Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Walt Disney keeft virun 6 Joer Star Wars op
Meenung

What the Fakt – Walt Disney keeft virun 6 Joer Star Wars op

Fans vum Yoda, R2-D2 an Chewbacca konnten 2012 deck feieren.

De Weste muss beim Thema Toleranz mat guddem Beispill vir goen
Meenung

De Weste muss beim Thema Toleranz mat guddem Beispill vir goen

Datt et op der Welt nach vill Plaze ginn –

Am Kampf géint HIV: Lëtzebuerg als éischte Partner beim weltwäite Fong
Meenung

Am Kampf géint HIV: Lëtzebuerg als éischte Partner beim weltwäite Fong

D’Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheete Paulette Lenert huet leschten

Editorial: Keng Léift, déi iwwert alles geet

Editorial: Keng Léift, déi iwwert alles geet

Op säi Land houfreg ze sinn ass kee Feeler. Mee et ass wéi bei ville Saachen: Et ass d’Dosis, déi et mécht. Op Nationalfeierdag säi Land ze feieren ass wuel eng grondleeënd Manifestatioun. Seng Mannschaft am Sport ze ënnerstëtzen, wuel och. De Problem kënnt dann, wann ee säi Land fir dat bescht – a virun allem – méi wichteg wéi déi aner hält.

An Europa, wéi och uechtert d’Welt, gouf sech net wéineg iwwert dem Trump säin „America First“ ameséiert. Net nëmmen ass et eng staark illusoresch an isolationistesch Tendenz, si zitt och komplett un der Realitéit laanscht. Eppes, wat sech am Ofschid zu de Paräiser Accorden manifestéiert huet. An zu deem herrlech dadaistesch lächerlechem Sproch „Ech sinn de President vun de Bierger vu Pittsburgh, net Paräis” gefouert huet. Wou géint sech de Pittsburger Buergermeeschter wiert, profitéierte en dach vum Öko-Boom. Mee dat nëmme sou niewebäi erwähnt.

Dësen Egozentrismus hu weder den Trump nach d’USA patentéiert. En ass och hei ze fannen, an enger total iwwerzunnener Versteigerung an d’Landesprooch Lëtzebuergesch, där hiert Ausstierwen dauernd um Horizont vermutt gëtt. Se awer a Realitéit bei wäitem net ass. Et ass nëmmen e Symptom, eng Igel-Taktik, vir sech virun „deenen do baussen“ ze schützen. Op déi do baussen engem tatsächlech eppes Schlechtes wëllen, ass do onwichteg.

Doduercher erkläert sech och vill Haass op d’EU. Wat am Fall vu Lëtzebuerg relativ absurd ass. Ëmmerhin war eist Ländchen un der Grondsteeleeung vun dëser Institutioun bedeelegt. A mir spillen eng disproportionell grouss Roll. Dat sinn eigentlech Qualitéiten, op déi mer houfreg op eist Land kënne sinn. An dach héiert een se ëmmer erëm, op den digitalen a realen Stammdëscher, déi no enger Ofschafung vun der EU jäizen.

Dobäi ginn et esou vill flott Méiglechkeeten, säi Land ze éieren. Seng Konscht a Kultur ze genéissen, zum Beispill. Am beschten mat aneren. An dobäi ni ze vergiessen, iwwert den Tellerrand ze kucken.

Ähnlech Sujeten Editorial, EU, Lëtzebuerg, Patriotismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel