Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Kommissioun: Trounwiessel zu Bréissel verzögert sech nach eppes…
International Meenung Neiegkeeten

EU-Kommissioun: Trounwiessel zu Bréissel verzögert sech nach eppes…

Bis zum Amtsuntrëtt vun neier EU-Kommissioun wäert et sech nach

200 Joer Karl Marx: Amplaz ze feieren, gëtt sech gestridden
International Meenung Neiegkeeten

200 Joer Karl Marx: Amplaz ze feieren, gëtt sech gestridden

Däitschland gesäit sech als Land vun de Dichter an Denker,

Och Wierder kënne wéidoen!
International Meenung Neiegkeeten

Och Wierder kënne wéidoen!

Haislech Gewalt huet vill Gesiichter. Et ass net nëmme Gewalttätegkeet an

Editorial: Dem Ursula Von der Leyen seng Krisekommissioun

Editorial: Dem Ursula Von der Leyen seng Krisekommissioun

No honnert Deeg am Amt: d‘Ofwécklung vum Brexit, de Coronavirus Covid19 an eng onerwaarte Flüchtlingskris; keng Eenegung beim Budget an och de Green Deal mam Klimagesetz hunn zolidd den Houscht. Dat alles an nach vill méi kann ouni Zesummenhalt net gemeeschtert ginn.

D‘EU-Kommissioun ass an de Krisemodus iwwergaangen. Wéinst dem Coronavirus dreet Europa eng wirtschaftlech Rezessioun, de Sträit mat der Tierkei an déi begleedent Flüchtlingskris, dann d‘Verhandlunge mat de Britten iwwert déi zukünfteg Wirtschaftsbezéiungen. Näischt dovunner ass einfach an alles bedreet d‘Unioun. Kann d‘Cheffin déi Problemer mat de 26 Kommissäre léisen?

Et heescht sech elo bewären an d‘Kommissäre rennen an Gruppen uechtert d‘Géigend: zu hirer 5 an de Krisenzenter vum europäeschen Zivilschutz fir „Mobiliséierung“ géit de Coronavirus ze demonstréieren. Zu 3 fir unzekënnegen, datt sech elo de wirtschaftleche Folge vun der Pandemie ze studéieren. Zu 4 fléien se un déi tierkesch Grenz a loossen sech de Grenzschutz erklären…

An der éischter Rei: d‘Ursula vun der Leyen. D‘EU-Kommissiounspresidentin leeft Gefor, datt hie gutt gemengten Ukënnegunge falsch verstane ginn. Motivatioun huet wéineg mat Aktivismus ze dinn, Vollgas näischt mat geziiltem Virgoen… Mee genee dat ass et wat sech 450 Milliounen EU-Bierger vun der Erwaarden. Mee och d‘EU-Kommissioun ass nëmmen esou Staark wéi d‘Unioun.

Unioun, dat laut Definitioun och „Zesummenhalt“ bedeit, heescht datt ee seng Kräfte vereenegt fir Krisesituatiounen zesummen ze iwwerwannen. Wéi awer soll dat goen, wa 27 Staats- a Regierungscheffen sech virrangeg um eegenen Ego an de Gonscht vun de Wieler orientéieren? Guer net, an dat ass déi eigentlech Gefor fir de Projet Europa an d‘Bierger an dësem Staatebond.

Esou am Fall vun de Flüchtlingen: Europa huet sech géintiwwer der Tierkei erpressbar gemaach, dat mat engem Flüchtlingspakt dee sengerzäit eestëmmeg ugeholl gouf. Elo dreift de Sultan dës Migranten/Flüchtlingen iwwer d‘Grenze vun der EU. No enger Woch hunn eng Handvoll Länner sech bereet erkläert, bei onbegleete Mannerjäregen „eng Ausnam“ ze maachen an se opzehuelen.

Mee och bei méi konventionellem wéi dem EU-Budget leeft et net ronn. Et geet drëms sech seng „Avantagen“ ze sécheren an den eegene Staatshaushalt net ze haart ze belaaschten. Deen huet dann och nach en direkten Impakt op de Green Deal, dëse Projet deen déi europäesch Unioun an eng klimaneutral Zukunft féiere soll. Woubäi Länner annoncéiert hunn d‘Ziler net anhalen ze kënnen.

An dëser Kris muss sech elo weisen, ob d‘EU-Kommissioun déi Aufgaben iwwerhuele kann, déi hir vun de Verträg virgeschriwwe ginn: handelen am Gesamtinteressi vun Europa. D‘Ursula von der Leyen muss elo „integréieren“, manner am Fokus stoen an dofir méi am Hannergrond déi Viraussetzunge schafen, déi ëmsetzungsfäeg Kompromësser méiglech mécht. Mee ka si dat och?

Ähnlech Sujeten Coronavirus, EU-Budget, EU-Kommissioun, EU-Kommissiounspresidentin, Flüchtlingskris, Flüchtlingspakt, Krisekommissioun, Ursula von der Leyen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel