Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Recht hunn a Recht kréien
Kultur Meenung

Recht hunn a Recht kréien

Um Dënschdeg a Mëttwoch war eng Lëtzebuerger Delegatioun bei der

D‘Eisebunn erkennt Opportunitéiten am Logement
Kultur Meenung

D‘Eisebunn erkennt Opportunitéiten am Logement

Op et engem gefält oder och net, d‘Eisebunn (CFL) verfüügt

Saudiarabien mat verbalem Ugrëff op den Iran
Kultur Meenung

Saudiarabien mat verbalem Ugrëff op den Iran

Um Sonndeg huet Saudiarabien den Iran gewarnt, datt een net

Editorial: Literaresch Rebellioun

Editorial: Literaresch Rebellioun

Si souzen deels um Bueden. Hu virgelies an de Publikum huet hinnen nogelauschtert. Deen een oder aneren hat eng Coupe Schampes, wéi sech dat hei gehéiert. Fir d’Literatur uerdentlech appreciéieren ze kënnen.

Et war e klenge Liichtbléck an enger Literaturzeen, déi oft ze wënschen iwwreg léisst. D’Schrëftsteller haten sech zesumme gedoen, fir der Librairie Alinéa ënnert den Aarm ze gräifen. Déi stoung ee moment laang kuerz virum Enn. A wéi dat publik gi war, si vill Stëmmen haart ginn. Net nëmmen an de Kommentar-Sektiounen. Och Journalisten hunn dem Buttéck de Réck gestäipt. An et huet een sech scho selwer dobäi ertappt, datt een en Ëmwee gaangen ass, fir nach emol dohinner ze kommen.

Ween e bëssche méi zynesch wéi ech ass, kéint behaapten, datt et eng gelonge Marketing-Aktioun vum Här Donnersbach, dem Besëtzer vum Alinea, war. Falsch ass dat net, mee et verpasst a mengen An de Kärpunkt: Datt d’Kultugutt Buch oft vernoléissegt gëtt.

Jo, d’Buch ass och eng Wuer. Dat wëssen d’Bichergeschäfter nëmmen all ze gutt. Vun eppes mussen se jo och liewen. An d’Iwwerliewen ass mi schwéier ginn: Manner Lieser insgesamt, a méi Klienten déi iwwert den Internet akafen. Do kämpft een em all verkraafte Buch.

De Problem ass awer net reng ökonomesch ze gesinn. De kulturellen Objet Buch, dorënner dann och d’Lëtzebuergesch Literatur, muss méi gestäerkt ginn. Dëst bedeit net nëmmen eng Opmierksamkeet säitens der Press, mee och der Edukatioun an eng stäerker Zesummenaarbecht tëscht Librairien, Bicherbutteker an Auteuren.

Wa Liesungen nëmmen an Ausnamefäll gutt besicht ginn, wa jonk Auteuren et schwéier hunn, sech Opmierksamkeet ze erkämpfen an d’Verleeg ze vill Mëttelmooss publizéieren, gëtt den eegene Marché domadder futti gemaach. An dat hëlleft dem ganze Beräich net weider. Oft genuch hunn d’Leit d’Impressioun, d’Luxembourgensia wier eng mannerwäerteg Literatur.

Mee et schéngt sech eppes ze änneren. Buchblogs etabléieren sech zu Lëtzebuerg, d‘Auteuren dinn sech a Facebookgruppen zesummen. A setzen sech och fir déi lokal Zeen an. Hoffe mer, datt et méi oft virkënnt, mee zu méi erfreelechen Occasiounen. An hoffe mer, datt dësen literareschen Aktionismus, des kleng Rebellioun, den Ufank vun eppes gréisserem ass.

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Literatur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel