Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Autofestival: Stramm Verkafszuelen erfreeën d‘Garagisten
Meenung

Autofestival: Stramm Verkafszuelen erfreeën d‘Garagisten

Um Méindeg ass déi 55. Editioun vum Lëtzebuerger Autofestival op

KINOSCH Listening Session mat de Stiff Peaks
Meenung

KINOSCH Listening Session mat de Stiff Peaks

Dat hei riicht sech un all Museksverléiftener, Fans vum Zäitgenësseschen,

Streng Kontrolle bei dësjäreger Dog-Expo
Meenung

Streng Kontrolle bei dësjäreger Dog-Expo

De Weekend vum 11. an 12. Mee 2019 fënnt um

Editorial: Muss d‘EU op Distanz zur Tierkei goen?

Editorial: Muss d‘EU op Distanz zur Tierkei goen?

De Mustafa Kemal Atatürk huet 1923 mat der Ofschafung vum Sultanat an dem Kalifat aus der Tierkei eng Republik gemaach. Net alles war gutt an oft, ze oft, huet d‘Militär d‘Muecht u sech gerappt. Mam Recep Tayyip Erdogan sengem Präsidialsystem awer gëtt dem Atatürk seng Grondiddi a Fro gestallt.

Et war och sécher richteg a gutt, datt d‘Leit beim Putschversuch am Juli 2016 op de Stroossen an de Brécke waren, fir hir Fräiheet ze verdeedegen. Och steet ausser Fro, datt een an esou Situatiounen no de Schëllege sicht. Déi Schëlleg, wann et dann och déi richteg sinn, sollen enger haarder Strof zougefouert ginn, och hei denken ech dat een sech eens ka sinn.

Wou een sech dann awer ufänkt net méi eens ze sinn, ass wann dat ganzt zu enger Hexejuegd gëtt. Gutt, datt de President säi fréiere Brudder am Geescht den Fettulah Güllen fir de Putsch verantwortlech mécht, sief dohinner gestallt. Mee alles a jiddereen als Unhänger vun der Güllen-Bewegung ze bezeechnen, wat sech net mat der Erdogan-Doktrin identifizéiert geet ze wäit.

Dat op dës Manéier eng ronn 100.000 Leit, dorënner Schoulmeeschter, Proffen, Riichter, Staatsbeamten, Polizisten, Zaldoten a Journalisten am Prisong setzen, oder op mannst hir Aarbecht verluer hunn, sollt engem ze bedenke ginn.

Eigentlech dierft een och verwonnert sinn, datt Däitschland, ee vun den historesche Partner vun der Tierkei, de Ball esou laang Flaach gehalen huet. De Verbuet fir d‘Parlamentarier hir Zaldoten an der Tierkei ze besichen, huet jo d‘Merkel-Regierung beschtefalls „beonrouegt“. Sécher fir ee Punkt ze setzen ass d‘Loftwaff vun Incirlik ofgezu, ëffentlech Optrëtter vu Politiker an Däitschland ausgesat ginn.

Fir de Sträit op engem héijen Niveau ze halen, gëtt sech déi tierkesch Regierung an virun allem den Erdogan selwer, richteg Méi. Mam agespaarte Journalist Deniz Yücel, deen ënner Terrorverdacht steet, war schonn d‘Provokatioun perfekt. Elo mat der Verhaftung vun de Mënscherechtsaktiviste vun Amnesty International, ass de Lastik gerass. Elo fänkt och Schweden un es genuch ze hunn an d‘EU, grad ewéi d‘NATO dierfen net méi d‘Ae verschléissen.

Dat den Erdogan sengem Vollek nees wëll d‘Doudesstrof als probat Mëttel zur Ofschreckung verkafen – soit! Dat hien d‘Demokratie un sech, d‘Pressefräiheet souwisou an de Rechtsstaat u sech ofschaaft… wann d‘Vollek dat gutt heescht, da soll et eben esou sinn. Mee da soll hien sech net wonnere wann et der gëtt déi dat net wëlle matmaachen. Emol dovunner ofgesinn, datt wann de tierkesche President ufänkt Firmen ënner Terrorverdacht ze stellen, déi seng Wirtschaft stäipen, et mam Verstand net wäit hir ass.

Onverständlech dann dat säitens der EU awer weiderhin op ee „frëndlechen“ Dialog gesat gëtt. Nee et geet es elo duer. Wou d‘Politiker hirer Verantwortung net nokommen, mussen d‘Bierger agräifen. Entreprisë sollten hir Investissementer an der Tierkei iwwerdenken, oder op mannst op ee minimum beschränken. Leit déi d‘tierkesch Riviera gutt a Präiswäert fannen, sollten sech et iwwerleeën. An dat zerguttst, well ee falscht Wuert, e falsch verstane Signal, an et kéint eng verlängert Vakanz ginn.

Eise Politiker, Volleksvertrieder zu Bréissel a wien soss nach aussepolitesch e Wuert matzeschwätzen huet, géif nawell gären un d‘Häerz leeën sech anzemëschen. Wann een de neien Sultan vun Ankara weider esou gewäerde léisst, ass schnell ee Punkt erreecht, wou nach net emol méi Sanktiounen hëllefen. Dem Erdogan ophëllefen ass ugesot. Keen EU-Cent méi fir d‘AKP-Regierung an den Ofzuch vun alle NATO-Zaldoten. Sollt dat net duer goen, Wirtschaftssanktioune verhänken a Bankkonten afréieren.

Wien d‘Mënscherechter mat Féiss trëppelt, seng eege Leit aspäert an der Jugend seng Perspektive klaut, muss den Dicks gebéit kréien. Wéi schnell ass näischt passéiert an schonn huet een sech en Diktator erugeziicht deem een net méi lass gëtt. Ech ass un der Zäit wou muss gehandelt ginn, déi Verhandlungen déi bis elo stattfonnt hunn, waren net Zilorientéiert. Genuch ass genuch.

Ähnlech Sujeten EU, Europa, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel