Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kenns du d’Sauer gutt genuch, fir op mannst 10 Froe richteg ze beäntweren?
Meenung

Kenns du d’Sauer gutt genuch, fir op mannst 10 Froe richteg ze beäntweren?

D’Sauer gehéiert zu eisen Haaptwaasserleef. Mee wéi gutt kenns du

De PLZNR ee tschechesche Béier aus Lëtzebuerg
Meenung

De PLZNR ee tschechesche Béier aus Lëtzebuerg

Ënnert der Bezeechnung „PLZNR“ huet d‘Brauerei „Bare Brewing“ e Pils

Däitschland: Zoff tëscht de konservative Schwësterparteien
Meenung

Däitschland: Zoff tëscht de konservative Schwësterparteien

Zrécktrieden oder bleiwen? Tëscht dem däitschen Inneminister Horst Seehofer (CSU)

Editorial: Lëtzebuerg besuergt sech säi Graas bei kanadeschem Dealer

Editorial: Lëtzebuerg besuergt sech säi Graas bei kanadeschem Dealer

Wéi ech gëschter Owend vun der Famill aus Kanada eng SMS geschéckt kritt hunn, an där ech gewuer gi sinn, datt ee vun de gréisste kanadesche Cannabis-Produzenten (Aurora) erkläert huet, datt sech déi Lëtzebuerger Regierung, fir si als „Fournisseur“ vum medezinesche Cannabis entscheet huet, konnt ech nach just de Kapp rëselen, an duecht mer, déi si bekifft…

Et geet hei reng ëm den Approvisionnement vum medezinesche Cannabis, deem den THC entzunn an den CBD gelooss gëtt. Et ass jo och net virgesinn datt e Patient – et solle just doudkranker dat Kraut erhalen – an de siwenten Himmel soll entfouert ginn, deem begéint hien nach séier genuch. Parallel dozou, soll et fir de rekreative Cannabis zu engem legale Kader kommen.

Sou dat einfach emol esou an de Raum gestallt, erginn sech eng Rei Froen. An esou leet et mer deet der neier Regierung hei op de Sak ze goen: Geet et nach mam Geliits? Mir hunn eng Universitéit an och soss mat Sécherheet Leit déi sech auskennen, firwat der Däiwel kafe mir elo dat Kraut bei de Kanadier? Géif et eventuell ze bëlleg, oder wëll een eis wäissmaachen, dat wier déi bëlleg Léisung?

A wéi verhält sech duerno, wann dann de rekreative Cannabis och „legaliséiert“ gëtt? Bedénge mir eis dann och beim kanadeschen Dealer? An där Froen hätt ech nach masseg. Ech ginn an dësem Kontext ze bedenken, datt et jo awer d‘Regierung ass, déi et ëmmer nees op de Punkt bréngt: kaaft regional an „bio“, wéinst der Ëmwelt… Abee gutt dann.

Hei geet och net spezifesch drëms, datt ech „Aurora“ de Business net gënnen. Et hätt een hinne jo kënnen ubidden, sech e Standbeen zu Lëtzebuerg opzebauen, wann et sollt argumentéiert ginn, datt déi Entreprise iwwert déi noutwenneg Saachkenntnis verfüügt. Vläicht ass et dann awer esou, datt eng Cannabisplantage net an de Programm vum qualitative Wuesstem passt.

Wéi och ëmmer. Wann een eppes selwer kann an d‘Hand huele sollt een dat och maachen. Hei kéinten zudeem Aarbechtsplaze geschafe ginn, vun deene Mënsche mat wéineg Qualifikatioun gutt kéinte profitéieren. Et wier esouguer méiglech dës Aktivitéit am Kontext vun der „solidarescher Ekonomie“ ze entwéckelen. Mee bon, et mécht bestëmmt manner Aarbecht einfach anzekafen.

Ähnlech Sujeten Aurora, Cannabis, Dealer, Kanada, Lëtzebuerg, Medezin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel