Search

You may also like

D’Gemeng Lëtzebuerg gëtt Hetzer eng Plattform. Wien ass dofir verantwortlech?
Meenung

D’Gemeng Lëtzebuerg gëtt Hetzer eng Plattform. Wien ass dofir verantwortlech?

An der Nuecht op Nationalfeierdag ass den Här Tun Tonnar

D’Kreativindustrie ass zwar kleng, awer ze ënnerstëtzen
Meenung

D’Kreativindustrie ass zwar kleng, awer ze ënnerstëtzen

Moler, Schrëftsteller, Architekten a Museker – wat hunn si all

CBD – e schwierege Business
Meenung

CBD – e schwierege Business

Wann et richteg ass, datt am Regierungsprogramm d‘Legaliséierung vum „rekreative“

Editorial: Ofgeschiermt

Editorial: Ofgeschiermt

Ass et Iech och scho virkomm, datt Owes d’An getréint hunn? Net, well eppes Traureges geschitt ass, mee einfach nëmmen, well der de ganzen Dag op iergendwellech Schiermer gekuckt hutt? Wa jo, ass et wuel en Zeechen, datt ee reegelméisseg domatter iwwerdreift, mee leider kënnt een net ganz dolaanscht. Oder?

Um Büro ass et schwéier, laanscht d’Schiermer ze kommen. Kaum e Bürosjob kënnt haut ouni aus. Da kuckt een de ganzen Dag laang nach oft genuch op säin Handy. Fir sech ze entspanen, meng een, mee d’An denken do och duerchaus anescht. Wee vill liest huet villäicht en E-Reader mee souguer richteg Bicher sinn ustrengend, wann och e gutt Stéck besser, ewéi sou e liichtende Schierm.

Gewass wëll ech elo higoen, a behaapten, datt als déi Schiermer eis An futti maachen, oder eis gesellschaftlech isoléieren. Déi meeschte Schiermer benotze mer och iergendwou, fir mateneen ze kommunizéieren. Et erënnert ee sech: Am Ufank vum Internet war d’E-Mail d’schloend Argument. An dach sollt een Aktivitéiten héich schätzen, wou ee net mat Schiermer a Kontakt steet, mee amplaz dovunner direkt mat Leit interagéiert.

Dës Woch hunn ech e Reportage an engem neie Bried- a Geekstore gemaach. Et deet vill Leit verwonneren, firwat Leit aus menger Generatioun, sech bis op eemol erëm fir Gesellschaftsspiller, op dat elo d’Klassiker oder déi méi neiaarteg sinn, aloossen. Am Interview gouf do dann och dat Tëschemënschlecht ervir gestrach. Et ass en interessante Géigentrend, dee sécherlech hëlleft, méi Balance an dat ganz eran ze bréngen. An et ass gutt a schéin ze gesinn, datt och déi méi jonk Generatioun sech dofir interesséiere kann.

Et weist och, dat Digitales ganz gutt mat klasseschem koexistéiere kann. Obwuel Videospiller et dann iergendwéi dach an de Mainstream bruecht hunn a virun engem Joer Pokémon Go den absoluten Renner war, konnte sech Brietspiller iwwert d’Joren ewech erëm eng Plaz erueweren. Wéi? Andeems se nei Marchéen nieft deene vu Kanner a Familjen ugeschwat hunn an sech op déi ominéis Grupp vun de Geeks fokusséiert. Zum engen, well déi Geld hunn, ma zum aneren awer och, well deenen hir Interessen a ganz speziell Richtunge ginn, déi vum klasseschen Segment net ofgedeckt ginn.

Am Ausland sinn se do, wéi sou oft, scho méi wäit. Do ginn et Bars, Kaffien a Restauranten, déi komplett op d’Konzept vun de Brietspiller eriwwer gewiesselt sinn. Wien eppes drénken oder iesse wëll, während ee mat Kollegen eppes spillt, gëtt do éischtklasseg bedéngt. Ganz an dem Format ass hei nach kaum een ukomm, mee et ass viraus ze gesinn, datt och déi Offer komme wäert. An domadder d’Fräizäitoffer niewent där vun de Schiermer e Stéck wäit ausbaut.

Related topics Boardgames, Digital, Internet
Next post Previous post