Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vun de Veganer
https://moien.lu/free-uk-online-dating-site-singles/

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vun de Veganer

Si ginn nach ee Stéck méi wäit, wéi d’Vegetarier a

alaskan bush family dating
https://moien.lu/free-uk-online-dating-site-singles/

dating someone who doesn't want to work

Schwaarz-Gréng kann no de Walen am Bundesland Hessen mat enger

dislike
D’AfD sëtzt elo am Bundestag – dobäi bedrohen se d’Demokratie
https://moien.lu/free-uk-online-dating-site-singles/

D’AfD sëtzt elo am Bundestag – dobäi bedrohen se d’Demokratie

Se si Magistrate, Universitairen oder Bänker. Mee hannert hirem Profil

Editorial: Misär am ëffentlechen Transport

Editorial: Misär am ëffentlechen Transport

Wat sech am Ament am ëffentlechen Transport ofspillt ass gelënnert ausgedréckt eng inakzeptabel Situatioun, déi keng vun de implizéierte Parteie kann zefridde stellen. Besonnesch de Client net. Iwwerlueden Zich tëscht siwen an hallwer néng Auer moies, besonnesch fir déi aus der Minetteregioun, werfe vill Froen op, déi awer trotz Nofro kee schéngt wëllen ze beäntwerten.

Datt d’CFL net genuch „Material“ huet fir den Undrang ze bewältegen an och déi sëllech Chantieren an déi reegelméisseg Iwwerlaaschtung vun der Stater Gare niewebäi fir Komplettausfäll suergen, kann esou net weiderhin um Réck vun de sëlleche Pendler ausgedroe ginn.

Erënnere mer kuerz dorunner, datt déi Direktzich vu Volmerange-les-Mines a Richtung Lëtzebuerg, no enger Decisioun vum Infrastruktur- a Nohaltegkeetsministère agestallt ginn, wat grad d’Frontaliere vru grouss Problemer stellt. Schonn elo ass et kaum bis guer net méiglech zu Beetebuerg an den Zuch, vu Rodange via Esch-Uelzecht kommend, eranzeklammen. Wéi do déi un eng säit fënnef Joer gutt funktionéierend Verbindung solle Verzichten dierft dem François Bausch säi Geheimnis bleiwen.

Fir am Kontext „Frontalier“ ze bleiwen, ass elo wou festgeluecht gouf, datt och nach d’Buslinnen 302 (Thionville – Cloche d’Or) an 303 (Manom – Kierchbierg) vum éischte Juni un ofgeschaaft ginn, steet och fir dës Pendler just nach d’Alternativ „Individualverkéier“ zur Verfügung. Ee Wahnsinn, wann ee bedenkt, datt d’Stad Lëtzebuerg alles drusetzt all déi Leit wou Dag fir Dag an d’Haaptstad era mussen, zur Notzung vum intermodalen Transport ze animéieren. Ganz dovunner ofgesinn, datt de Parkraum fir all déi Leit guer net existent ass.

Mee zréck bei de Schinnentransport an op den Tronçon Rodange – Esch – Beetebuerg – Lëtzebuerg, wëll mer dee selwer notze fir an eis Redaktioun ze kommen. D’Iwwerlaaschtung ass hei esou krass, datt schonn ab 6.30 Auer méi Passagéier an den Zich sëtze, wéi der erlaabt sinn. Wéi dat Sécherheetstechnesch gehandhaabt gëtt ass eng Säit vun der Medail, vill méi wiere mer interesséiert ze wësse wat ass, de Fall gesat an dee sech kee wënscht, wann en Accident geschitt. Leider beäntwert eis dës Fro d’CFL och net.

Mam Vëlo op d’Schaff oder an d’Schoul?

Eng Aktioun déi vum Verkéiersverbond an dem LVI mat der Ënnerstëtzung vum Infrastruktur- a Nohaltegkeetsministère organiséiert gëtt an säit engem Joerzéngt ville Leit Motivatioun genuch ass fir den Auto an der Garage, oder op mannst vrun der Dier stoen ze loossen. Eis kënnt et awer esou vir, wéi wa sech dëse Projet just u Leit géif riichten, déi direkt vun Doheem op hir Aarbechtsplaz, respektiv an d’Schoul kommen.

Fakt ass nämlech och hei, datt wien säin Trajet muss mam Zuch kombinéieren, een zimleche Problem huet, fir net ze soen ugeschass ass. Bleiwe mer bei eisem Wee fir an d’Redaktioun. Déi ass zu Steesel an der Industriezon an implizéiert fir ee vun de Journalisten d’Benotzung vum Zuch bis Walfer oder Heesdref, vu wou aus – wëll et jo kee Busarrêt an der Industriezon gëtt – et wonnerbar wier déi verbleiwend Streck mam Vëlo ze fueren. Et ass iwwregens ee gudde Strapp ze Fouss, esou datt och ouni Aktioun de Journalist gären de Vëlo géif benotzen.

Leider eng Saach vun der Onméiglechkeet. Déi Direktverbindungen um 6.31 an 7.31 Auer ab Esch kënnen net genotzt gi wëll do einfach kee Vëlo méi an den Zuch erapasst an ee mindestens bis an d’Stad stoe muss och wann, ee wéi an dësem Fall en éischt Klass-Ticket huet. Mer begréissen natierlech, datt sech den Direkter vum Verkéiersverbond, de Gilles Dostert mat senge Leit dësem Problem unhëlt an hoffen, datt hie mat de concernéierte Parteien no Léisunge ka sichen. Béis si mer iwwregens och net mat der Eisebunn, déi wéi et schéngt schlicht net genuch Waggonen huet fir d’Mass u Passagéier ze bewältegen. Mier stellen eis ebe just d’Fro wei et soll weidergoen, wann ee bedenkt, datt Mëttelfristeg nach emol 30.000 weider Aarbechtsplazen an der Stad sollen entstoen, déi jo dann och fir déi meescht vu Salariéen aus dem Grenzgebitt virgesi sinn.

Ähnlech Sujeten CFL, Ëffentlechen Transport, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel