Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kriss du eng Datz an eiser Prüfung zur Lëtzebuerger Geschicht oder bass de méi schlau wéi de Proff?
International Meenung

Kriss du eng Datz an eiser Prüfung zur Lëtzebuerger Geschicht oder bass de méi schlau wéi de Proff?

D’Geschicht vun eisem Land ass nawell zimlech oniwwersiichtlech a komplex.

Fligeraccident zu Kuba, wat bis elo gewosst ass
International Meenung

Fligeraccident zu Kuba, wat bis elo gewosst ass

Nom Fligeraccident um internationale Fluchhafe José Marti zu Havanna (Kuba),

Neies vum Bichergeck : Eng Virwëtztut fir d’Kanner?
International Meenung

Neies vum Bichergeck : Eng Virwëtztut fir d’Kanner?

Déi grouss Vakanz ass geschwënn eriwwer, d’Schoul geet nees un.

Editorial: Handelskrich oder „net“ Handelskrich, dat ass d‘Fro

E Kommentar

Editorial: Handelskrich oder „net“ Handelskrich, dat ass d‘Fro

Datt dee komesche Milliardär, an elo och nach US-President, eng mat der Dänn huet, dat kann een esou bestätegen. Datt den Donald Trump duerchaus geféierlech ka sinn, huet hie selwer bewisen. Wat him en Handelspartner wäert ass, gëtt d‘Welt elo och nach gewuer. Dobäi hat hie senge Wieler versprach, datt et esouwäit géif kommen.

An et dierf een net vergiessen, datt et och d‘Stëmme vun de Stolaarbechter aus de „Rust belt“ Staate waren, déi dem Trump schlussendlech d‘Victoire abruecht hunn. Deenen ass den US-President eng schëlleg a mat gesënnert Douanestaxen op Stol, Aluminium an Autoen, hält hie säi Verspriechen an. Allerdéngs eent mat ganz ville Niewewierkungen.

Elo kann ee feststellen, datt d‘Freed grouss ass, an déi amerikanesch Stol- an Aluminiumhiersteller d‘Schampesstëpp fléie loossen. Mee dat täuscht, well déi Freed huet kuerz Been. Fir vill vun den ongeféier 150.000 Stolaarbechter gëtt et elo nees Hoffnung op Aarbecht an eventuell eng besser Pai.

Mee doduerch, datt de Stol an den Aluminium elo méi deier ginn, mussen sech déi iwwer sechs Milliounen Aarbechter aus der Industrie Gedanken ëm hire Job maachen. Mat senger topeger Entscheedung, huet den Trump d‘Auto-, Béierdousenhiersteller oder soss Entreprisen déi Metall veraarbechten, ëm hir Kompetitivitéit bruecht.

Elo sinn awer déi Taxen net nëmmen eng riseg innepolitesch Dommheet. Der Aussepolitik kënnt dem Donald Trump seng Entscheedung elo och net wierklech entgéint. Gutt et soll Ausname ginn: Kanada a Mexiko kéinten dës Taxe verhënneren, wa si sech op eng nei Verhandlung vum NAFTA aloossen, an Australien importéiert méi Wuere wéi et der Richtung USA exportéiert.

Dat bedeit, datt den asiateschen an europäesche Wirtschaftsraum am stäerkste betraff wäert sinn. An Europa dierft den ugekënnegten Handelskrich besonnesch an Däitschland fir Kappzerbrieches suergen, ëmmerhi verzeechent eist Nopeschland scho méi laang en enormen Exportiwwerschoss. An den US-President werft den Däitschen och nach vir, net genuch an d‘Verdeedegung ze stiechen.

Elo kann ee novollzéien, datt dem Locataire aus dem Wäissen Haus, alles wat als multilateral Organisatioun dohier kënnt, suspekt ass. Selbstverständlech huet de fréiere Geschäftsmann eng ganz eegen Opfaassung vum Ëmgang mat der Welthandelsorganisatioun (WTO), wann hie sech bewosst net un d‘Reegelen hält. Mee do mengen ech: „De Mann huet de Schoss net héieren“.

A wann esouguer eisen Ausseminister vun Handelskrich schwätzt, well hien eis Industrie doduerch och a Gefor gesäit, da gëtt et héich Zäit vu Solidaritéit ze schwätzen. Dobäi läit d‘Ursaach vun den Iwwercapacitéiten a China, an op China hätt den Trump mat sengen Handelspartner kënnen Drock ausüben. Hien huet dat elo anescht entscheet, an ass iwwerzeegt dëse Krich gewannen ze kënnen.

Ähnlech Sujeten Aluminium, Donald Trump, Europa, Handelskrich, Jean Asselborn, Stol, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel