Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Shutdown: Den US-President kritt de Maulkuerf ugedoen
https://moien.lu/texting-etiquette-while-dating/

Shutdown: Den US-President kritt de Maulkuerf ugedoen

Am Sträit ëm de Shutdown (Haushaltsspär) kënnt et op e

triton dating service
https://moien.lu/texting-etiquette-while-dating/

https://moien.lu/online-dating-in-hyderabad-india/

Haut den Owend treffen sech zu Sofia d‘Staatscheffe vun den

dislike
Malta weist Schëff mat iwwer 600 Migranten zréck
https://moien.lu/texting-etiquette-while-dating/

Malta weist Schëff mat iwwer 600 Migranten zréck

Malta huet um Sonndeg säi Refus confirméiert e Schëff, vun

Editorial: Vum Staat getrennt, d‘Privilegien erhalen

Editorial: Vum Staat getrennt, d‘Privilegien erhalen

Et gëtt vill Bosseges ze beriichte wann et ëm d‘Bezéiung tëscht dem Staat, de Gemengen, de sëlleche Parteien, an der kathoulescher Kierch geet. Vum sougenannte Pafefrësser bis hin zum fundamentalistesch ausgeriichte Kierchegänger, kaum eng Spezies déi engem am Kontext vun der Diskussioun zur Trennung vu Kierch a Staat net begéint wier. D‘Trennung awer, déi ass vollzunn.

Am Kontext vun dëser „Trennung“ sinn der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg eng Rei Gebaier (dorënner och Logementer) streideg gemaach ginn, déi dann an de Kierchefong iwwergaange sinn. Aner Gebietshaiser goufe „konventionéiert“. Am Fall vun Ettelbréck ass et dann och esou, datt de Klerus fir d‘Paschtoueschhaus muss Loyer bezuelen. Deen ze berechnen ass awer net esou einfach.

Datt och e Paschtouer en Daach iwwert dem Kapp brauch, dat stellt keen a Fro. Do wou sech dann nees Froen opdinn, ass déi Aart a Weis mat där déi schwaarz-rout Koalitioun zu Ettelbréck sech dësem Besoin géintiwwer opgestallt huet. D‘Paschtoueschhaus vun Ettelbréck, datt d‘Gebai 2009 ëmfänglech renovéiert huet, verfüügt haut iwwert eng ganz modern 250m² grouss Wunneng.

An der Sëtzung vum 3. Juni huet d‘CSV/LSAP-Majoritéit decidéiert, datt dem Kierchemann e Loyer vu 400 Euro/Mount a Rechnung gestallt ginn. Eng Decisioun déi bei der Oppositioun net deen Zousproch fonnt huet, deen sech de chrëschtlechsoziale Buergermeeschter eigentlech erhofft hat. Deen huet séier wéineg Versteesdemech fir déi ongehemmte Kritik, déi do opkomm ass.

Dem Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf seng Argumentatioun: Et wier net well e Paschtouer seng Pai vum Staat erhält, datt hie finanziell gutt opgestallt wier. Esou géifen dem Kierchemann seng Universitéitsdiplomer bei der Berechnung vum Salaire net berécksiichtegt. Eng méi kleng Wunneng wier och keng Alternativ, schliisslech misst de Paschtouer jo och emol Leit empfänke kënnen.

Wann een dat dann elo esou unhëlt a sech averstanen erkläert, datt de Paschtouer net an eng kleng Wunneng anzéien a „seng“ Leit net an engem Büro“ empfänke kann, esou muss een awer deenen zwee grénge Gemengeconseillere Recht ginn, wann déi sech iwwert d‘Héicht vum Loyer iergeren. Schliisslech erhält de Mann net de Mindestloun an säin eigentleche Patron ka jo eppes bäisteieren.

An der selwechter Sëtzung huet eng Famill, fir eng Wunneng mat 100m², e Loyer vun 1.200 Euro operluecht kritt. E Präis deen esou vum Gemengerot, och mat de Stëmme vun der Oppositioun ugeholl ginn ass an duerchaus als gereecht dierf bewäert ginn. Wann een dann awer den direkte Verglach mam Loyer vum Paschtoueschhaus mécht, geet eppes net op…

Ähnlech Sujeten Ettelbréck, Kierch, Logement, Loyer, Paschtoueschhaus, Staat, Trennung Staat a Kierch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel