Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

London: Theresa May wëll kee Kompromëss beim Brexit
Meenung

London: Theresa May wëll kee Kompromëss beim Brexit

Um Sonndeg huet déi britesch Premierministesch Theresa May versprach, hire

Lëtzebuerg als Partner fir dräi Raumfaart-Entreprisen
Meenung

Lëtzebuerg als Partner fir dräi Raumfaart-Entreprisen

Eise Premierminister, den Étienne Schneider, annoncéiert, datt Lëtzebuerg vun dräi

Bescheide Commemoratioun fir de Centenaire vun der Oktoberrevolutioun
Meenung

Bescheide Commemoratioun fir de Centenaire vun der Oktoberrevolutioun

Et ass eng bescheide Commemoratioun, déi haut a Russland dem

Editorial: Gutt gesinn! Mee wat maachen?

Editorial: Gutt gesinn! Mee wat maachen?

Um haidege Méindeg huet de Christoph Bumb (Reporter.lu) sech a sengem Kommentar iwwert de „gratis Journalismus geiergert“, an den traditionelle Medien am Land – zu deenen och hien emol gehéiert huet – eng däitlech Matschold zougeschriwwen. Hien ass awer, wéi mir och, iwwerzeegt, datt et net ze spéit ass, e bezuelte qualitativ héichwäertege Journalismus am Netz ze maachen.

Datt d‘Leit net méi bereet wiere fir Journalismus ze bezuelen, dat géif, esou de Christoph Bumb, dorunner leien, datt et d‘Zeitunge selwer waren, déi dës „Gratis-Mentalitéit“ gefërdert hunn. An der Pionéierzäit vum Internet, hu si d‘Potential vun enger gesellschaftlecher Revolutioun net erkannt, an d‘Lieser dru gewinnt, datt: „online = gratis“. An déi muss een elo vum Géigendeel iwwerzeegen.

An hie schéngt aus eegener Erfarung ze schwätzen, wann hien an sengem Kommentar uféiert, datt d‘Leit, wann se den Artikel deen se am Netz opgeruff hunn, net kënne weiderliesen ouni dofir ee puer Cent sprangen ze loossen. Do géif et dann esou Commentaire wéi dësen: „Ech soll dofir bezuelen? So hutt Dir den A**** op?“. A genee do läit de Problem, wéi iwwerzeegs de esou een?

De Virworf un eis traditionell Verlagshaiser: Si hunn dat wat de Lieser op Pabeier huet misse bezuelen, gratis online gestallt. Dat stëmmt haut esou net méi a vollem Ëmfang, mee stëmmt trotzdeem, a bereet neie Medienentrepreneren – déi sech fir eng reng Internetpresenz entscheet hunn – vill Kappzerbrieches. Och mir kennen dëse Problem, ouni datt sech valabel Léisungen ubidden.

Engersäits dierft „reporter.lu“ grad wéi „moien.lu“ déi selwecht Problemer hunn: engersäits de Lieser fannen an dëse vum Notzen an der Qualitéit vun de Noriichten iwwerzeegen, an anersäits dëse Lieser verständlech maachen, datt déi Informatiounen en „Handelswäert“ hunn. Bei „reporter.lu“ kascht den Abo pro Mount 15 Euro, an dat ass ugesiichts der Offer e realistesche Präis.

Mee och mat dësem „Abo“ brauch et vill Abonnente fir eng qualitativ Aarbecht sécherzestellen. Et bréicht zousätzlech Annonceuren, déi dann och misste bereet sinn, e korrekte Präis fir d‘Reklamm ze bezuelen. Et gesäit een also, esou einfach wéi ee sech dat virgestallt huet ass et net. An och wa mir mëttelfristeg wäerte gezwonge sinn eise Lieser e Beitrag ofzeverlaangen, elo geet et nach net.

Dobäi si mir, grad wéi de Christophe Bumb dovunner iwwerzeegt, gudde Journalismus unzebidden. Eis Redaktioune sinn ähnlech grouss, an den Ament ass et virun allem der Motivatioun vun der Redaktioun an de Korrespondente geschëlt, datt mir dës Aarbecht nach hikréien. Traureg stëmmt eis, datt mir ëmmer méi bekannt am Land ginn, mee dofir vun den Administratioune vergiess ginn.

Während déi traditionell Haiser, wëll se och politesch mat hire Parteien enk verbonne sinn, vun de Ministère fir Campagnen oder soss Aktiounen agebonne ginn, an dofir entspriechend bezuelt ginn (wat absolut richteg ass), ass dat weder fir „reporter.lu“ nach „moien.lu“ de Fall. Gutt nëmmen, datt de Premier sech opgeschriwwen huet: „D‘Zukunft schwätzt lëtzebuergesch“. Wéi laang nach?

Sécher et ass net der Regierung hir Schold, datt et eis nach net méiglech ass, Geld fir eis Noriichten ze verlaangen. Et wier awer net verkéiert, am Land vun de Start-ups en A op déi Entrepreneuren ze halen, déi wierklech eppes riskéieren a mat Häerzblutt hannert hirem „Produit“ stinn. Et ass awer och net dem Lieser seng Schold, datt hien net drop ugewisen ass fir seng Informatioun ze bezuelen.

Wat also maachen? Wéi engen Uspréch gerecht ginn? An dat stellt sech jo ëmmer nees déi alles entscheedend Fro: „wéi e Präis ass gerechtfäerdegt?“. Wann et nach méiglech ass de Lieser esouvill Versteesdemech ofzeréngen, eppes ze bezuelen, da muss ee wëssen, dat den Euro fir all Lieser en ënnerschiddleche Wäert huet. A mir musse wëssen datt jiddereen en Recht op Informatioun huet.

Foto: Et ass haut dank Internet esou vill méi einfach ginn Zougank zur Informatioun ze hunn, mee d‘Reegelen hu sech verännert. D’Gewunneschte vun de Lieser allerdéngs och. Gutt Noriichte gëtt et awer net zum Nulltarif, firwat et eventuell un der Zäit wier d‘leit eppes méi ze sensibiliséieren.

Ähnlech Sujeten gratis Journalismus, Journalismus, Medien, Norrichten, reporter.lu
Nächsten Artikel Virrechten Artikel