Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Macron attackéiert Putin wéinst Fake-News an LGBT-Verfollegung
Meenung

Macron attackéiert Putin wéinst Fake-News an LGBT-Verfollegung

Et war dat éischt Treffe vum Emmanuel Macron mam Vladimir

Zukünfteg Gestaltung vun Europa am Debat
Meenung

Zukünfteg Gestaltung vun Europa am Debat

Et war an engem briechend vollen Auditorium vun der Universitéit

Polnesch Communautéit zu Lëtzebuerg fuerdert Veto vum Andrzej Duda an
Meenung

Polnesch Communautéit zu Lëtzebuerg fuerdert Veto vum Andrzej Duda an

Pulse of Europe Lëtzebuerg hat um Sonndegowend zu engem Protestpiquet

Editorial: Keng Feierdagsstëmmung ouni eppes Stress

Editorial: Keng Feierdagsstëmmung ouni eppes Stress

Et ass Chrëschtdag, dir wësst schonn, ee vun deenen Deeg wou een op Besënnlechkeet ageschwuer gëtt, ee sech gefällegst an säi feinsten Zwir ze geheien huet, a bei Dësch och emol beweisen dierf, datt een esou eppes wéi Manéieren huet. Fir vill Mënsche wier dat elo scho Stress genuch, mee do ass jo och déi Saach mam schenken. Wien do net virgesuergt huet, dee muss sech duebel stressen.

Wann ee bedenkt, datt jidderee de Stéchdatum kennt, a Chrëschtdag ass net nëmmen all Joers, mee och nach ëmmer zur selwechter Zäit stattfënnt, dann dierf ee sech schonn d‘Fro stellen, firwat een sech do net mat Zäite begannt, alle déi sënnvoll a manner sënnvoll Kaddoen zesummenzedroen. A wat gëtt net alles un „Entschëllegungen“ firwat et engem net gelonge wëll sinn sech virzebereeden.

Gutt, datt kee Mënsch méi Zäit fir iergendeppes huet – et muss ee schaffen, sech an de sozialen Netzwierker zu villem äusseren, an et kënnt esouguer vir, datt ee Famill huet – dat wierkt sech natierlech op d‘Konsumverhalen aus. Alles gëtt op de leschte Stëppel preparéiert, et weess ee jo ganz genee wat e wëll a wat ee braucht. Also, eigentlech weess een dat, oder et sollt een et wëssen.

An awer – et muss ee sech just an der Uewerstad op dësem Méindegmueren ëmgekuckt hunn – lafe vill Leit liicht gestresst de 24. Dezember duerch d‘Geschäfter, treffe spontan Entscheedungen, déi si mat eppes „Ofstand“ esou ni géifen huelen, an hunn es dees Chrëschtdag scho genuch iert et iwwerhaapt lass gaangen ass. Eng Zigar fir de Bop, en Streckeise fir d‘Madamm, en Akafsbong fir d‘Kanner… si keng klassesch Kaddoen, mee de Stress deen d‘Virstellungskraaft beschränkt.

Dofir ass et gutt, datt d‘Mënschheet sech op d‘Maxime gëeenegt huet, datt et de Geste ass deen zielt an – zumindest wann een d‘Rechnung nach huet – bal alles kann ëmgetosch ginn. Wat sech net méi ëmtausche léisst, kann een dann am neie Joer op de bekannte Plattformen zu Geld ëmwandelen. An dofir alt nees d‘Fro: „Firwat dee ganze Stress?“. Ma ganz einfach, mir wëssen et net besser…

Ähnlech Sujeten Chrëschtdag, Famill, Kaddoen, Stress
Nächsten Artikel Virrechten Artikel