Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Post Lëtzebuerg: Austausch vu Bréifdréier géint Dronen?
Meenung

Post Lëtzebuerg: Austausch vu Bréifdréier géint Dronen?

Wéi d’Post Lëtzebuerg am neiste Communiqué uginn huet wäerten ab

D’Minettemetropole als Werbeikone vu Microsoft?
Meenung

D’Minettemetropole als Werbeikone vu Microsoft?

Et gëtt där Deeg, do mengs de du häss scho

Youth for Climate – d’Jugend mengt et Eescht!
Meenung

Youth for Climate – d’Jugend mengt et Eescht!

Um haitege Freideg de Mëtteg ass sech nees fir de

Editorial: Normal ass dat net

Editorial: Normal ass dat net

Et gi Geschichten, déi schreift nëmmen d’Liewen. Do preparéiers de en Artikel iwwert d’Polemik ronderëm de Xavier Naidoo, méchs datt e schonn eng Woch am viraus prett ass an zwou Stonnen nodeems de se bréngs, kënnt d’Noriicht, datt Rietsradikaler eng Mahnwache virun der Rockhal wëlle maachen. Déi sinn ausbliwwen, ma an der Press (och bei eis) huet et nawell eng Kéier gutt gerabbelt.

Elo, wou Rou an d’Saach komm ass, muss jidderee säi Pefferkär bäileeën, an ech däerf do keng Ausnahm sinn, hunn ech dach ëmmerhin den „, erkläert“ Artikel selwer recherchéiert a geschriwwen. Mee ech notzen des Geleeënheet, fir eng Kéier op den Normaliséierungseffekt schwätzen ze kommen. Wann eppes oft genuch vun akzeptabelen Instanzen widderholl gëtt, da gëtt dat automatesch akzeptabel. Wann also een wéi de Xavier Naidoo, deen op de Radiosstatioune genuch Präsenz huet, fir als eng akzeptabel Instanz ze gëllen, ufänkt, riets Verschwierungstheorien ze iwwerhuelen, da villen Rietsextremer sech legitiméiert.

Do ass et dann och egal, op deen dat sou mengt, wat do gesonge a gesot gëtt, oder net. Déi Leit, déi sech domadder identifizéieren, héieren nëmmen dat, wat se wëllen. Bescht Beispill fir des Realitéitsverzerrung ass d’Ukënnegung vun de Rietsen, hir Aktioun (bei där kee Rietsen opgetaucht war) wier e vollen Erfolleg gewiescht. Eng Aschätzung, déi nëmme schwéier ze deelen ass, awer glanzvoll weist, wéi selektiv d‘Realitéitswahrnehmung ka sinn. De Schema ass bekannt: Ich mal mir die Welt, wie sie mir gefällt.

Genau hei weist sech den eigentleche Kär vum Problem: Verschwierungstheoretiker hu sech erfollegräich vun eiser Welt zeréck gezunn. Nodeems eng Filterblos opgebaut ginn ass, liest een sech just nach an déi spezifesch Theorien an, déi ee scho kennt. Et geet een hinn, vernetzt sech an de soziale Medien mat Gläichgesënnten a likt Opreeger-Säiten, déi d’Wourecht verspriechen. Awer nëmme Fake News distribuéieren. An déi sinn net méi ze erreechen.

De Phänomen ass bei weitem net nei. Scho virdrun war fest ze stellen, datt Leit eben éischter Zeitunge geliess hunn, deenen hir Ligne Editoriale éischter an hire krom gepasst huet. Mee an de sozialen Netzwierker gëllt d‘Deele vun den typeschen Artikele gläichzäiteg och als Statussymbol, woumadder sech dat ganz nëmme schwéier ophale léisst. Do däerf een och net vergiessen, wéi eng Fuerchtbar Wierkung d’Algorithmen vun de soziale Netzwierker kënnen hunn. Wa Facebook engem just nach Site virschléit, déi Saache bréngen, déi souwisou just zu mengem Weltbild passen, dann ass dat enorm geféierlech. Genau sou entsteet eng Engstierechkeet, déi am klore Kontrast zu enger gewësser Weltoppenheet steet.

Professionell gefouert Medien, déi dem Code Deontologique vum Presserot follegen, sollten eigentlech der Aufgab gerecht ginn, a verifizéiert Noriichten verbreeden. Datt do Feeler virkommen, ass nëmme normal. Ma all Feeler ass Waasser op d’Mille vun dëse Verschwierungstheoretiker, woumat de Kreeslaf erëm vu vir ufänkt. Datt dobäi haaptsächlech negativ Emotioune bedéngt ginn, ass offensichtlech. Gutt Noriichte ginn et keng, ausser et huet een de „Guttmënsche“ mol erëm eng ausgewëscht. Oder mengt op mannst, dëst gemaach ze hunn, wéi elo beim Xavier Naidoo Concert.

Normal ass dat alles net. A während et eng gutt Saach ass, datt d’Politik wëll Mediekompetenz méi staark an de Schoule thematiséiere wier, sinn et dach Persoune vum eelere Semester (45+), déi ëmmer erëm viru Geriicht stinn wéins hiere Mënscheveruechtenden Kommentaren op Facebook a Co. Wéi een des Populatiounsschicht sensibiliséiere soll, steet oppen. Mee et wir e gudden Ufank, desen Verschwierungstheorien keng Plattform ze bidden. Mir gesi jo mëttlerweil, wat dat alles mat sech bréngt.

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Rietsextrem, Verschwierungstheorien, Xavier Naidoo
Nächsten Artikel Virrechten Artikel