Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Task Force: Zousätzlech Bestëmmungen zu Lëtzebuerg wéinst der afrikanescher Schwéngspescht
International Meenung

Task Force: Zousätzlech Bestëmmungen zu Lëtzebuerg wéinst der afrikanescher Schwéngspescht

Nodeems de Virus vun der afrikanescher Schwéngspäscht (PPA) un fënnef

Nationale Commemoratiounsdag 2018
International Meenung

Nationale Commemoratiounsdag 2018

Den Nationale Commemoratiounsdag gëtt zënter 1946 alle Lëtzebuerger d’Geleeënheet, sech

D’Team Lëtzebuerg zu Sarajewo
International Meenung

D’Team Lëtzebuerg zu Sarajewo

Um vergaangene Sonndeg huet d’Erëffnungszeremonie vum Olympesche Festival vun der

Editorial: Wa Populisten et besser maachen!

Editorial: Wa Populisten et besser maachen!

Wat si mir net iwwert se hiergefall. Mir hu se während dem Wahlkampf schaarf an d‘Kritik geholl, an och wéi se demokratesch Gewielt waren, si mir es net midd ginn, hir politesch Ideologien ze „zerrappen“, an elo? Jo elo hunn déi Häre vun der Lega Nord (rietsextrem) an dem Movimento 5 Stelle (Anti-System) dach tatsächlech Europa virgemaach, wéi ee sozial Moossnamen ëmsetzt.

An et ass och net esou, wéi wa Bréissel net alles, awer och wierklech alles, versicht hätt fir dat ze verhënneren. Mee déi italienesch Regierung huet grad emol esouvill Waasser an de Wäi vun der EU-Kommissioun geschott, wéi noutwenneg war, fir zwee vun hire wichtegste Wahlverspriechen och tatsächlech ëmzesetzen. Biergerakommes a Rentereform: fir vill Italiener ee Seegen.

Gutt, elo droen dës Moossnamen net derzou bäi datt den italienesche Staatsdefizit – ëmmerhin 131% vum Bruttoinlandprodukt (BIP) – méi kleng gëtt, an och d‘Aarmut am Land ass domatter net ofgeschaaft ginn. Mee et ass ëmmerhin esou eppes wéi e reelle Fortschrëtt fir Millioune vun Italiener, déi elo net méi mussen op „Waasser a Brout“ zréckgräifen, fir eppes am Bauch ze hunn.

Un der politescher Gesënnung vun den Häre Matteo Salvini (Lega Nord) an Luigi di Maio (M5S) ännert sech natierlech näischt, mee ugesiichts de virechter Regierung, an dem neoliberalen Optrëtt vun deenen déi sech selwer als „Sozialisten“ bezeechnen, kënnt een net derlaanscht hinnen zouzegestoen, datt si eppes Opweises hunn. Stellen d‘Populisten elo eist Weltbild op Kopp?

Net wierklech, géif ech do soen, well esou richteg et war an ass, d‘Biergerakommes anzeféieren an de Rentner e wierdege Liewensowend ze sécheren, esou falsch ass et eng anti-europäesch Politik ze féieren. Falsch ass et och eng Reform vum Familljerecht an Aussiicht ze stellen, an där d‘Rechter vun de Fraen an Homosexuelle beschnidden, an de Schutz vun de Kanner soll ausgehiewelt ginn.

Et kann een also duerchaus behaapten, datt och bei de Populisten net alles Gold ass wat blénkt. Mee si hunn et – op d‘Gefor hi mech ze widderhuelen – fäerdeg bruecht, laangjäreg Revendicatioune vun enger Majoritéit vun den Italiener ze behäerzegen an elo och ëmzesetzen. Dat bréngt eis nach kee soziaalt Europa, mee et ass en Usaz. Et kann een also gespaant sinn, wat Italien nach vir huet.

Ähnlech Sujeten Biergerakommes, Italien, Lega Nord, Luigi Di Maio, Matteo Salvini, Movimento 5 Stelle, Populismus, Rentereform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel