Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Raiffeisen-Bank: mat sech an der Welt zefridden
Meenung

Raiffeisen-Bank: mat sech an der Welt zefridden

Déi kooperativ Bank Raiffeisen ass wuel kee Ris op der

Plastikstuten ofschafen: elo!
Meenung

Plastikstuten ofschafen: elo!

Datt Plastik net nëmmen d‘Ëmwelt verschandelt, mee mëttlerweil och d‘Gesondheet

Google Datenzenter: Näischt Genaues weess een net, mee et kann ee jo emol unhuelen…
Meenung

Google Datenzenter: Näischt Genaues weess een net, mee et kann ee jo emol unhuelen…

Dat mam „intelligente“ Wirtschaftswuesstem musse mir eis zu Lëtzebuerg nach

Editorial: Gutt, datt mir zu Lëtzebuerg keng aner Suergen hunn

Editorial: Gutt, datt mir zu Lëtzebuerg keng aner Suergen hunn

Um Dënschdeg huet de Premierminister Xavier Bettel mat engem „freudianesche Verspriecher“ ongewollt ee Shitstorm an de soziale Medien entfacht. Hien huet dach tatsächlech d‘Virnimm vun den Helminger Bridder vertosch, an deen ee fir e Präis gelueft deen den aneren erhalen huet.

Gutt, wat emol via Twitter seng Rees ugetratt huet, datt häls de net méi op, an et ass komm wéi huet misse kommen. Selbstverständlech streit all Mënsch of, datt et hei eng Zesummenhang mat de bevirstoende Chamberwahle gëtt. Dat gesinn ech naturgeméiss anescht, och wann een Argument ugefouert ginn ass, dat ech deelen. Kulturminister ass e „Vollzäit-Job“.

Dovunner dann awer emol ofgesinn, an bei allem Respekt virun der fräier Meenung (Facebook), hei mat Kanounen op Spatzen ze schéissen, ass eng verhältnesméisseg onnéideg Übung, déi vill Leit sech hätte schenken dierfen. A besonnesch bei de Kollegen aus de Medien, hätt ech mer eppes méi Zréckhaltung erwaart. Mee wat ass een net alles bereet ze maache vir „Mainstream“ ze sinn.

Gläichzäiteg erfreet et mech, datt mir aktuell soss net vill um Premier- a Kulturminister Xavier Bettel auszesetzen hunn. Gutt och datt emol nees vun de Problemer am Logement ofgelenkt gëtt, sech eng Paus am Dossier ArcelorMittal gegënnt gëtt. Mee vläicht läit et jo nëmmen dorunner, datt d‘Parteien en faire Wahlkampf wëllen, an esou aus der zweeter Rei mat Tomate geworf muss ginn.

Wat och ëmmer d‘Beweeggrënn kënne gewiescht sinn esouvill Pabeier ze schwäerzen – a jiddereen huet och dat gutt Recht sech hei a Kritik ze üben – eppes stéiert mech gewalteg. Déi meescht vun de Kollegen déi sech hei iwwert de „faux pas“ vum Premier geäussert hunn, an dobäi ganz besonnesch op d‘Gebridder Helminger agaangen, sinn hu selwer éischter kee Buch vum Nico Helminger gelies.

Déi meescht waren nach net emol beim Servais-Präis derbäi, a si keng „Kultur-Journalisten“. Ech wëll domatter schlicht an ergräifend soen, datt och si Internet beméit hätten, fir „kal“ en Artikel ze schreiwen. A wann de Nico Helminger bedauert, datt wann ee sech géif fir lëtzebuergesch Literatur interesséieren, géif engem esou e Feeler net ënnerlafen, da misst och hien sech Froe stellen.

Ech sinn ganz éierlech a gestinn, datt mech seng Bicher net déi Boun interesséieren. Dat heescht net datt se sollte schlecht sinn, mee ech gehéieren definitiv net zu sengem Zilpublikum. A wéi ausgesäit och eise Premier net. „So what?“ erlaben ech mer unzehänken. An och dee vum Nico Helminger zitéierte „Nation Branding“, ass beschtefalls „Marketing“ an huet mat Kultur wéineg ze dinn.

Ech gesinn am opgräife vun engem „ze schnell geschriwwenen Tweet“ politesch gesteiert Absichten déi net gutt zu Gesiicht stinn. De Premier huet sech „en bonne et due forme“ entschëllegt, an dat sollt ee consideréieren. Stänneg gëtt gefuerdert, datt een och emol sollt dierfen e Feeler maachen ouni der direkt laanscht Baken ze kréien. Ma wat e fir sech fuerdert, sollt een aneren zougestoen.

An dat mir eis hei gutt verstinn, meng Stëmm kritt de Premier bei de Wahle sécher net, ech sinn Escher, geet also souwisou net. Datt et Muenches gëtt, wat mer un der Koalitioun net gefält, dofir dierf ech den Editorial schreiwen. Do ass et meng Meenung, an och déi versichen ech Konstruktiv ze halen. Wat hei aus engem Tweet gemaach ginn ass, war just „pour amuser la galerie“, Punkt!

Foto: De Premierminister beim Nationalkongress vun der Demokratescher Partei. Hien huet sech an engem Tweet „verdoen“ a kritt d‘Rechnung um Fouss presentéiert. Mee ass dat ganzt déi Opreegung wäert? Do gëtt et vill aner „Tweets“ vu Lëtzebuerger Politiker, déi eng wiesentlech gréisser Opmierksamkeet verdéngt hätten. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Kulturministère, Nico Helminger, Shitstorm, Tweet, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel