Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neijoerschpatt fir de CGDIS: Wat war, ass a kënnt?
International Meenung

Neijoerschpatt fir de CGDIS: Wat war, ass a kënnt?

No 2 Wochen am neie Joer war et gëschter och

De Buttek: do fir déi Äermst am räiche Land
International Meenung

De Buttek: do fir déi Äermst am räiche Land

Eng gemeinsam Initiativ vun der Caritas an dem Roude Kräiz,

Rise for Climate – et bleift net méi vill Zäit!
International Meenung

Rise for Climate – et bleift net méi vill Zäit!

Et bléiwen eis just 2 Joer fir radikal Moossname géint

Editorial: Net ganz gescheit, Mister President

Editorial: Net ganz gescheit, Mister President

Datt de Milliardär aus dem Wäissen Haus e politescht Gefill huet, wéi en Drogendealer dee ronderëm d‘Schoul schläicht sozial Verantwortung, dat ass alles mee kee Scoop. Zesumme mat Saudiarabien géint den Iran, mat den Tierke géint Syrien an och a Libyen éischter op der op der Säit vun de Sklavenhändler erëmzefannen.

Keen anere wéi genee dëse „Polit-Geek“, dee via Twitter Onrou stëft, wéi keen zweeten, steet kuerz virdrun, och déi allerlescht Friddensustrengung tëscht Israel a Palestina a Grond a Buedem ze rammen. D‘US-Ambassade vun Tel Aviv no Jerusalem ze verleeën, eng Entscheedung déi kuerz bevir steet, ass de sécherste Wee de Konflikt tëscht béide Länner op e neits opflamen ze doen.

Net nëmmen, datt déi Arabesch Liga virun esou engem Schratt warnt, och aus den eegene Reie schéngt et Stëmmen ze ginn, déi dovunner ofroden. Op der aner Säit awer, muss een unhuelen, datt sech den Trump an de Kapp gesat huet, de gréisst méigleche Chaos ze veranstalten. Et dierf een also behaapten, datt dat wat den Donald Trump als President opféiert, net ganz gescheit ass.

Et wier awer elo falsch ze mengen, datt „net ganz gescheit“ zimlech däämlech géif bedeiten. Dem Mann mam doudegen Hond um Kapp, geet et net ëm Politik. Eenzeg an eleng Business an och e bësschen „America First“ ass et wat den Trump mat sengem Amt a Verbindung bréngt. Wat net zu gudder Lescht seng Steierreform, déi ee Freideg ofgeseent ginn ass, ënnersträicht.

Wann et him nämlech geléngt de Konflikt oder zumindest d‘Spannung tëscht Israel a Palestina héich ze halen, behält d‘US-Waffenindustrie e „Client“ dee Joer vir Joer Geld an d‘Kees spullt. Als zousätzlechen Nieweneffekt, séchert dat och nach Aarbechtsplazen. Dat ass iwwregens och dee selwechte Grond firwat hien a Saudiarabien dem Kinnekshaus seng „Hëllef“ géint den Iran ugebueden huet.

Dat a soss näischt ass de Grond dofir, elo och an Israel mat enger fir d‘Welt geféierlecher Entscheedung, méiglechst vill Leit virun de Kapp ze stoussen. Déi international Communautéit huet aus ville gudde Grënn, Jerusalem ni als Haaptstad vun Israel unerkannt. Och d‘Annexioun vum ëstlechen Deel, nom Krich vu 1967, gëtt bis haut zréckgewisen.

Et misst dach elo endlech emol der Welt bewosst ginn, wien aktuell dee geféierlechste Mann op der Welt ass. An nee et ass net de béise Jong vu Pyongyang, och wann dee gläichfalls net ganz gescheit ass. Et ass och net de Putin, deen esouwuel de Regimm vun Damaskus wéi vun Teheran stäipt, a sech mat der Annexioun vun der Krim onbeléift gemaach huet.

Foto: Dat ass de geféierlechste Mann deen et zur Zäit op dësem Planéit gëtt. E President dee keng politesch, dofir awer grouss wirtschaftlech Ambitiounen huet. © Mandel Ngan/AFP

Ähnlech Sujeten Arabesch Liga, Donald Trump, Israel, Palestina
Nächsten Artikel Virrechten Artikel