Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Endlech eng Partnerschaft tëscht Lëtzebuerg an dem Yad Vashem
Fail International Meenung

Endlech eng Partnerschaft tëscht Lëtzebuerg an dem Yad Vashem

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend Claude Meisch an

De September op Netflix: Léift, Drogen a… Päerd?
Fail International Meenung

De September op Netflix: Léift, Drogen a… Päerd?

En neie Mount heescht neie Stoff op Netflix. Wéi scho

Mir hunn eng nei Regierung, soen se…
Fail International Meenung

Mir hunn eng nei Regierung, soen se…

Et huet nëmmen zéng Gespréichsronne gebrauch, an scho waren sech

dislike

Editorial: De Populismus huet de Bundestag am Grëff

Editorial: De Populismus huet de Bundestag am Grëff

Si gesinn sech als „d‘Alternativ fir Däitschland“ a sinn dach näischt anescht wéi Populiste mat engem ganz staarken Hang zum Faschismus. Grenzwäerteg grad nach eppes manner Debil wéi déi sougenannte „Reichsbürger“ awer keen Deit manner Brong wéi d‘Glatzkäpp vun der NPD.

Mee d‘Vollek huet se an de Bundestag gesat. Dat bréngt mech dozou ze soen, datt wann de Christian Lindner vun der liberaler FDP op eng Koalitioun mam Argument: „Leiwer net regéieren, wéi falsch regéieren“, ka verzichten, da wier et ubruecht: „besser net ze wielen, wéi falsch ze wielen“.

Demokratie ass dann awer kee Kannergebuertsdag, an och deem Dommste muss et erlaabt bleiwen seng Stëmm ofzeginn. Eng schmäerzlech Erkenntnes, déi sech esou dann och net nëmmen am héijen Haus vun der Politik zu Berlin breet mécht, mee och déi sozial Netzwierker erreecht huet.

An esou ass da schonn zënter dem Donneschdeg am Bundestag rieds vun: „Nazi-Vokabulär“, „NPD-Parollen“ a „Rassismus“. Dat mannst wat ee ka soen, ass datt et engem bei Phoenix (dat esou eppes wéi bei eis Chamber-TV) aktuell net langweileg gëtt.

Dat déi sech nach net op d‘Sabbel geschloen hunn, a wann et nëmmen op de Gäng oder an de Kommissioune wier, verwonnert mech elo ee bëssi. Besonnesch wann et esouguer der CDU opfält, datt d‘AfD e strukturelle Problem mat der Radikaliséierung vun hiren Themen huet.

An et ass dann och keen am ganzen „Haus“ deen e gutt Hoer un hinne léisst, se kréien es vun alle Säiten. Et ass generell mat gudden Argumenter, wou se an deen Eck gestallt ginn, wou se och higehéieren, mee et huet och eppes Geféierleches d‘AfD esou auszegrenzen.

Et gëtt de Populisten d‘Geleeënheet „hirem Vollek“ déi Parollen zouzeruffen, fir déi se an de Bundestag eragewielt goufen:

„Mir kämpfe fir Däitschland, fir eng Alternativ zur Ofschafung vun dësem Land als staatlech a kulturell Eenheet, déi se all bedreiwen, wéi se hei sëtzen, déi vun den Al-Parteien“, esou de Marc Jongen vun der „Alternativ fir Däitschland“.

Elo bleift dann awer d‘Hoffnung, ob mat oder ouni GroKo, datt eis däitsch Noperen erkenne wéi eng Knaschterten do am Parlament sëtzen. Mënschen déi ouni vill Verstand awer mat vill béise Wierder „Kritik“ üben, selwer awer keng Léisungsvirschléi virdroe kënnen.

Foto: © John McDougall/AFP

Ähnlech Sujeten AfD, Bundestag, Faschismus, Populismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel