Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gault & Millau Lëtzebuerg – den beschte Kach vum Joer gouf ausgezeechent
International Meenung

Gault & Millau Lëtzebuerg – den beschte Kach vum Joer gouf ausgezeechent

De bekannte gastronomesche Guide Gault & Millau huet gëschter d’Gewënner

Automatiséiert Filtere stellen eng eescht ze huelend Gefor fir den Internet duer
International Meenung

Automatiséiert Filtere stellen eng eescht ze huelend Gefor fir den Internet duer

En Upload-Filter fir den Internet ass esou eng absurd Iddi,

International Meenung

Galerie: Steeseler Youngtimer an Oldtimer Dag

Editorial: Näischt méi ze erwaarden

Editorial: Näischt méi ze erwaarden

Ganzer fënnef Deeg war den Trump an Europa ënnerwee. Hien huet um NATO-Sommet randaléiert, déi britesch Premierministesch getouft, d‘Queen beleidegt an erausfonnt datt de russesche Bier säi beschte Frënd ass. Tëscht deen eenzele Statiounen ass, wéi net anescht ze erwaarde getweet ginn an seng Interviewen an der Sun oder mat CBS loossen och nees déif blécken.

D‘Europäer sollten elo d‘Gewëssheet hunn, datt vun dëser diplomatescher Feelentwécklung näischt méi ze erwaarden ass. Et ass elo den Zäitpunkt do, wou sech d‘EU sollt als Eenheet opstellen, mat enger Stëmm schwätzen. An et ginn Äntwerte verlaangt, vun der Industrie an der Wirtschaft, mee och d‘Bierger wëlle wësse wéi an op nach mat dësem Klatzkapp ze verhandelen ass.

An den Albdram huet leschte Mëttwoch ugefaangen. E war nach net zu Bréissel gelant, do hat hie schonn d‘Allianz vum Hocker gehuewen, woubäi hie sech beim NATO-Sommet un Däitschland verbass hat. De Virworf, et géif een net genuch Finanzmëttel an d‘Verdeedegung stiechen an den Deal mam russesche Gas sollt ee sech gefällegst nach emol iwwerleeën.

Um Freideg, grousse Kino am Vereenegte Kinnekräich: Hei ass d‘Theresa May beméit en douce Brexit hinzekréien, wat zur Demissioun vun zwee Ministere gefouert huet. Wéinst dem Brexit wëll d‘Premierministesch awer och mat den USA en Handelsaccord op d‘Bee stellen. An da kënnt den Trump, a fuerdert en haarde Brexit, well hien net mat der EU verhandele wëll.

De Weekend iwwer ass a Schottland Golf gespillt, d‘EU als Feind erkläert a sech op den Danz mam russesche Bier virbereet ginn. An hei gëtt et endgülteg bosseg: de Vladimir Putin, deen sech schonn zanter längerem wënscht respektéiert ze ginn, dierft sech a senge fiichtsten Drëm net ausgemoolt hunn, datt him en US-President esou den Haff mécht.

Et hätt e gemengt, a vläicht war dat och d‘Absicht derhannert, si wieren déi beschte Frënn. Kee Wuert zur scheinbar erwisener Amëschung an d’US-Presidentewahl, näischt zur Annexioun vun der Krim, net emol eng Uspillung op de Konflikt an der Ukrain. An de „grousse Frënd“ vun Israel, huet et net emol néideg Fonnt, déi russesch Ënnerstëtzung vum Regimm zu Damaskus unzeschwätzen.

Den Trump, e geféierleche Personnage mat grad emol esouvill Charisma wéi eng Steiererklärung, huet d‘Welt aus den Aangele gehuewen, d‘Grenze verwëscht. Wien ass Frënd? Wien ass Feind? Bei esouvill diplomateschem Mëssgeschéck kann een dat net méi mat Sécherheet soen. Aus Partner huet hie Konkurrente gemaach, aus Alliéierten si Feinde ginn…

Hei sinn dann och an éischter Linn, déi osteuropäesch „Partner“ déi sech e puer Froen ze stellen hunn. Wat ass déi Garantie nach wäert, déi d‘NATO fir de Fridden an Europa sollt duerstellen? Wie ka mat Sécherheet behaapten, datt de Monni am Krichsfall sech u säi Vertrag hält? Mat sengem „America First“ an deem dorausser entstanenen Handelskrich, muss d‘EU nei Weeër goen.

An do ginn et net vill Alternativen. Europa muss zesummeréckelen, sech als eng reell Gemeinschaft mat gläiche Wäerter an Ziler opstellen. Et ass elo, wou een an der EU gutt beroden ass, déi intern Streidereie rouen ze loossen. Haut geet et drëms sech enger neier Weltuerdnung ze stellen, an mam Fräihandelsofkommes mat Japan (JEFTA) kéint en Ufank gemaach sinn.

Foto: Esou wéi sech den Donald Trump um Sommet zu Helsinki géintiwwer dem Vladimir Putin beholl huet, sech him carrement un den Hals geschmass huet, dat huet och an den eegene Reien deen een oder anere geschockt. Zu Washington war een net amuséiert, an et dierft ee gespaant sinn, wéi den US-President senge Republikaner, d‘Entrevue mam russesche Bier verkaf kritt. © Nicholas Kamm /AFP

Ähnlech Sujeten Allianz, Donald Trump, Europa, Partner, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel