Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
LuxFiles: fir déi lénk bleift alles, wéi et war
Fail how to change from hookup to relationship mass flow meter hook up drawing wiz khalifa dating winnie harlow

LuxFiles: fir déi lénk bleift alles, wéi et war

Fir déi lénk steet fest: „Déi sougenannte LuxFiles bestätegen en

Sou wéi et ass, wäert et net bleiwen!
Fail how to change from hookup to relationship mass flow meter hook up drawing wiz khalifa dating winnie harlow

Sou wéi et ass, wäert et net bleiwen!

Den neien Numm vu Jonk Lénk ass ab elo LAIKA.

Sundance Film Festival 2020: Grouss Auszeechnung fir „Yalda, A Night For Forgiveness“
Fail how to change from hookup to relationship mass flow meter hook up drawing wiz khalifa dating winnie harlow

Sundance Film Festival 2020: Grouss Auszeechnung fir „Yalda, A Night For Forgiveness“

Vum 23. Januar bis den 2. Februar sinn beim Sundance

dislike

Editorial: Netflix a Cannes – Wa Film net gläich Film ass

Editorial: Netflix a Cannes – Wa Film net gläich Film ass

Netflix war an de vergaangene Joer wuel eng vun deenen disruptivste Forcen, déi d’ Televisiounslandschaft gesinn huet. Et kéint een Zeilen an Zeilen doriwwer schreiwen, wéi dee Streaming-Service lues awer sécher eis Aart, wéi mer Medie konsuméieren, grondleeënd verännert huet. Mir mussen net méi zu enger gewëssener Auerzäit doheem sinn, fir eng eenzeg nei Folg vun enger Serie ze kucken. Elo kann een einfach eng ganz Staffel an engem Weekend sech eran zéien. Eppes Ähnleches geschitt mat Filmer: Och wann d’Ugebuet ausbaufäheg ass, sinn nawell vill Filmer, aler an neier, am Katalog ze fannen.

Da ginn et nach déi vu Netflix selwer produzéiert Serien a Filmer. Während bei de Serien alles ronn leeft a schonn e puer Auszeechnung kasséiert ginn ass, schéint et bei de Filmer, ofgesi vun Dokumentatiounen, nach net sou ganz ze klappen. Och wann een den Adam Sandler u Bord bruecht huet, konnt bis elo nach kee Film ganz iwwerzeegen. Dat ännert näischt dorunner, datt Netflix ee Film nom aneren exklusiv op seng Plattform stellt.

Zwee vun dëse Filmer ginn elo zu Cannes gewisen. An hunn zu enger Diskussioun gefouert: Sollen Neflix-Filmer iwwerhaapt an der Kompetitioun kënnen Deel huelen? De Pedro Almodovar, President vun der Jury vu Cannes, huet elo de Problem räichlech radikal geléist: Ab nächstem Joer muss all Film, dee mat maache wëll, virdrun am Franséische Kino gelaf sinn.

Ee vun de Netflix-Filmer ass Okja
Foto: Jae Hyuk Lee

An Zäite vu Streamingdéngschter wierkt dat anachronistesch. Awer och e bësschen versnobbt: d’Ausspären vun engem Wierk opgrond vum Trägermedium (an dësem Fall den Internet) ass keng Ausso iwwert déi eigentlech Qualitéit vum Wierk. Et gëtt een d’Gefill net lass, datt de Message „Nëmmen e Kinosfilm ass e richtege Film“ verschéckt soll ginn.

Dës Iddi ass räichlech antiquéiert, virun allem vis a vis vun enger jonker Generatioun, déi ëmmer méi op den Internet zeréck gräift, fir all méiglech Medien ze konsuméieren. Och d’Begrënnung, datt de Kinosschierm nu emol méi grouss ass an fir e bessert Erliefnes suergt, ass fir mech net nozevollzéien, well et implizéiert, datt Filmer, déi nëmmen nach um heemesche Bildschierm ze gesi sinn, iergendwéi mi schlecht sinn.

Wann dat de Fall wier, missten aner Froen opgeworf ginn: Ass d’2D-Versioun vun engem Film automatesch méi schlecht, wéi den original 3D? Wéi vill Qualitéitsverloscht erlieft een dann, wann deen niewent engem am Kino stänneg op den Handy kuckt? Haart Popcorn knabbert? Mam Noper schwätzt? Ass dat en Déngscht um Medium Film?

Netflix wäert sech eng afale loossen, fir dat ad absurdum ze féieren. Einfach e Film fir een Owend an engem Kino spillen, a schonn ass een erëm mat dobäi. Woumat déi Diskussioun dann éischtens als déi Onsënnegkeet bloussgestallt gëtt, déi se ass an d’nächst Joer op e neit entfacht wäert ginn.

Ähnlech Sujeten Cannes, Editorial, Kultur, Netflix
Nächsten Artikel Virrechten Artikel