Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

love
London: EU-Bierger a Briten ginn op d’Strooss fir hir Rechter
Meenung

London: EU-Bierger a Briten ginn op d’Strooss fir hir Rechter

Honnerten europäesch Bierger déi a Groussbritannien liewen hunn um Mëttwoch

Europacup Volleyball 2018: De gudde Wëllen eleng geet net duer
Meenung

Europacup Volleyball 2018: De gudde Wëllen eleng geet net duer

Um Mëttwoch stoungen sech an der Sportshal vu Stroossen, d‘Männer

cool
Déi „28“ wëllen zu Sofia eng gemeinsam Front géint den Trump bilden
Meenung

Déi „28“ wëllen zu Sofia eng gemeinsam Front géint den Trump bilden

Haut den Owend treffen sech zu Sofia d‘Staatscheffe vun den

Editorial: Gratis ëffentlechen Transport? Esoubal nach net…

Editorial: Gratis ëffentlechen Transport? Esoubal nach net…

Also wann ee sech esou d‘Zuelen ukuckt, da kéint een der Meenung sinn, datt den ëffentlechen Transport längst „Gratis“ ass. Eng Behaaptung déi sech dorops stäipt, datt aktuell d‘Käschten déi am ëffentlechen Transport ufalen, zu 5% iwwert Billjeeën oder Abonnementer gedroe ginn. De ganze Recht gëtt deemno iwwert d‘Steieren, also de Staatsbudget, finanzéiert.

Et wier also e Liichtes de leschte Schratt ze maachen, an den ëffentlechen Transport ganz „Gratis“ ze maachen. Dräi Parteien hunn sech dann och an hire Wahlprogrammer dofir ausgeschwat (KPL, déi lénk an DP) ouni hei Präzisiounen ze ginn, wéi datt sech soll bewierkstellege loossen. Do kann ee verstoen, datt d‘DP dëst Wahlverspriechen éischter als Moyen gesäit, den Debat ze engagéieren.

An dovunner emol ofgesinn. Lëtzebuerg ass datt Land an Europa, wou den ëffentlechen Transport am gënschtegsten ass. Eis direkt Nopere kënne vun esou Tariffer nëmmen dreemen. An do stellt sech och schonn déi éischt Fro: „Wéi gratis ass et fir d‘Grenzgänger?“, sollt een sech politesch fir d‘Gratuitéit entscheeden. A virun allem, wéi eng Laascht entfält op d‘Gemengen?

Wann et enger Regierung also sollt eescht gemengt sinn, an et géif een den ëffentlechen Transport gratis maachen, da sollten déi ganz Käschten déi ufalen, och vum Staat – an eben net de Gemengen – gedroe ginn. Dat allerdéngs géif mat sech bréngen, datt d‘Gemengen hir Autonomie zumindest partiell missten opginn. E Virschlag deen een esou an der Stad Lëtzebuerg net gären héiert.

Et muss zudeem och däitlech drop higewise ginn, datt et net de „gratis ëffentlechen Transport“ ass, deen eis Stroosse vum Verkéier wäert befreien. Och wann den Transport gratis géif ginn, bleift d‘Kapassitéit vum ëffentlechen Transport onverännert. Net ze vergiessen, datt de Mënsch „bequem“ ass, a sech u senge Gewunnechte festhält, wéi de Geck un de Bengel.

Dat verhënnert allerdéngs net, datt een sech den Alternativen zum Individualverkéier muss widmen. Esou wéi jidderee fir säin eegent Gléck verantwortlech ass, esou dréit een och d‘Verantwortung fir déi eege Liewensqualitéit. An well de kierzte Wee net ëmmer déi séiersten ass, ass och de Choix vum Verkéiersmëttel, kee Garant dofir, datt een géintiwwer anere Leit e Virdeel huet.

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, Ëffentlechen Transport, Gratis Ëffentlechen Transport, Wahlprogramm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel