Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Flashmob géint sexuell Gewalt um Méindeg!
Meenung Neiegkeeten

Flashmob géint sexuell Gewalt um Méindeg!

Kommende Méindeg gëtt op der Place Winston Churchill an der

Den europäeschen Haftbefeel géint den Carles Puidgemont, erkläert
Meenung Neiegkeeten

Den europäeschen Haftbefeel géint den Carles Puidgemont, erkläert

De fréiere President vu Katalounien, Carles Puidgemont, ass mëttels engem

Wéi gesäit d‘Zukunft vun den Diddelenger Siderurgisten aus?
Meenung Neiegkeeten

Wéi gesäit d‘Zukunft vun den Diddelenger Siderurgisten aus?

A gutt 14 Deeg soll feststoen, wien de Site vun

Editorial: De roude Bulli, dee mir net brauchen

Editorial: De roude Bulli, dee mir net brauchen

Scho meng Elteren soten, ech soll kucken op Palmueleg ze verzichten. Et wier weder gutt fir d’Ëmwelt, nach fir déi eege Gesondheet. Eng Zäit laang deet ee beim Akafen op d’Inhaltsstoffer Uecht, ma wéinst dem klengen Opwand – deen engem iergendwann awer ze grouss ass, schliisslech ass de Mënsch oft faul a keeft awer der Gewunnecht no – gëtt een dës Prozedur schnell nees op.

Eréischt no zuelräichen Artikelen, Dokumentatiounen an den Austausch mat Naturschutzorganisatiounen huet sech den Eekel um Palmueleg esou richteg a mech eragebuert.

Feststelle muss een allerdéngs och, datt d’Vermeidung vum rouden Ueleg guer net emol esou einfach ass. Als an der EU am meescht verkaaften a bëllegste Planzenueleg stécht dee Bulli mëttlerweil bal an all zweetem Produit, deen am Supermarché steet. Wärend Palmueleg bei Liewensmëttel kloer gekennzeechent muss ginn, dierfen d’Kosmetikproduzenten dës Etapp ëmgoen. Dobäi kënnt, datt ee spéitstens nom Tanken de Palmueleg mat sech ronderëm dréit.

Ob an der Fiichtegkeetscrème, Wäschmëttel, Lëppestëft, Fäerdeggeriichter, Noss-Nougat-Crème, Schockela, oder an der Pizza – Palmueleg gëtt eis Konsumenten iwwerall ënnergejubelt, ob mir et wëllen oder net. A gëtt de roude Planzenueleg just zur Zoubereedung vun engem Produit genotzt, deen uschléissend viru verschafft gëtt, da muss en net als Palmueleg opgelëscht ginn. Wéi soll een dann do den Duerchbléck behalen?

An der Kosmetik ka sech Palmueleg hannert Nimm wéi Cetyl Alcohol, Palmitate, Glyerin, Planzenueleg, Sodium Kernelat oder Stearate verstoppen. D’Lëscht ass laang.

Jo, ech eleng kann d’Welt net retten. Mee wa vill eenzel Mënschen eng gutt Dot verriichten kann dat zu eppes Groussen, souguer zu engem Wandel an der Produktioun an am Handel féieren. Schliisslech passt dëse sech un d’Bedierfnisser vum Client un.

En Dëppchen vun der beléifter Noss-Nougat-Crème vum italienesche Konzern Ferrero huet esou direkt vläicht keen negativen Impakt ob eis, ausser datt mir Onmoossen un Zocker a Fett an eis eraschëppen. Ma, mam Kaf vum séisse brongen Opstréch dréit een säin Deel zur Zerstéierung vum Reebësch, zum Aartestierwen, zu verseuchte Biedem a verknaschtem Waasser, zur Beschleunegung vum Klimawandel (well eis gréng Long futti ass), zur Verletzung vu Mënscherechter, zum Mangel un Iessen bei klenge Baueren duerch Uelegpalme-Plantagen a ville weidere Problemer bäi.

Mëttlerweil soe meng Elteren oft: „Vun eisem Meedche kënne mir nach vill léieren“. Och wann ech si ufanks sollt genervt hunn, kafe si zënterhier vill lokal a saisonal an, probéieren op onnéidege Plastik ze verzichten an testen aktuell esouguer festen Duschgel a Shampoing. Ëmmer méi Lëtzebuerger stellen nämlech selwer Hygiènesproduiten hir, bei deenen ee weess, wat drastécht. Just als Beispill hätte mir do d’Naturseefe vun der Kraiderhex, d’Produite vum Margo Kesseler-Vrehen oder och D’Seefemaacher.

Dobäi sief gesot, datt de Kierper an d’Hoer eng Zäit brauche fir sech ëmzestellen. Schliisslech war en jorelaang un d’Chimie gewinnt. Et muss een ausprobéieren, wat fir ee selwer machbar a verdréiglech ass, sech berode loossen an no klengen Echantillonen froen. Huet ee awer bis dat Richtegt fonnt, wäert d’Hautbild an d’Gesondheet engem Merci soen.

Geschäfter wéi den OUNI an der Stad an zu Diddeleng, den Unverpackt zu Tréier, den Tante Olga zu Köln oder och d’Gréng Box zu Lëtzebuerg sollt ee kennen. Nennenswäert ass natierlech och d’CodeCheck-App. Duerch d’Datebank mat Millioune Produiten kritt Dir gratis Informatiounen zu den Inhaltsstoffer, Labels, Nierwäerter an deelweis souguer wëssenschaftlech Etüden a Bewäertunge vun Experten. T’ass nach laang net all Produit vertrueden, an awer kann et engem eng Stäip sinn.

Zu gudder Lescht hunn ech bei menger Recherche oft gelies, datt ee bei der Vermeidung vu Palmueleg ob den RSPO-Label kucke soll. Dës Zertifizéierung, déi 2011 vu WWF an d’Liewe geruff ginn ass, léisst am éischte Moment drop schléissen, datt de jeeweilege Produit fräi vum rouden Ueleg ass. Ma, et ass awer just een Zeechen dofir datt „nohaltege Palmueleg“, deen also an enger sozialer an ëmweltbewosster Aart a Weis produzéiert gouf, drastécht. Jo, et ass vläicht besser, wéi den hierkëmmleche Palmueleg, an awer stécht de roude Schmorri nach ëmmer dran an üübt sech negativ ob eis Gesondheet aus.

Passt Dir beim Akafen op Palmueleg ob? Mech géifen weider Tipps a perséinlech Meenungen zum Thema freeën!

Opmaacherbild © Javardh / Unsplash

Ähnlech Sujeten Aartenräichtum, Bewosstsinn, Biodiesel, D'Seefemaacher, Ferrero, Gréng Box, Knorr, Kosmetik, Kraaftstoff, Liewensmettel, Lokal a saisonal Produkter, Naturschutz, Nohaltegkeet, Nutella, Orang Utan Help Lëtzebuerg, OUNI, Palmueleg, Reebësch, Roude Planzenueleg, RSPO-Label, Tante Olga, Unverpackt, Vernichtung, Zerstéierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel