Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Sinn d‘Solde bis eriwwer, ginn d‘Präisser nees an d‘Luucht
International ashton under lyne dating https://moien.lu/clover-dating-search/

https://moien.lu/cfm-radio-dating/

Wa während de Solden am Summer d‘Präisser kuerz bis an

Geheim: de nationale Krisenzenter um Sennengerbierg
International ashton under lyne dating https://moien.lu/clover-dating-search/

Geheim: de nationale Krisenzenter um Sennengerbierg

Et weess een net ganz genau, wat am nationale Krisenzenter

Schwäiz: Doudeger bei Onwieder zu Genève
International ashton under lyne dating https://moien.lu/clover-dating-search/

Schwäiz: Doudeger bei Onwieder zu Genève

Schwéier Onwieder mat Stuerm a Knëppelsteng hu gëschter an der

Editorial: Manner Demokratie fir méi Zesummenhalt?

Editorial: Manner Demokratie fir méi Zesummenhalt?

Et ass eng knapp Majoritéit déi der däitscher CDU-Politikerin zum Virsëtz fir den héchste Posten an Europa verhollef huet, an esou ass der Institutioun zumindest d‘Blamage erspuert bliwwen. Bei 9 Stëmme fir déi absolut Majoritéit spillt Stëmmverhale vun de Lëtzebuerger Deputéierte gewëss eng „Nieweroll“, zudeem war se wéi d‘Datebanke vum Lëtzebuerger Justizsystem: Geheim.

Wann et am Kontext vun der Neibesetzung vun der EU-Kommissioun schéin an erfreelech ass, datt eng Fra d‘Presidence iwwerhëlt, an eis däitsch Noperen no iwwer 50 Joer elo och emol zum Zuch kommen, esou bleift dëse Choix bedenklech. En ass weder salomonesch nach demokratesch, wat sech dierft rächen. Bis heihinner hu 56% vun den EU-Bierger gegleeft hir Stëmm géif zielen.

Datt elo awer dat wichtegst Mandat un eng Kandidatin geet, déi selwer ni ustalte gemaach hat zu Bréissel den Zepter ze schwéngen. Doriwwer eraus vun der CDU net als EU-Kandidatin opgestallt gouf an esou faktesch net zur Wiel gestanen huet. Et zum Gemauschels (hanner zouen Dieren) tëscht de Staats- a Regierungscheffe komm ass, firwat kee Spëtzekandidat zréckbehale ginn ass.

Dat ka keng zolidd Grondlag fir d‘Demokratie an Europa bedeiten. Zudeem huet d‘Ursula von der Leyen nëmmen eng ganz dënn Majoritéit, an och hei schéngen d‘Stëmme vun enger Rei Deputéiert nëmme geléint. Si huet de Populisten Zougeständnesser gemaach a gläichzäiteg versprach sech fir Klimaneutralitéit, Geschlechtergläichheet an d‘Besteierung vun den Internetkonzerner ze suergen.

Wéi si dat mat der Klimaneutralitéit bis 2050 wëll hikréien? Dorëms wäerten sech anere këmmere mussen, well 2030 ass d‘Ursula von der Leyen längst an den anale vun der Geschicht ënnergaangen an et ass net dovunner auszegoen, datt d‘Zil, eng Reduktioun vun den Zäregaser vu 55% erreechen, ëmsetzbar ass. D‘Kuel beispillsweis, ass fir d‘Polen e Wirtschaftsfacteur vun éischter Importenz.

Och mat der Gläichberechtegung a Gläichstellung vu Mann a Fra, wäert sech d‘Ursula von der Leyen schwéier doen. Déi patriarchalesch gefouert Länner (hei an éischter Linn d‘Länner vun der Visegrad-Grupp, mee och Italien a Griicheland) hunn eng aner Virstellung vun der Roll déi eng Fra an der Gesellschaft ze iwwerhuelen hätt. Zudeem misst dat och d‘EPP op Fraktiounsniveau wëllen.

Den Hardliner dierft gefall hunn, datt déi nei EU-Kommissiounspresidentin d‘Grenzschutzagentur „Frontex“ ausbaue wëll. Datt si sech zäitgläich och nees fir en neit, dann awer verflichtend Asylrecht an der EU asetze wëll, wuel eng logesch Konsequenz, mee un dësem Projet sinn se bis ewell alleguerte gescheitert. Wéi eng Kompromësser d‘Hardliner bereet sinn anzegoen, ongewosst.

Mee elo ass d‘Entscheedung gefall an ob se eis gefält oder net, et sollt een am Zweiwel net elo scho veruerteelen, mee dem Ursula von de Leyen d‘Chance ginn hir Kritiker Ligen ze strofen. Sécher d‘Fra huet en drolegt Verhältnis zu Beroder a Lobbyisten, d‘Iddi vun enger EU-Sträitmuecht déi der NATO Konkurrenz kéint maachen ass hir net friem an déi däitsch Wirtschaftsinteresse si wichteg.

Si wäert net nëmme vun den Deputéierten op Kompetenz an Konsensbereetschaft gepréift ginn, déi iwwert d‘Entscheedunge vun der Kommissioun ze befannen hunn. Si ass net vun den EU-Bierger gewielt ginn, wat den demokratesche Prozess a Fro stellt. D‘EU ass mam Ursula von der Leyen zwar d‘Blamage erspuert bliwwen, mee Europa huet senge Bierger eng „Cheffin“ opgezwongen.

Déi waren – zumindest bis gëschter – nach majoritär der Meenung, datt hir Stëmm bei den EU-Wahlen tatsächlech eppes wäert ass. Mat dësem Täschespillertrick awer, hunn d‘Staats- a Regierungscheffen hire Bierger däitlech gemaach, wat si vun de Wieler an dem Choix dee si mat hirem Vott geäussert hunn halen. Scheitert d‘Ursula von der Leyen, da scheitert och Europa…

Foto: Et sollt een hei och bedenken, datt déi Jonk massiv un der EU-Wahl deelgeholl hunn. Deenen elo ze erklären, datt d‘Wiel vum Ursula von der Leyen als EU-Kommissiounspresidentin zum demokratesche Prozess gehéiert, dierft komplizéiert ginn. Déi Jonk sinn nämlech wiesentlech méi vernetzt an nach laang net esou domm, wéi d‘Bildungspolitik beméit ass se maachen. (Envato)

Ähnlech Sujeten Demokratie, EU-Kommissioun, EU-Kommissiounspresidentin, Europaparlament, Ursula von der Leyen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel