Search

You may also like

40 Cyclisten an hir sportlech Leeschtung um Moien
Meenung Money

40 Cyclisten an hir sportlech Leeschtung um Moien

Fir de Vëlo als alldeeglecht Transportmëttel positiv ervir ze hiewen

surprise
Léisst d’CSV Wahlplakater vun der Konkurrenz zu Käerjeng iwwerpechen?
Meenung Money

Léisst d’CSV Wahlplakater vun der Konkurrenz zu Käerjeng iwwerpechen?

De Wahlkampf ass plazeweis voll am Gaang a gëtt mat

What the Fakt – Den Dag vum, mam a géint de Kaméidi!
Meenung Money

What the Fakt – Den Dag vum, mam a géint de Kaméidi!

Et ass well déi 22. Editioun vum internationalen Noise Awareness

money

Editorial: Joe Kaeser iwwerhëlt no Rekordjoer Verantwortung

Editorial: Joe Kaeser iwwerhëlt no Rekordjoer Verantwortung

De Joe Kaeser, CEO vu Siemens, ass dat wouvunner all Aktionär nëmmen dreeme kann. Bei deem Mann gëtt et alles, ausser „business ass usual“. E Mann dee weess vu wéi enger Hand hie gefiddert gëtt, wiem hie Rechenschaft schëlleg ass. Bei engem Joresgehalt vu wäit iwwer 6 Milliounen Euro sollt dat wuel och esou sinn.

An dee Kärel ass dann och, zumindest aus der Siicht vum Aktionär, de „Goss“ wäert. Am Geschäftsjoer 2016/17 huet hien net manner wéi 6,2 Milliarden Netto-Benefice generéiert. Ok net wierklech hien, zumindest net eleng, et huet och ee puer „Dommer“ gebrauch déi de Profit erschafft hunn. Déi „Domm“ dat sinn an dësem Fall, d‘Aarbechter, a well se esou gutt geschafft hunn, ginn se elo dann och entlooss.

Also ech muss scho soen, ech erfree mech all Dag op e neits iwwert esou vill Sënn fir Verantwortung. Méi wéi 11% netto Rendite d‘Aktien, dat ass krass. Wien wëll do nach Lotto spillen? An eigentlech huet den Joe Kaeser jo och Recht. Deen eenzegen deen him kann un d‘Bee pissen ass dach um Enn de Aktionär.

Esou en Aarbechter stellt sech e puer Deeg mat engem rosene Gesiicht virun d‘Wierk aus deem e gelunn ass (oder geschwënn flitt) an dann ass et Gedoen. Am schlëmmste Fall zerklappt e sech mat der Police oder dem Werkschutz. Keen Aarbechter bei Siemens, nach net emol alleguerten zesummen, hunn esouvill Muecht wéi den Aktionär. An esou en Aktionär dee wëll nëmmen dat bescht… de Goss.

An iwwerhaapt. Wat soll déi ganz Opreegung? Siemens entléisst eppes iwwer 30.000 Mataarbechter weltwäit, dovunner eng 12.000 an „old Germany“. Da schaffe jo awer nach ëmmer iwwer 320.000 Leit beim Konzern. Wat déi e Geld kaschten ass jo de Wahnsinn. A wiem seng Geld verdéngen se? Richteg dem Aktionär säint, dat wat deen sech vum Mond ofgespuert huet, fir dat si dierfe Schaffen.

Beschwéieren ass iwwregens och esou eng Kränkt déi just Aarbechter a Gewerkschaften hunn. Huet ee schonn emol héieren, datt een Aktionär manifestéiert hätt well e Salarié entlooss ginn ass? Also ech nach net. Ouni Aktionäre keng Gesellschaften, ouni Gesellschafte keng Aarbecht. Esou muss een et gesinn. An eenzeg de Profit zielt, dat ass wouer fir den Aktionär an och fir den Aarbechter.

Ech jiddefalls si begeeschtert, datt et der wéi de Joe Kaeser gëtt, déi et versti Verantwortung fir den Aktionär ze iwwerhuelen. Déi wësse wou ee richteg Geld spuere kann, fir dat och muer nach zolidd kann investéiert ginn. Iwwregens, Rekorder erziilt Siemens och bei der Steieroptimiséierung. Hei ass d‘Geld also nach hutt ugeluecht.

Foto: Zwee déi et versti mat Geld ëmzegoen. De Joe Kaeser an den Uli Hoeness. © Sven Hoppe/dpa/AFP

Related topics Joe Kaeser, Siemens
Next post Previous post