Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Déi lescht Folleg vu „Wetten, dass…?“
Meenung

What the Fakt – Déi lescht Folleg vu „Wetten, dass…?“

Mat 35. Staffele war déi däitsch Fernsehshow „Wetten, dass…?“ eng

What the Fakt – De Super-GAU vun Tschernobyl
Meenung

What the Fakt – De Super-GAU vun Tschernobyl

Dëse Virfall gëllt als schlëmmsten Accident an der friddlecher Notzung

Karting: Kee Gléck fir d‘Zoe Knebler am franséische Championnat
Meenung

Karting: Kee Gléck fir d‘Zoe Knebler am franséische Championnat

Déi eenzeg Lëtzebuergerin déi um „Championnat de France“ bei den

Editorial: De Mëssbrauch gouf och vun der Politik vertuscht

Editorial: De Mëssbrauch gouf och vun der Politik vertuscht

Wann sech haut d‘Kierchemänner mat hirer Direktioun am Vatikan eng Mëssbrauchskonferenz gënnen, da kann ee sech – egal wat offiziell kommunizéiert gëtt – sécher sinn, fräiwëlleg a mat beschten Absichte fënnt esou eppes net statt. De Vatikan sollt een als Entreprise gesinn, déi ënner Drock zu dëser Konferenz gezwonge gouf, a wou et drëms gëtt d‘Geschäftsiddi oprecht ze erhalen.

Déi kathoulesch Kierch – wéi all déi aner och – huet sech iwwert d‘Joerhonnerten ewech, zum gréisste Grondbesëtzer op der Welt eropgeschafft, huet humanistesch Grondwäerter vermëttelt, un déi si sech selwer ni gehalen huet. Deenen aarme wéi de räichen ass de Goss ofgeknäppt ginn, wien d‘Kierch a Fro gestallt huet war e Ketzer a meeschtens engem luese qualvollen Dout versprach.

Hiert Kapital: de Glawen. An der Fréizäit nach bevirdeelegt, well ee sech op d‘Dommheet vun de Mënsche verloosse konnt. Dat eng Mass op laténgesch gehale ginn ass, huet sengerzäit garantéiert, datt näischt hannerfrot konnt ginn, bis de Luther komm ass an de Mënschen d‘Texter zougänglech gemaach huet. Mee och dëse Kierchemann war wäit vu gudden Absichten ewech…

Nodeems dem Mënsch liesen a schreiwe bäibruecht ginn ass, a gréisser Gruppen ugefaangen hu selbststänneg ze denken, déi industriell Revolutioun och gréisse gesellschaftlech Verännerunge mat sech bruecht huet, ass d‘Muecht vun der Kierch un d‘Politik iwwergaangen. Eng Politik, dee jee no Kontext, bis zu de Schëlleren am Aarsch vun der kathoulescher Kierch gestach huet.

Diktatoren an autoritär Regimmen si begeeschtert Unhänger vu Reliounen, an ëmmer beduecht bescht méiglech Bezéiungen zu deenen ze ënnerhalen, déi sech esouwuel d‘Dommheet wéi d‘Angscht vun de Mënschen zu notze maachen, fir se ze beherrschen. Hei ass de „Mëssbrauch“ e Mëttel zum Zweck, a juristesch dergéint virgoen einfach onméiglech, well net virgesinn.

An den Demokratien, also do wou ee vu „Rechtsstaatlechkeet“ sollt dierfen ausgoen, erwaart een sech elo, datt et do anescht ass. Wäit verfeelt. Et ass eréischt rezent, wou och an Demokratien iwwer d‘Roll vun der Kierch streiden. Bis haut, muss ee Prozesser géint Kierchemänner nach ëmmer als Eenzelfall betruechten. Och an der Demokratie, muss d‘Kierch eng laizistesch Justiz net fäerten.

Vun de Politiker, déi sech haut ze profiléiere versichen andeems si déi kierchlech Geriichtsbarkeet veruerteelen, sollt ee sech an uecht huelen. Hätt de Skandal vum Kannermëssbrauch net däraarteg Welle geschloen, géifen och si brav de Mond halen. Ëmmerhin hu se de Mond gehalen, wéi sech d‘Kierch oppen Homophob a Misogyn gewisen, Verhiddung a villes méi verbueden huet…

Datt mir eis verstinn: net all Paschtouer a Bëschof ass en Drecksak, woubäi fir mech den Tatbestand erfëllt ass, wann ee vun engem Verbrieche weess, awer den Deckel drop hält, well d‘Hierarchie net wëll, dat et erauskënnt. An dofir droen se zesummen d‘Verantwortung. D‘Kierch mat hirem Poopst, an déi sämtlech Politiker, déi hei d‘Verjärungsfrist verdeedege wéi wann se selwer betraff wieren.

Ähnlech Sujeten Ënnerdréckung, kathoulesch Kierch, Mëssbrauch, Politik, Skandaler
Nächsten Artikel Virrechten Artikel