Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Maibock: den eigentlechen Ambassadeur vum Lëtzebuerger Summer
Fail Meenung

dating disston hand saws

A schonn nees esou e Béierchen, bei deem der d‘Waasser

70 30 rule dating
Editorial: Fondatioun IDEA gëtt sech mëtschgieweg
Fail Meenung

Editorial: Fondatioun IDEA gëtt sech mëtschgieweg

Wann ee bedenkt, datt déi meescht Parteien et antëscht verstanen

surprise
Wann de Popcorn besser wéi de Film ass
Fail Meenung

Wann de Popcorn besser wéi de Film ass

Heiansdo ass net ze verstoen, wat sech d’Produzenten an Hollywood

dislike

Editorial: Politik mat Käpp

Editorial: Politik mat Käpp

Virun der Wahl ass no der Wahl. Sou oder op mannst sou ähnlech kann een de Wahlkampf ëmschreiwen. Och an den USA bereet een sech schonn op déi nächst Ronn, déi 2020 an d’Haus steet fir. An dobäi kënnt et zu allerlee Spekulatiounen, wien do dann alles an d’Renne kéint goen. Op der Lëscht ass do och deen een oder aneren bekannte Numm ze fannen.

Een Numm fält do schnell op: De Marc Zuckerberg, Kapp vu Facebook. A wat fir ee Wahlkampf dat dach géif ginn, hätt en dach e ganzt soziaalt Netzwierk op ee Coup fir sech zur Verfügung. Vue datt keen den Algorithmus esou gutt kennt, wéi hien, misst e mol net direkt manipuléieren, fir herno gutt do ze stoen. En huet scho gesot, datt en net untriede wéilt. Mee d’Rumeure hällt sech hartnäckeg, och well en ehemoleg Kampagnen-Manager vum Obama an dem Hilary Clinton u Bord hëllt fir seng Fondatioun.

Och op der Spekulatiounslëscht? De Bob Iger, aktuelle President vun Disney. Hien deet sech doduercher ervir, datt en der Firma zu senger aktueller Positioun verhollef huet. Et ass net nëmme méi d’Haus vun der Maus, ma mëttlerweil dank him och d’Haus vu Star Wars a Marvel. Eng reegelrecht Gelddruck-Maschinn. A vue datt e virun 2019 wëll zerécktrieden als President vun Disney, mengen elo vill, datt hien kandidéiere kéint.

Et wieren net déi skurrilste Kandidaten. Zut, vis à vis vum Trump sinn se erschreckend normal, trotz aller Megalomanie. An da wier do nach un de Reagan ze erënneren, dee jo och en Hollywood Export ass. Nei wier et fir amerikanesch Verhältnesser net. A mam Bléck um Trump ass ee versicht ze gleewen, datt et schlëmmer net komme kéint.

An all Kéiers freet een sech, op an Europa oder hei am Groussherzogtum et méiglech wier, fir eng bekannte Perséinlechkeet, sech an der Politik op ze stellen. Bis elo ass dat vum Gefill hier nach net de Fall, och wann Aktivisten duerchaus bei Parteie landen, wéi beispillsweis de Lucien Welter beim adr. Oder och Journalisten an de Wahlkampf zéien an herno an der Chamber landen. Ouni d’politesch Leeschtungen oder Kompetenzen vun esou Kandidaten wëllen ze hannerfroen, muss een dach d’Fro stellen, op doduercher e Wahlkampf net zu engem Popularitéitskontest verkënnt.

De Sënn vun engem Wahlkampf, op elo an den USA oder heiheem sollt eigentlech den Austausch vun Iddien sinn. Mee an esou Fäll geet et eben haaptsächlech em Käpp. E Punkt deen een am Wahlkampfmarathon vun den nächste Joren villäicht am Hannerkapp behale sollt. Et ass een net onbedéngt gutt beroden, een ze wielen, nëmmen, well et eng fein oder sympathesch Persoun ass. Villäicht ass et méi gesond, een ze wielen, well säi politescht Programm mer passt.

Foto: Paul Marotta / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

Ähnlech Sujeten EU, Europa, Facebook, Lëtzebuerg, Politik, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel