Search

You may also like

Dateschutz: D’Reklamatiounen hu sech 2018 verduebelt
Meenung Neiegkeeten

Dateschutz: D’Reklamatiounen hu sech 2018 verduebelt

Déi national Dateschutzkommissioun (CNPD) huet gëschter hire Rapport vum Joer

Vincent Reding: Buergermeeschter vu Weiler-la-Tour
Meenung Neiegkeeten

Vincent Reding: Buergermeeschter vu Weiler-la-Tour

Nodeems d‘Cécile Hemmen (LSAP) Enn Oktober d‘Handduch geworf hat –

Lux-Airport: Prinzipiellen Accord fir d‘Erneierung vum Kollektivvertrag
Meenung Neiegkeeten

Lux-Airport: Prinzipiellen Accord fir d‘Erneierung vum Kollektivvertrag

Den OGBL informéiert, datt si als majoritär Gewerkschaft zesumme mam

Editorial: 20.000 Leit op engem Koup – ass dat net gewot?

Editorial: 20.000 Leit op engem Koup – ass dat net gewot?

Bis wéinstens Enn Juli 2020 sinn zu Lëtzebuerg grouss Evenementer verbueden. De Wee an d’Normalitéit ass net esou einfach wéi geduecht, d’Angscht sech um Covid-19 unzestiechen huet sech an eise Käpp festgesat. Nodeems elo d’Nouvelle koum, datt am Oktober 2020 d’Frankfurter Buchmesse tatsächlech stattfanne wäert, ass een iergendwéi hin an hir gerappt, tëscht „Hunn déi eng mat der Dänn“ an „Et schéngt jo awer méiglech ze sinn.“ Kann ee grouss Mënschemassen wierklech schonn zouloossen?

En Dënschdeg koum déi grouss Nouvelle vun den Organisateure vun der Frankfurter Buchmesse, datt een detailléiert Konzept ausgeschafft gouf, sou datt d’Sécherheet vun alle Bedeelegte ka garantéiert ginn a soumat de Wee fräi ass, fir déi riseg a weltwäit bekannt Bicherfoire am Land Hessen. Am leschte Joer sinn hei iwwer 302.000 Visiteuren ugelackelt ginn, dëst Joer wëll ee sech – den aktuelle Stand – op 20.000 Visiteure beschränken.

Ass et fir Gréisseres net nach ze fréi a wéi wëll ee sech genee uleeën? Et schéngt nämlech, wéi wann d’Organisateure vun der riseger Bicherfoire hiren immens detailléierte Plang net mat der Ëffentlechkeet wëllen deelen. Fest steet just, datt d’Gäng méi breet, d’Stänn méi grouss an d’Visiteurszuelen erofgeschrauft ginn. Villes wëll een och op den Internet verleeën.

Eng zweet Pandemie-Well dierf net ausgeléist ginn, an awer musse mir duerch konkret Moossnamen zeréck an d’Normalitéit. Dat soziaalt Liewen – an do gehéiert de Besuch vun Evenementer jo dozou – muss nees kënnen a vollen Zich (wann ech gelift net wuertwiertlech huelen) ausgelieft ginn. A bis elo schéngt den Zousproch an d’Solidaritéit fir d’Buchmesse immens grouss ze sinn.

Op dat elo wierklech ee responsabelen Ëmgang an ee weeweisende Schrëtt am Ëmgang mat der Coronakris ass, wäert ee wuel eréischt an noer Zukunft, respektiv no der Bicherfoire am Land Hessen gesinn. Vläicht gëtt d’Stad Frankfurt am Main jo tatsächlech den Ustouss, fir sech zeréck u grouss Evenementer erun ze trauen.

Geheie mir awer emol ee Bléck op de Lëtzebuerger Equivalent zur Frankfurter Buchmesse: d’Walfer Bicherdeeg. Déi sanitär Kris huet mat sech bruecht, datt nieft zuelräiche Concerten an groussen Evenementer och déi 26. Editioun vun dësem literaresche Fest, dat fir den 21. an 22. November 2020 virgesi war, huet missen ofgesot ginn.

Mëttlerweil zéien d’Bicherdeeg all Joer méi wéi 10.000 Visiteuren – also d’Halschent vun deem, wat a véier Méint fir d’Frankfurter Buchmesse ugekënnegt ass – un. Natierlech ass de Versteesdemech do, datt een zur Zäit vum akuten Confinement säin Evenement aus Sécherheetsgrënn léiwer ofgesot huet, an awer freet e sech um Beispill FBM, op et net awer hätt stattfanne loosse kënnen. Jo jo, hätten an haten …

Richteg ass et, d’Situatioun am Bléck ze behalen, léiwer virsiichteg wéi net-responsabel ze handelen. An esou freeë mir eis op de grousse Kino am kulturelle Programm 2021.

Opmaacherbild: © Pim Myten / Unsplash

Related topics Beispill, Deconfinement, Editorial, Frankfurter Buchmesse 2020, Mënschemassen, Normalitéit, Ofso, Pandemie, Walfer Bicherdeeg
Next post Previous post