Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Autocross EM: Ongléckleche Weekend fir de Kevin Peters
best dating app memphis Neiegkeeten

https://moien.lu/most-successful-dating-sites-canada/

http://www.autocross-em.de/Fir d‘Piloten an d‘Fangemeinschaft vum Autocross, ass d‘Europameeschterschaft am Autocross

dating sites fairbanks ak
best dating app memphis Neiegkeeten

US-Schauspiller Burt Reynolds am Alter vun 82 Joer verstuerwen

Hollywoodstar an de 70er an 80er Joer, ass den US-Schauspiller

BD-Festival Contern: „De Comic huet mäi Liewe bestëmmt“
best dating app memphis Neiegkeeten

BD-Festival Contern: „De Comic huet mäi Liewe bestëmmt“

Wien et dëse Weekend nees op de BD-Festival vu Contern

Editorial: Geheimniskréimerei virun den EU-Wahlen

Editorial: Geheimniskréimerei virun den EU-Wahlen

Et freet ee sech heiansdo wat sech déi dichteg Hären zu a ronderëm Bréissel denken, wann se sech hannert verschlossen Diere mat Theme beschäftegen, vun deenen se genee wëssen, datt se hinnen zäitno op d‘Féiss falen. Esou de Fall mat deem ominéise Fräihandelsofkommes mat den USA, deen eis allen als TTIP bekannt ass. Deen hat sengerzäit den Trump zerrappt, well en him net gefall huet.

En huet net eleng dem US-President net gefall. Virun allem sinn d‘Bierger an der EU géint den „Accord vun a fir d‘Konzerner“ Stuerm gelaf. Déi vun de Konzerner gestéiert EU-Politiker an déi mächteg Lobbygruppen hunn sech doriwwer ewechgesat. An hätten sech net d‘USA aus de Verhandlungen zréckgezunn, da wier den TTIP (grad wéi JEFTA a CETA) längst ratifizéiert.

A wann et an Europa ëm Wirtschaftsfroe geet, gëtt e séier „perséinlech“ an den opmierksame Bierger zur „Gefor“. Et ass awer och eng Sauerei, datt et Bierger gëtt, déi selbststänneg Denken, hir Meenung ze äussere wëssen a sech matenaner verbannen, fir d‘Lige vu Politik a Wirtschaft an der Ëffentlechkeet ze verbreeden. Da gëtt eben alles verheemlecht, well dat esouvill besser ass…

Interessant dann awer, datt sech hautdesdaags näischt méi verheemleche léisst, an och bei esou Sëtzungen hannert verschlossen Dieren, sech ëmmer nees op mannst ee fënnt, deen den eegene Veräin „torpedéiert“ an Erzielt wat een net wëssen dierf. An dann ass et och nach esou datt se zu Bréissel – zumindest anstandshalber – iwwert d‘Sëtzunge beriichten, also net alles geheim ass.

Si setzen dann och op d‘Kuerzzäitgediechtnes vun de Bierger, déi d‘Knaschtereie vun de Politiker, bis se sech an der Wahlkabinn entscheede mussen, souwisou vergiess hunn. Sech dann awer doriwwer iergeren, datt d‘Bierger de Populisten an aneren Nationalisten nolafen, ass bosseg. A mëttlerweil kann ee bedaueren, datt kengem Kandidat fir d‘EU-Wahle méi ze trauen ass.

Vläicht sollt een d‘Kandidatelëschten duerch d‘Opstellung vun de Verwaltungsréit vun de wichtegste multinationale Konzerner ersetzen. Da géif een zumindest wësse wiem een um Enn tatsächlech seng Stëmm ginn huet. Ech mengen, wann si d‘Gesetzer kënne selwer schreiwen, mat den Deputéierten an de Beamten zesummen am „Bett leien“, sollten se och dierfen offiziell regéieren…

Ähnlech Sujeten CETA, EU-Kommissioun, EU-Wahlen, Geheimniskréimerei, JEFTA, multinational Konzerner, TTIP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel