Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

coollove
Schwindelfräi? Da loosst iech des Vue net entgoen!
Cool Meenung

Schwindelfräi? Da loosst iech des Vue net entgoen!

Den am Joer 2013 gebauten City Skyliner huet fir déi

cool
Däitschland: Zu dausende fir d‘Séinoutrettung op d‘Strooss gaangen
Cool Meenung

Däitschland: Zu dausende fir d‘Séinoutrettung op d‘Strooss gaangen

Eng ganz Rei Mëttelmierlänner hunn an de leschte Woche private

D‘Piratepartei stellt de REVIS a Fro
Cool Meenung

D‘Piratepartei stellt de REVIS a Fro

De Gesetzprojet 7113 mat dem vun der Grondsécherung (RMG) zum

cool

Editorial: Mythos Tanktourismus

Editorial: Mythos Tanktourismus

Um 28. Mee war d’Martina Holbach, vun der Plattform „Votum Klima“ beim „honnert Komma siwen“ op Antenn an huet e Klimaschutzgesetz fir Lëtzebuerg gefuerdert, mat deem mir eis sollte verbindlech CO2-Reduktiounsziler setzen. Esouwäit, esou gutt…

Eng vun den Haaptfuerderunge vun der engagéierter Ëmweltschützerin ass dann d’Ofschafe vum Tanktourismus. E Schlagwuert dat awer leider seng Zäit hannert sech huet, a beschtefalls als „schlecht Propaganda“ muss ofgedoe ginn. D’Zäiten an deenen sech Lëtzebuerg vum sougenannten Tanktourismus erniert huet si längst eriwwer.

Gutt dat muss ech dann elo och erklären: Dat wat d’Martina Holbach als Tanktourismus bezeechent, si Mënschen déi geziilt op Lëtzebuerg komme fir sech mat Bensin oder Diesel anzedecken. E Fait dee mat grousser Sécherheet op eis direkt Noperen zoutrëfft, dann awer nees muss relativiséiert ginn. Den Ëmsaz am Kontext vun Accisen, dierft kaum iwwer 10% leien.

Ronn 70% vum Sprit dee vun den Tankstellen un Cliente verkaf gëtt, geet an den Tank vu Léit déi net ze Lëtzebuerg wunnen, dat dierf een esou bestätegen. Hei gëtt dann awer vun der Plattform „Votum Klima“ ënnerschloen, datt – an dat gëllt besonnesch fir den Diesel – Lëtzebuerg en Transitland fir d’Logistik ass.

Dat heescht et sinn an éischter Linn d’Camionen, déi op der Nord-Süd Streck zirkuléieren, déi zu Lëtzebuerg den Tank voll maachen (och wann ech hei gären zougestinn, datt et der gëtt déi dofir gären en Ëmwee a kaf huelen, wann den Termindrock et zouléisst). An de Vakanzenzäite kommen dann nach Spëtzten derzou, wat alt nees dem „Transit“ geschëlt ass.

Vergiesse mir dann och net, datt eng ronn 230.000 Frontalieren zu Lëtzebuerg hiert „Brout“ verdéngen, an déi wieren dach zimlech domm, hir Gefierer net zu Lëtzebuerg voll ze maachen. Dozou kënnt, datt all déi Transportgesellschaften, déi esouwuel am Cargozenter um Findel, oder dem neie Logistikzenter zu Beetebuerg verkéieren, logescherweis hei tanken.

Wann datt awer nom Martina Holbach ënnert de Begrëff „Tanktourismus“ fält, an et e Gesetz muss ginn dat dëst verhënnert, wier Lëtzebuerg noutgedronge verflicht seng Grenzen zouzemaachen. Et dierft een also beispillsweis engem Camionschauffer deen zu Metz Wuere fir den Antwerpener Hafe gelueden huet, net méi erlaben duerch Lëtzebuerg ze fueren, wëll hien hei säin Tank fëllt.

Am gläiche Sënn, misst een de Frontaliere, déi duerch hir Aarbecht vill zum BIP bäidroen, verbidden hei ze tanken. Datt dat eng Saach vun der Onméiglechkeet ass, dat dierft jiddwerengem aliichten, schéngt awer bei der Plattform „Votum Klima“ nach net ukomm ze sinn. Mee et ass richteg, datt dës Mesure enorm derzou géif bäidroen, datt mir eis CO2-Klimaziler erreechen.

Dat wat wierklech ënnert de Begrëff Tanktourismus fält, dat sinn déi Leit wou „hannert der Grenz Wunnen“ an gewësse Kilometer a Kaf huelen, fir nieft Zigaretten an Alkohol och Sprit ze kafen. Awer och do muss een nees relativiséieren: déi Leit, ginn och emol e Maufel Iessen, e bëssche Shoppen oder gi soss nach an anere Geschäfter Suen aus. Si droen domatter zur Wirtschaftskraaft vum Land bäi.

Wien also fuerdert, datt zu Lëtzebuerg manner Bensin an Diesel un „Auslänner“ oder „Tanktouristen“ soll verkaf ginn, dee fuerdert d’Quadratur vum Krees. Genau esou gutt kéint ee géint den Alkohol- oder Tubaktourismus argumentéieren. Dat gesot, bleift et richteg a noutwenneg vun der Politik ze fuerderen, alles drun ze setzen, datt eis Klimaziler laangfristeg erziilt ginn.

Ähnlech Sujeten Ëmwelt- a Klimapolitik, Martina Holbach. Klimaziler, Tanktourismus, Votum Klima
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    4

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    0