Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Hoteller zu Lëtzebuerg si besser wéi ee vläicht mengt
Meenung WTF

D‘Hoteller zu Lëtzebuerg si besser wéi ee vläicht mengt

Den 30. Januar huet den Tourismusminister Lex Delles (DP), an

Eng nei Regierung fir Israel: Ee wichtege Schrëtt, och fir de Fridden
Meenung WTF

Eng nei Regierung fir Israel: Ee wichtege Schrëtt, och fir de Fridden

Een deckt Joer huet et gedauert, bis datt Israel eng

Police leet de Bilan vun der nationaler Motorrad-Campagne vir
Meenung WTF

Police leet de Bilan vun der nationaler Motorrad-Campagne vir

Wéi all Joers, esou huet d‘Police och dës Joer nees

surprise

Editorial: D’Vergaangenheet weist, wéi den Internet eis weider verännere wäert

Editorial: D’Vergaangenheet weist, wéi den Internet eis weider verännere wäert

 

Et huet sech villes verännert säit den Internet do ass. Dat konnt een sech an den 90er, wou deen seng éischt Schrëtt an eiser Gesellschaft gewot huet, nach net esou direkt virstellen. Mee mëttlerweil gëtt et kee Beräich, deen net dovunner beréiert ass. Des Entwécklung nennt ee gären „Digitaliséierung“, och wann dëst och de Wandel vun der Computeriséierung mat abegräift. A wéi des Digitaliséierung eis Gesellschaft verwandele wäert, doriwwer gëtt vill diskutéiert.

Et ass net sou einfach, wéi an d’Kristallkugel ze kucken, fir dës Viraussoen ze maachen. Mee wéi sou oft lount et sech, e Bléck an d’Vergaangenheet ze werfen. Do gesäit een nämlech e puer Beräicher, déi grondleeënd duerch den Internet an d’Digitaliséierung verännert gi sinn. Alle virun steet do d’Ennerhalungswelt.

Sief et elo Literatur, Filmer oder Musek – Si all hunn hir Erfahrung a Verwandlung duerch den Internet erfuere. D’Musek war do villäicht dat éischt „Opfer“, wat duerch e puer Elementer begënschtegt gouf: dem MP3-Format, deen et och de fréien, méi luesen Internetnotzer et méiglech gemaach huet, Lidder erof ze lueden, an déi éischt online Tauschbörsen. Eleng de Numm „Napster“ léisst een nostalgesch ginn. Op Knappdrock konnt een sech innerhalb kuerzer Zäit ganz Cden eroflueden. A wien en CD-Brenner hat, konnt sech souguer eng Audio-CD brennen. Et war praktesch, einfach an huet d’Muséksindustrie komplett op d’Kopp geworf.

Déi hat sech nämlech zimlech zeréckhalend gewisen, wéi dësen digitale Wandel komm ass. Plakkelabels waren ëmmer nach méi um physesche Geschäft interesséiert, an en Ugebuet, wat iwwert den Internet verbreet ginn ass, war bal inexistent. Wéi ee mat Musek online Geld konnt maache war dobäi liicht erauszefannen: En eenzelen Marché, wou alles ze kréien ass – op eenzel Lidder oder ganz Alben – zu engem bëllege Präis a wou alles x-beliebeg erofgeluede ka ginn. Dat ass d’Geheimrezept, fir dat et laang gedauert huet, bis et ëmgesat ginn ass.

Soubal esou eng „Piraterie“ entsteet, muss een sech eigentlech d’Fro stellen, wou de wierkleche Problem läit. Oft genuch war et an der Vergaangenheet esou, datt Inhalter net digital bzw. Online disponibel war. E Film, deen een net am Kino konnt gesinn oder wou d’DVD net méi ze kréie war, gouf eben erofgelueden. A wann den Hiersteller do de Produit net an där Form ugebueden huet, dann huet de Konsument dofir gesuergt, datt en et trotzdeem krut huet.

Et erkläert och d’Popularitéit vu Servicer wéi Netflix a Spotify. Zu all Zäit iwwerall Zougrëff op eng riseg Bibliothéik ze hunn, an dat zu engem niddrege Präis, ass dat, wat eis ganz am Ufank vum Internet versprach ginn ass. Mee et hat, wéi gesot, laang gedauert, bis déi Responsabel realiséiert hunn, datt et net anescht geet. Villäicht ass hei déi wichtegste Lektioun, datt een sech op d’Digitaliséierung richteg aloosse muss, wann een dovunner profitéiere wëll. Dat ass villäicht net einfach, mee lounen deet et sech op alle Fall.

Ähnlech Sujeten Digitaliséierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel