Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Editorial: Fondatioun IDEA gëtt sech mëtschgieweg
International Meenung Neiegkeeten

Editorial: Fondatioun IDEA gëtt sech mëtschgieweg

Wann ee bedenkt, datt déi meescht Parteien et antëscht verstanen

déi gréng: sécher a legal Migratiounsweeër
International Meenung Neiegkeeten

déi gréng: sécher a legal Migratiounsweeër

D’Europaparlament huet sech en Dënschdeg fir d’Aféiere vun engem Europäeschen

Reporter ouni Grenze besuergt ëm d‘Pressefräiheet an den Demokratien
International Meenung Neiegkeeten

Reporter ouni Grenze besuergt ëm d‘Pressefräiheet an den Demokratien

Am Rapport vun 2018, huet sech d‘ONG Reporter ouni Grenzen

Editorial: Se sinn net vun dëser Welt

Editorial: Se sinn net vun dëser Welt

Datt sech déi eeler Hären am Vatikan net virun d‘Kamerae vun der Welt géife stellen, fir sech anzegestoen, datt d‘Mëssbrauchskonferenz vläicht net ganz esou erfollegräich verlaf ass, wéi d‘Weltgemeinschaft sech dat erhofft huet, dat konnt een erwaarden. Et gehéiert schonn zu de kierchleche Wonner, datt d‘Kierchemänner zougestanen hunn „Feeler“ begaangen ze hunn.

Et sinn eigentlech Verbriecher an enger organiséierter Band. Ob se déi eegen Doten, oder nëmmen déi vun de „Bridder“ vertuscht, verheemlecht a gedeckt hunn, de Poopst a seng Kierchemänner hu schwéier Schold op sech gelueden. Mat enger Mëssbrauchskonferenz, déi drop ausgeluecht war sech d‘Absolutioun vun der Communautéit ze huelen, hunn d‘Pafen dann awer nach iwwerrascht.

Si sinn mat sech an der Konferenz zu Roum déck zefridden. Aus kierchlecher Siicht, huet et vill a gutt Fortschrëtter ginn. De Sujet wier elo do wou en higehéiert, an dat wier ganz uewen op der „to-do Lëscht“. An wann een hinnen nolauschtert, mussen elo nach just d‘Kurie zu Roum an déi national Bëschofskonferenzen déi gutt Virsätz an Doten ëmsetzen. Do brauch et zolidd Optimismus.

Säitens den Afferverbänn, déi zu Roum an ronderëm de Vatikan protestéiert hunn, ass de Sproch mat de gudde Virsätz wéi e Schlag an d‘Gesiicht. Joerzéngten, wann net Joerhonnerte laang huet d‘kathoulesch Kierch eigentlech nëmmen eppes bewisen: „si ass net vun dëser Welt“. An deem Veräi passt „Usproch“ a „Realitéit“ einfach net zesummen. Zefridde Gesiichter gesinn anescht aus.

Et gëtt nees de Glawe beusprocht. De Glawen dorunner, datt de Poopst Francis a seng Bëscheef dat wat si bei der Konferenz ausgehandelt hunn, och wierklech wëllen. Gäre géif een gleewen, datt déi Kierchemänner, déi esou eng grouss Schold op sech geholl hunn, elo verstanen hunn, wat an deene Mënsche virgeet, déi si selwer mëssbraucht, oder där hire Mëssbrauch si gedult hunn, virgeet…

Wéi sollen si, an der Welt an där si evoluéieren, d‘Gefiller vun anere Mënsche verstoen, oder och nëmmen aschätzen? Si hunn därmoosse laang d‘Ae virun de Verbriechen am eegenen Haus verschloss, d‘Strukture sinn ancestral, d‘Reegelen aus enger anerer Zäit. Dofir hätt et hinne gutt zu Gesiicht gestanen ze erkennen, datt de „Skandal“ eigentlech d‘Symptom, net d‘Ursaach ass.

Elo verlaangt et den Anstand, datt een de Kierchemänner e gewëssen Zäitraum zougesteet, dee se notze sollten, déi am „21-Punkte-Plang“ vum Chef veruerdent „Erneierung“ ëmzesetzen. De Poopst huet vun „hongerege Wëllef“ geschwat, déi et ze erkenne gëllt. Hien huet also och erkannt, datt een seng Libido net mat engem Eed virun engem Kräiz kann ofleeën. Och Kierchemänner brauche Sex.

Do misst d‘Kierch usetzen, a sech vun dësem onséilegen Zölibat trennen. Woubäi dat u sech nach dat einfachst wier. Wënschenswäert awer kaum an déi verstëbste Käpp eranzekréien: d‘Roll vun der Fra an de Kierch muss grondleeënd iwwerduecht ginn. Fraen, als Member vun der Communautéit sollte méi Matsproocherecht erhalen an och féierend Positioune bekleeden dierfen.

Foto: E Symbol vum Patriarchat: de Vatikan. Hei entscheede Männer no kanouneschem Recht iwwert d‘Reegelen deenen si ze follegen hunn. Si liewen an enger anerer Welt, a sollen sech „këmmeren“ fir d‘Welt e Stéck wäit besser ze maachen. Esou laang wéi d‘Léit onbelies, onwëssend waren, ass déi Rechnung opgaangen. No der „Mëssbrauchskonferenz“ soll alles besser ginn…

Ähnlech Sujeten kathoulesch Kierch, Mëssbrauch, Mëssbrauchskonferenz, Poopst Francis, Vatikan
Nächsten Artikel Virrechten Artikel