Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bam vum Joer 2019: d‘Flatter-Ulm
Meenung

Bam vum Joer 2019: d‘Flatter-Ulm

De Bam vum Joer ass d‘Flatter-Ulme (Ulmus laevis), déi wéi

surprise
Reformen a Gesetzer: déi nei Dispositioune fir 2018
Meenung

Reformen a Gesetzer: déi nei Dispositioune fir 2018

Et si Gesetzer gestëmmt a Reformen duerchgesat ginn. Dat heescht,

Fake News am Viséier
Meenung

Fake News am Viséier

D’Regierung hëlt sech de Fake News un. Sou schéngt et

Editorial: Mr Twitter provozéiert mat „fake news“

Editorial: Mr Twitter provozéiert mat „fake news“

Datt den amerikanesche President sech der Welt iwwer Twitter matdeelt, ass längst keng Noriicht méi. Och de Fait, datt hien esou zimlech all Medien der Verbreedung vu „fake news“ beschëllegt ass kee Scoop. Leider ass et och keng exklusiv Meldung, datt den Donald Trump kee Fettnäppchen ausléisst.

Mat sengem Tweet, an deem hunn un eng Massenexekutioun vu Moslemen op de Philippinen erënnert, produzéiert den US-President net nëmme „fake news“ mee suergt och nach fir uerdentlech Mëssverständnes. Déi Exekutioun, vun där hien do wëll wëssen, datt se stattfonnt huet, hat et ni ginn.

Et ass schlicht an ergräifend eng Legend aus der Kolonialzäit déi den Trump opgegraff huet: „Liest no wat den Generol Pershing mat Terroriste gemaach huet, nodeems hien se gefaangen hat. Duerno gouf et 35 Joer laang kee radikal-islamisteschen Terror méi“.

Ofgesi vum Fakt, datt déi Exekutioun wéi gesot ni stattfonnt huet, ass d‘Glorifizéierung vun der Hiriichtung vu Gefaangenen eng Rise Frechheet. Dat net nëmmen am Kontext, datt dësen Tweet 45 Minutten no engem hannerlëschtegen Uschlag den Tour ronderëm d‘Welt gemaach huet. An och net nëmmen ënner Berécksiichtegung, datt zu deem Moment d‘Welt den Affer geduecht huet.

An d‘Geschicht, besser gesot déi Legend op déi sech den US-President berifft, soll sech 1911 während der US-Kolonialherrschaft op de Philippinnen zougedroen hunn. Deemools haten déi moslemesch Moro revoltéiert. An d‘Legend wëll hunn, datt de Generol Pershing 50 Moro-Rebellen, déi a Gefaangenschaft gerode waren, alleguerte bis op een exekutéiert huet.

Heibäi solle Patroune benotzt gi sinn, déi a Schwéngsblutt gezappt gi waren. Datt fir de moslemesche Rebellen den Zougang zum Paradäis ze verwieren. Dem eenzegen Iwwerliewende soll opgedroe gi sinn, d‘Noriicht ze verbreeden.

Dat trauregt un der Geschicht ass dann och, datt den Donald Trump dës Legend net fir d‘éischte Kéier benotzt. Hien huet se schonn a senger Wahlcampagne 2016 ausgepaakt an sech iwwerzeegt gewisen, datt esou eng Virgoensweis och haut nach islamistesch Terroristen ofschrecke kéint.

An einfach emol ugeholl d‘Geschicht géif stëmmen – wat wierklech net de Fall ass – esou dierf drop higewise ginn, datt op de Philippinnen d‘Onroue wéinst islamisteschen Extremiste bis haut unhalen. D‘Inkompetenz déi den Donald Trump all Dag op e neits ënner Beweis stellt fänkt un net méi lëschteg ze sinn. Géif héich Zäit ginn, datt dee säin Hutt géif huelen…

Foto: Den Trump um Wee an d‘Pressekonferenz. Et freet ee sech firwat en sech eigentlech nach de Journaliste stellt, wou hien dach ouni weideres mat Twitter genuch vu sech präisgëtt (© Nicholas Kamm/AFP)

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Fake News, Twitter, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel