Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neiséiland: Den Dag duerno
online dating is hard werken dating a cheap married man

best dating app dubai

No den Attentater op zwou Moscheeën zu Christchurch, huet d‘Premierministesch

i'm dating his brother
online dating is hard werken dating a cheap married man

D’Europäer maachen net genuch Kanner, seet de Franziskus

Um Samschdeg huet de Poopst Franziskus déi „dramatesch Sterilitéit“ vun

Ass Waasser um Mound? Kommt mir gi kucken!
online dating is hard werken dating a cheap married man

Ass Waasser um Mound? Kommt mir gi kucken!

Der Regierung hire Spacemining-Projet, deen am leschte Joer leider e

Editorial: Héijer Politik?

Editorial: Héijer Politik?

De Boris Johnson hat et ugekënnegt, senge Wieler a Supporter versprach, an hien ass och net méi dovunner ofzebréngen. Eng Entscheedung déi duerchaus fatal fir d‘Brite ka sinn, mee et wier elo falsch, dem Rotzbouf deem d‘Hausschlëssele gehéieren als eleng Verantwortlech fir alles wat nach komme kann, duerzestellen. Et huet schliisslech sengerzäit mat engem Referendum ugefaangen.

Gutt d‘Argument datt de Boris Johnson an de Nigel Farage mat hiren Unhänger de Referendum mat Ligen a falsche Fakte beaflosst hunn, kann ee gëlle loossen. Anersäits kann een d‘Brexiter net fir déi onendlech Dommheet – an deels Lidderegkeet – vun hire Landsleit zur Verantwortung zéien. Do mussen sech d‘Briten, déi elo virum Parlament soueren, dann awer mat der eegener Nues huelen.

Vergiesse mir an dësem Kontext net, datt et besonnesch déi „Jonk“ waren, deenen de Wee zur Urn beim Referendum vill ze beschwéierlech war. Si hunn et an der Majoritéit virgezunn, statt „Kräizer“ ze maachen, d‘Decken iwwert de Kapp ze zéien an auszeschlofen. Datt si domatter hir Zukunft „verpennt“ an deene falsche Leit d‘Entscheedung iwwerlooss hunn, ass net dem BoJo seng Schold.

Den Austrëtt aus der Unioun steet, an et ass bei alle Konsequenzen déi dat mat sech bréngt, dann awer nees richteg Erfrëschend, engem Politiker géinteniwwer ze stoen, deen een ouni beleidegend ze sinn, duerchaus als Rabbelkapp bezeechne kann, mee Standhaft ass a säi politesche Programm wéi annoncéiert duerchzitt. Et léist sech froen, ob et net zu gudder Lescht hien ass dee Recht huet.

Him virzewerfen et géif géint demokratesch Prinzipie verstouss, kann ee maache mee domatter läit ee falsch. Hie wennt all déi him zur Verfügung stoend Mëttel un – an dat ganz am Kader vun de bestoende Gesetzer – fir seng politesch Decisioun duerch- an ëmzesetzen. Schéin ass dat net an et dierf sech geiergert ginn, mee et sollt een him näischt ënnerstelle wat net de Fakten entsprécht.

Datt et um Enn d‘Briten alleguerte sinn, déi d‘Konsequenzen ze droen hunn, ass dann och richteg. Si hätten d‘Käschten net dierfen an d‘Feier geheien, wou vun Ufank u kloer war datt et kee méi géif gi fir dës dorausser ze huelen. An och Industrie a Wirtschaft, déi sech elo wëlle verfuussen, hunn de Referendum an de Brexit selwer matgedroen. Wéi gesot, de Problem ass net de Boris Johnson…

Nächsten Artikel Virrechten Artikel