Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

SNE/CGFP: Endlech kënnt et zur gefuerderter Reform vum „Stage“
test to see if your dating a psychopath senior guy dating sophomore girl

https://moien.lu/dating-fossils-millions-of-years-old/

Nodeems den Daachverband vum SNE/CGFP mat der Regierung ausgehandelt hat,

https://moien.lu/online-dating-what-to-say-if-not-interested/
test to see if your dating a psychopath senior guy dating sophomore girl

Rekordverdächtege Bilan fir den CHL

Mat der Presentatioun vum Bilan fir d‘Joer 2018 kann sech

Editorial: De Journalist Deniz Yücel ass „Fräi“
test to see if your dating a psychopath senior guy dating sophomore girl

Editorial: De Journalist Deniz Yücel ass „Fräi“

Iwwert ee Joer war de Welt-Journalist Deniz Yücel an engem

Editorial: Näischt aus der Vergaangenheet geléiert

Editorial: Näischt aus der Vergaangenheet geléiert

Während sech Amerika vun den Iwwerschwemmungen déi den Orkan Harvey verursaacht huet erhëlt, gi grouss Deeler vun Asien ënner. D’Rout Kräiz schwätzt vun de schlëmmsten Iwwerschwemmunge säit Joerzéngten. Dobäi ass de Monsun a Südasien elo awer eppes wat all Joer kënnt.

Esou stoung beispillsweis en Drëttel vum Nepal Zäitweis ënner Waasser. Bagladesch a vill Géigenden aus dem Nordoste vun Indien, konnten sech dem ville Reen net erwieren. Alt nees si vill Affer ze bekloen, an deene wou et iwwerlieft hunn, ass dat wéinegt wat se besiess hunn futti gaangen.

Betraff sinn wéi gewinnt déi Äermst. Se sinn hire Regierungen, déi aus der Vergaangenheet net amstand sinn ze léieren. Déi haten zwar bei der leschter grousser Flut versprach eppes ze ënnerhuelen, mee wéi esou oft, et ass vill gebraddelt ginn an zu gudder Läscht awer näischt passéiert.

Zu Mumbai, wat elo net déi Stad vun Indien ass wou ee sech iwwer Moyenen an der Staatskeess kéint beschwéiere war villes versprach ginn. Ineffizient a korrupt Beamte sinn hei déi wierklech Schëlleg. Léisunge leien am Tirang an, esou meng Impressioun, do leien se dann och gutt.

Zanter 1978, also scho bal 40 Joer, ass gewosst datt sech de Klima verännert. Dat net zum beschten, wéi Greenpeace a vill Experten et sech net midd ginn ze warnen. Op Moossname gëtt awer verzicht, esouguer op déi elementaarst.

Den „Harvey“ war, am verglach zu deem wat a Südasië virgefall ass ee liichte „Summerreen“. An et ass do e Phänomen no deem een d’Auer stelle kann. Sécher, emol ass es méi an emol manner. Trotzdeem kréier mir Joer fir Joer déi selwecht Biller ze gesinn: Mënschen déi bis zum Bauchnuebel duerch d’Waasser lafen.

Et kéint een awer eppes maachen, Opfangbecken, Terrainen déi d’Iwwerschwemmunge kéinten opfänken a Pompelstatioune wieren en Ufank. D’Industrie an d’Gitt huelen an eppes géint Loftverknaschtung ënnerhuelen ee richtege Schratt. Awer nee, dee „laisser faire“ dreift mir de Bluttdrock an Luucht.

Elo muss dann alt nees gespent ginn, fir den Äermsten ze hëllefen. Mir ass et wéi wann et Regierunge géif ginn, déi d’Spende schonn an hire Budget arechnen. Et wier deemno vläicht un der Zäit och politesch Verantwortung ze iwwerhuelen. Drock op d’Regierunge maache, esou datt se endlech déi Mesuren aleeden déi hiren administréierten hëllefen.

Foto: De Finanzzentrum vun Indien steet ënner Waasser. Pompelstatiounen a Flut-Flächen hätten hei dat schlëmmst kënne verhënneren. Korruptioun an Ineffizienz vun den Autoritéite sinn déi éischt Ursaach vum Leed. Mee et beweist och, datt de Klimawandel längst ukomm ass. (© Punit Paranjpe/AFP)

Ähnlech Sujeten Bangladesch, Indien, Iwwerschwemmung, Monsun, Nepal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel