Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

250.000 Villercher kënnen esou d’Liewe gerett kréien
International Meenung Neiegkeeten

250.000 Villercher kënnen esou d’Liewe gerett kréien

Den Asaz vu Glas ass hautdesdaags esou villfälteg, datt et

ADRIɅN – ee Soloprojet mat Häerz
International Meenung Neiegkeeten

ADRIɅN – ee Soloprojet mat Häerz

Wann et ëm Musek geet huet och ee klengt Land

MSF besuergt iwwert d’Zukunft vun de Rohingyas
International Meenung Neiegkeeten

MSF besuergt iwwert d’Zukunft vun de Rohingyas

Laut Studie vu Médecins sans Frontières (MSF) sollen am Myanmar

Editorial: Youth for Climate – Méi Eegeninitiativ fir de Klima!

Editorial: Youth for Climate – Méi Eegeninitiativ fir de Klima!

Déi schwedesch Klima-Aktivitstin Greta Thunberg ass d’Virbild vun der globaler Jugend. Och si gi mëttlerweil op d’Strooss fir een Ëmdenke bei der Ëmweltpolitik ze erzwéngen. Och jonk Lëtzebuerger wäerte muer um 12 Auer um Glacis hiren Deel dozou bäidroen.

Ënnert dem Motto #FridaysForFuture demonstréiere Schüler a jonk Erwuessener an Europa scho säit Woche fir de Klimaschutz. Et ass d’Zukunft vun der jonker Generatioun, déi duerch d’Schicksal vum Klima ofhängeg ass. Op jorelaang Verhandlunge vun der politescher Säit wëllen si net méi waarden – et muss ELO gehandelt ginn. Schliisslech ass d’Äerderwiermung an d’Ëmwelt näischt, wat sech un een Delai hält.

D’Manifestatioune vu Youth For Climate stinn dobäi virun allem bei der Educatioun ënnert engem schlechte Liicht. D’Schüler schwänze reegelméisseg d’Coursen a setzen sech fir eise Planéit an. Ëmmer erëm kréien d’Klimaschützer ze héieren „Kanner, gitt dach an d’Schoul“, mee dobäi kënnt näischt vun näischt. Natierlech handelt déi eelerer Generatioun an dësem Beräich méi gläichgülteg, vu que datt – sou krass et och kléngt – si déi drastesch Folge vum Klimawandel souwisou net méi materliewen.

Klima

© Leonhard Lenz

D’Feeler vun de Virgänger muss d’Jugend vun haut spéider ausbueden. An esou ass et ëmsou méi bewonnerenswäert, datt si duerch d’Schoulschwänzen esou ee kloert Zeeche fir d’Ëmwelt setzen. Natierlech sinn dorënner och déi Schüler, déi d’Protester just notzen, fir um Freideg doheem bleiwen ze kënnen. Allerdéngs gesäit et beim Gros anescht aus, wéi een et um Beispill vu Bréissel, Éisträich, Polen an der Schwäiz scho materliewe konnt.

Mir hu keen zweete Planéit fir ze liewen, an – esou huet et och schonn d’Ministesch Carole Dieschbourg widderholl – gëtt et op engem doudege Planéit och keng Aarbecht. Wann et an e puer Joer ze waarm ass fir ze léieren ass, Stied ënner Waasser stinn an zuelräich Déieren- a Planzenaarten ausgestuerwe sinn, da sinn déi puer Feelstonnen dach egal, oder net?

Déi 16 Joer jonk Klima-Aktivistin Greta Thunberg hätt sech sécherlech och een Dag vum Weekend fir d’Manifestatiounen aussiche kënnen. Dëst hätt awer keng esou staark Wierkungen der Gesellschaft erzielt, wat leider wierklech déi batter Realitéit ass. An do muss ee sech mëttlerweil am Widdersproch positionéieren: Schwänzen a Streiken oder géint d’Fuerderunge fir ee bessere Klima sinn?

klima

Klimastreik zu Berlin © Leonhard Lenz

Phenomen Thunberg

Anscheinend brauch d’Politik ee jonkt Meedchen aus Stockholm mat Trëtzen, fir emol gesot ze kréien, wat fir Päifen si sinn. Viru ronn 10 Joer huet d’Meedche mam Asperger-Syndrom fir d’éischt vum Klimawandel héieren a war schockéiert iwwert d’Gläichgëltegkeet vum Mënsch. Am vergaangene Joer ass d’Greta dunn eleng mat engem Schëld mat der Opschrëft „Schoulstreik fir de Klima“ all Freideg virun dat schwedescht Parlament protestéiere gaangen.

Mëttlerweil ass hatt d’Virbild fir Millioune Leit weltwäit, woubäi de Groussdeel dem jonke Meedche sengem Opruff nogeet. Et gëtt ëmmer gesot, datt ee Mënsch eleng näischt bewierke kann. Wéi een awer mierkt ass dat duerchaus méiglech. D’Greta Thunberg huet sech, trotz hefteger Kritik, duerchgesat an eng fuerdernd a staark Communautéit opgebaut, déi steteg wiisst.

Heibäi gëllt d’Devise: wann d’Bevëlkerung sech zur Wier setzt, muss och d’Politik nozéien! An esou denken ech perséinlech, datt een d’Freides-Protester ënnerstëtze soll, fir datt endlech Beweegung opkënnt. D’Klimaziler säitens der Politik sti fest, mee et feelt nach ëmmer u klore Moossnamen, wouduerch d’Aktioun scheitere wäert.

klima

Bis zu 8000 Schüler hunn eleng zu Paräis fir de Klimaschutz protestéiert. © Elsa Palito / Greenpeace

Déi éiergäizeg Entscheedungen – Pläng kann een et schliisslech net nennen, wëll nu emol d’Konzept einfach feelt – solle bis 2030 realiséiert ginn. Dobäi sollen d’Zäregasemissiounen op mannst ëm 40% verréngert an erneierbar Energiedréier op mindestens 27% eropgeschrauft ginn. Dofir sinn 38 Milliarden Euro virgesinn. Mee wien seet dann, datt et an 11 Joer net schonn ze spéit ass?

Brauche mir net vläicht méi strikt Zieler, mat däitleche Moossnamen? Brauche mir net vläicht den Éiergäiz vun alle Bierger fir un de Protester deelzehuelen an eppes ze beweegen? Brauche mir vläicht fir de Klima- an Ëmweltschutz guer keng Politik, mee een eegene Wëllen, staark Eegeninitiativen an ee globaalt Ëmdenken? Schliisslech si mir, d’Vollek, d’Stëmm, an et ass un jiddwerengem vun eis, eppes ze änneren!

Opmaacherbild: © Gordon Welters / Greenpeace

Ähnlech Sujeten #FridaysForFuture, Äerderwiermung, Editorial, Ëmwelt- a Klimapolitik, Greta Thunberg, Manifestatioun, Youth for Climate
Nächsten Artikel Virrechten Artikel