Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den SNE an d’CGFP hunn eng kloer Positioun a Fuerderungen zum Stage am Fondamental !
Kultur Meenung Neiegkeeten

Den SNE an d’CGFP hunn eng kloer Positioun a Fuerderungen zum Stage am Fondamental !

Wéi Dir et sécherlech aus der Press erfuer hutt, ass

Dësen Donneschdeg: Jobday vir d’Cloche d’Or!
Kultur Meenung Neiegkeeten

Dësen Donneschdeg: Jobday vir d’Cloche d’Or!

De 7. Mäerz 2019 organiséiert d’ADEM, zesumme mam Reseau EURES

Dank dem Brexit ass d‘EU esou beléift wéi laang net méi
Kultur Meenung Neiegkeeten

Dank dem Brexit ass d‘EU esou beléift wéi laang net méi

Laut der leschter Ëmfro, steet fest: d‘EU ass esou beléift

Editorial: Wann de Josh Madden sech fir den Trump hält

Editorial: Wann de Josh Madden sech fir den Trump hält

Datt den amerikanesche President sech fir dat Gréisst vun der Welt hält, dat muss een zwar net, mee kann ee verstoen. Wann de Manager vun enger Band dësen Usproch och fir sech entdeckt, da gëtt et komplizéiert. De Josh Madden agéiert als Manager vun der Band „Good Charlotte“, déi kierzlech an der Rockhal virun enge ronn 1.500 Fans op Tromm geschloen hunn. Hien ass elo mäin Held…

Net eleng, datt de Josh Madden de Pressefotografen e „Vertrag“ virgeluecht huet – deen hätten si en net ënnerschriwwe wieren se net eragelooss ginn – dee sech op amerikanescht Recht berifft, an ganz kloer erkläert, datt et am Sträitfall e Geriicht zu Los Angeles ass, datt de Fall ze behandelen hätt, nee den Ami wëll sech och de Copyright kropen, an eis Biller als seng verkafen. Geet et nach?

Richteg domm gëtt et dann, wann een eng e-Mail vum Josh erhält, an där hie fuerdert zwee vun de Bandbiller ze läschen, an et do jo och kee Grond brauch. Hien ass de Boss, seng Entscheedung ass Gesetz. An dat ass interessant, well mir war net bekannt, datt wann eng Band aus den USA an engem Concertssall zu Lëtzebuerg optrëtt, dëse fir d‘Dauer vum Concert zum US-Territoire gëtt.

Gutt datt ass och net Fall, a géif et mat der Rockhal e Mëssel, misst sech de Josh Madden och mat engem Geriicht zu Lëtzebuerg offannen. A just fir datt et kloer ass, d‘Rockhal als „Etablissement Public“ huet näischt mat dësem ominéise „Vertrag“ ze dinn, och wa si vun dëser Praxis wëssen. Et muss ee jo net alles ënnerschreiwe wat engem virun d‘Nues geluecht gëtt. An esou ass et och.

E Pabeier awer, dee keng rechtlech Grondlag huet, jo nach net emol d‘Adress vum Vertragspartner enthält, huet virun engem Lëtzebuerger wéineg Chancen ugeholl ze ginn. Mee „klappere“ gehéiert zum Geschäft, an doranner ënnerscheet sech de Josh Madden net méi vu sengem President. Mir sinn Amerika, mir sinn d‘Gesetz. Zumindest esou laang wéi kee Geriicht dat anescht decidéiert.

Ma gutt da Josh Madden, looss mech dir e schéint Lëtzebuerger Spréchwuert widmen: „Déi kléng sinn net do fir déi Grouss am Aarsch ze lecken“. An nach eppes, mir ënnerstinn net engem Zwang – net wirtschaftlech an net politesch – iwwer Gäscht aus dem Ausland ze schreiwen, och wann se wierklech krass Musek maachen. Et ass och net well déi aner matmaachen, et dofir richteg wier.

Ähnlech Sujeten Good Charlotte, Josh Madden, Legislatioun, mddn, Zensur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel