esou, datt de Mindestloun zu 25% exoneréiert ass, wat beim Bäitrag (part salariale) engem Montant vun 22 Euro entsprécht. Den Ekonomist wëll de Mindestloun ganz „fräistellen“ an d‘Kontributioun zur Assurance Dependance, vun 1,4% op 2% erhéijen. Esou géife wéinst dem Fräibetrag, d‘Empfänger vum Mindestloun 22 Euro méi verdéngen.

Bei sengen „100 Euro“ muss de Patron dann nach 35 Euro bäileeën. An dat sinn dem Ekonomist seng Iddien nach net all. Esou gëtt vum Steierkredit gebraddelt, de gratis ëffentlechen Transport als net finanzéierbar verkläert, a villes méi. Mäi Virschlag un den Här Bouchet: „géi emol e Joer fir de Mindestloun schaffen a bezuel däi Loyer zu Lëtzebuerg“, da kann ee matenaner schwätzen.

Ähnlech Sujeten Fondatioun IDEA, Gewerkschaften, Mindestloun, Muriel Bouchet, Regierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel