Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

secret
Europa „not amused“ iwwert Trump Besuch
Meenung

Europa „not amused“ iwwert Trump Besuch

Et war net dee wäermsten Empfang, deen den Trump zu

Stad Lëtzebuerg: Sech den Erausfuerderunge vum Fundamentalunterrecht stellen!
Meenung

Stad Lëtzebuerg: Sech den Erausfuerderunge vum Fundamentalunterrecht stellen!

Déi nächst Woch gëtt am Stater Gemengerot d‘Organisatioun vum Fundamentalunterrecht

Xi Jinping: „Eenzeg de Sozialismus ka China retten“
Meenung

Xi Jinping: „Eenzeg de Sozialismus ka China retten“

Nëmmen e puer Deeg nodeems de chinesesche President erëmgewielt ginn

Editorial: Macron a Bettel, et géif een hinnen hir gutt Absichten esou gäre gleewen

Editorial: Macron a Bettel, et géif een hinnen hir gutt Absichten esou gäre gleewen

Um Donneschdeg war de franséische President Emmanuel Macron den Invité vum Premier Xavier Bettel (DP). E Rendez-vous dee vu laanger Hand geplangt war, an sech an de Kontext vun der EU hirem „Biergerdialog“ agefüügt huet. Fir eise „Premier“ deen och Spëtzekandidat vun der DP bei de bevirstoende Chamberwahlen, de „perfekten Timing“.

Et ass dann och de Fait, datt vehement behaapt ginn ass, datt den Emmanuel Macron net op Lëtzebuerg komm wier, fir sech an d‘Wahlen anzemëschen, deen engem sollt ze denke ginn. Hei gëtt bestridden, obwuel et Evident ass, datt et och e Meeting gewiescht ass, deen natierlech an de Käpp vun de Bierger hänke bleift an „eng gutt Reklamm“ fir de politesche Kandidat vun der DP ass.

Gutt, et gëtt eng Rei Punkte bei deenen d‘Meenunge vu béide Staatsmänner auserneeginn, mee de Kader an deem dës „affichéiert“ ginn, léisst vill Spillraum fir Interpretatiounen. Och d‘Tatsaach, datt sech ëmmer nees drop behaapt gëtt, datt d‘Bierger hir Froen ongefiltert de Politiker entgéint hale kënnen, muss engem als Journalist ze denke ginn. Et sinn jo net d‘Froen, déi „gefiltert“ ginn.

Un esou engem „Biergerdialog“ deelzehuelen, ass esou einfach net. Et muss ee sech umellen, vill Froe beäntwerten, an dann „zougelooss“ ginn. An esou gäre wéi een dem Organisateur gleewe wëll datt et eng Prozedur ass, déi sech aus Sécherheets- a Plazgrënn ergëtt, hien entscheet um Enn, wien oder wien eben net, un dësem Meeting kann oder dierf deelhuelen.

Dofir war et erfreelech festzestellen, datt an der gutt gefëllter Philharmonie, e representative Mix vun eiser Gesellschaft ze gesi war. Vu Studente bis hunn zu Pensionären, opbruechten Dammen a Migranten, déi esou hir „Schwieregkeete“ mat der liberaler Welt an de Politik vu béiden Hären hunn. Mee d‘Froen si bliwwen, esou richteg der „Saach vertrauen“ wollt sech net astellen.

Et war dann awer eng grouss Show, déi den Emmanuel Macron an de Xavier Bettel dem Vollek gebueden hunn. Vill Sujeten déi Europa „splécken“ sinn ugeschwat, an och Léisungsvirschléi huet et ginn. An alle Béid vertrieden se d‘Usiicht, datt wann Europa net zu 28 Virkënnt, een de Krees muss méi kleng maachen. Dat géif dann allerdéngs bedeiten, datt de Modell EU gescheitert ass.

Jo Europa ass net perfekt, an dat kann een vun dëser Institutioun och net erwaarden. Wirtschaftlech besteet vill Zesummenhalt, an d‘EU ass (nach) ëmmer e Grant fir de Fridden. Mee och hei gëtt et schonn zolidd Schréipsen, wat net eleng um oppenen Nationalismus vu Europadeputéierte geleeën ass, mee virun allem dem gesellschaftleche „Riets-Ruck“ a vill Länner geschëlt ass.

Et ass vill iwwer Geld a Produktivitéit geschwat ginn, vu Steierflucht a ekologeschem Dumping, och d‘Thema Migratioun – aktuell wéi laang net méi – war Géigestand vum Biergerdialog. Et ass gutt datt esou Saachen ëffentlech debattéiert ginn, an et Leit gëtt, déi un der europäescher Iddi festhalen. D‘Politiker sollten dann awer och d‘Doleancen, déi hei virgedroe ginn, behäerzegen.

Foto: Um Donneschdeg haten de franséische President Emmanuel Macron an eise Premier, Xavier Bettel, zum Biergerdialog an d‘Philharmonie agelueden. Esou kuerz virun de Chamberwahlen, ass et awer eng Manifestatioun, déi gewollt oder ongewollt, hiren Afloss wäert hunn. © Ludovic Marin/AFP

Ähnlech Sujeten Biergerdialog, Emmanuel Macron, EU, Philharmonie, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel