Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 26. Juli 2020
Meenung

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 26. Juli 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge

„Fit by nature“ – beim konkreten Naturschutz ka jiddweree hëllefen!
Meenung

„Fit by nature“ – beim konkreten Naturschutz ka jiddweree hëllefen!

Eng vun den Haaptaktivitéite vun natur&ëmwelt ass de Schutz vun

London: Nëmmen eng schänterlech Dot?
Meenung

London: Nëmmen eng schänterlech Dot?

Zwou Frae waren an engem Londoner Nuetsbus iwwerfall ginn, well

Editorial: Keng haseleg Schlëss zéien!

Editorial: Keng haseleg Schlëss zéien!

E Freideg hunn d‘adr an d‘Piraten bekannt ginn, datt si sech an der Chamber zu engem „technesche Grupp“ zesummendinn. Eng interessant Konstellatioun déi fir vill „Gejäiz“ an de soziale Medie gesuergt huet. Dobäi ass d‘Iddi u sech net verkéiert. Mat dëser Partnerschaft, déi am Chamber-Reglement virgesinn ass, verbesseren déi zwou Parteien hir Aarbechtsprozesser a Riednerzäit.

Si sinn quasi eng „Fraktioun“ (d‘adr mat véier, d‘Piraten mat zwee Mandater) an hunn dann och e Fraktiounspresident, dee logescherweis Member vun der „Presidentekonferenz“ ass. Dës Unioun bréngt zudeem och finanziell Virdeeler. Dat wier u sech dann och dat ëm wat am grousse ganze geet: méi Visibilitéit, méi Riednerzäit, méi Finanzmëttel, fir eng gutt politesch Aarbecht.

Et ass, zumindest faktesch betruecht, keng „politesch Hochzäit“. Béid Parteie wäerten och weiderhi keng ideologesch Ofstrécher zu Gonschte vum „Partner“ maachen. Wichteg ass et allerdéngs, datt béid Parteien elo richteg an oprecht informéieren. Net vill Leit aus béide politesche Lager dierften d‘Virdeeler vun engem technesche Grupp verstoen, an dorops mussen se uecht doen.

Am Ëmfeld – an deels och intern – vun de Piraten ass riets vun: „et sollt een déi réckwärtsgewannten Iddie vun der ADR net an d’Parlament verhëllefen an dofir d’Piraten wielen“ mee och vun: „No deem Walkampf an dëser Aktioun brauch d’Partei elo dréngend e Reboot an erëm kloer Linnen“. Dat gëtt den 2 Deputéierte vun de Piraten net gerecht, déi hei Wäitsiicht bewisen hunn.

Et ka méi geleescht ginn, an egal wéi een elo géintiwwer der adr opgestallt ass, béid „Chamber-Novizen“ verléieren – aus Manktem un Erfarung – keng Zäit sech am politeschen Alldag vum Krautmaart erëmzefannen. Villes dierft hinne méi liicht vun der Hand goen, an do ass et kloer datt d‘Partei an d‘Memberen, mee och a virun allem hir Wieler, d‘Notznéisser um Enn sinn.

Natierlech mussen se uecht doen, an sech net „iwwerrennen“, oder schlëmmer, „assimiléieren“ ze loossen. Eng Aufgab déi den zwee jonken Deputéierten awer net dierft schwéier falen. Si hunn sech eng kloer politesch Linn ginn, si clever genuch déi eege Grenzen net ze iwwerschreiden, awer déi Mëttel auszeschëpfen déi hinnen d‘Chambersreglement ubitt. Loosse mer emol kucke wat kënnt…

Foto: © Martine de Lagardère (Montage Shari Pleimelding)

Ähnlech Sujeten adr, Chamber, Fraktioun, Krautmaart, Pirten, Presidentekonferenz, technesche Grupp
Nächsten Artikel Virrechten Artikel