Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

tongue
Kenns du d’Jumelagen zu Lëtzebuerg gutt genuch, fir dëse Quiz ze packen?
International LOL Meenung

Kenns du d’Jumelagen zu Lëtzebuerg gutt genuch, fir dëse Quiz ze packen?

Di meescht Stied a vill Uertschaften zu Lëtzebuerg hu Jumelagen

D‘Recommandatioune vum UN-Generalsekretär fir de Schutz vun de Palestinenser
International LOL Meenung

D‘Recommandatioune vum UN-Generalsekretär fir de Schutz vun de Palestinenser

Den UN-Generalsekretär, Antonio Guterres, huet e Freideg véier Recommandatioune presentéiert,

Migratioun: Italien am Clinch mat der EU
International LOL Meenung

Migratioun: Italien am Clinch mat der EU

E Freideg huet Italien säi Wëlle bestätegt et mat der

laughing

Editorial: Wann een awer net méi emol dierf haart nodenken

Editorial: Wann een awer net méi emol dierf haart nodenken

Also et ass elo awer och wierklech net einfach fir de Donald Trump. Déi ganz Welt schéngt dobäi ze sinn, sech géint hien ze verschwieren. Krass! Ëmmerhin ass de Mann mat der doudeger Mutz um Kapp President vum mächtegste Land op der Welt… also esou gëtt jo emol ëmmer behaapt, och wann ech et perséinlech anescht gesinn.

Zäit datt wéinstens een sech erhieft a fir säi Frënd „Partei ergräift“, well esou kann et jo elo awer net virugoen. Gutt, et ass richteg, datt hien dat mam Klimawandel net esou wierklech verstanen huet. Et ass och richteg, datt den US-President der Usiicht ass, hien dierft all Dam ongefrot un de Leif goen. An als Milliardär dierf ee jo awer eppes méi „speziell“ sinn.

Natierlech war et politesch gewot, éischt mat de Saudiaraber ze danzen (mee wat mécht een net alles fir ee milliardeschwéiere Waffenhandel an dréchen Dicher ze kréien) fir uschléissend Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen. Vläicht war et och liicht sexistesch vum Donald Trump ze behaapten, hien hätt méi en „Décken“ wéi de Kim aus Pyongyang.

Ok, och ech muss zouginn dat mäi geckege Frënd aus Amerika, vill verréckt Saache, mécht, seet a schreift. Mee dowéinst ze behaapten hien hätt eng mat der Schank, also wann ech gelift… E Mann deen ëffentlech zougëtt, honnert F52-Fliger u Norwegen verkaf ze hunn (déi gëtt et nëmme bei „Call of Duty“ an dat ass e Videospill) dee sollt als „Verkeefer vum Joer“ gelueft ginn.

Selbstverständlech sinn ech och averstanen, wann et drëms geet sech iwwert dem Donald Trump seng Ausdrocksweis ze beschwéieren. Mee och hei sollt een déi verféckten politesch Korrektheet op der Säit loossen. De Bop war ni, a gëtt och ni dat wat een en „Diplomat“ nennt, hien ass e Geschäftsmann deen et verbal gären emol lafe léisst, so what?

Et ass voll oncool den US-President stänneg wëllen an e Skandal ze verwéckelen. Esou wéi elo grad: hie soll Haiti an aner afrikanesch Länner als „Dreckslach“ bezeechent hunn. Dat allerdéngs am klenge Krees, mee bei de falsche Leit. Well datt hien esou eppes gesot soll hunn, behaapt schliisslech e Senateur vun den Demokraten. Dat eleng erfëllt den Tatbestand vun der Verleumdung.

Also den Donald Trump huet jo zouginn, datt hien haart Wieder benotzt huet. Vun „Dreckslach“ wier esou ni rieds gewiescht, an ech sinn dann och iwwerzeegt, datt mäi Frënd vu Washington do d‘Wourecht seet. An ech ka meng Behaaptung och op Fakte stëtzen: hätt nämlech de Locataire vum Wäissen Haus esou eppes tatsächlech gesot, hätt hien dat virdru getwittert.

Wat den Donald Trump net via Twitter präisgëtt, kann hien „offiziell“ ni behaapt hunn. Et kann sech also an dësem Fall – just ugeholl et wier dem US-President esou ee Wuert wéi „Dreckslach“ aus dem Gesiicht gefall – eenzeg an eleng ëm e Gedanken handelen, deen dem Genie entwutscht ass. A wann een elo awer net méi, nach net emol am klenge Krees, haart dierf nodenken…

Foto: Den US-President ass um Freideg mat „Marine One“ zu sengem Gesondheetscheck an de nationale militäresche Gesondheetszenter zu Bethesda (Maryland) geflunn. Do konnt bestätegt ginn: den Donald Trump ass gesond! Zäit also datt sech nees all Mënsch berouegt… © Saul Loeb/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Gedanken, Rassismus, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel