hook up den haag
Aus engem neie Rapport vun der ONG Amnesty International geet
Aus engem neie Rapport vun der ONG Amnesty International geet
Dräimol zwou Geschichte vereent dës Kollaboratioun tëschent dem Auteur Samuel
Der Konflikt tëscht den USA an dem Iran gëtt den
Haut ass de Weltwaasserdag, an déi gesamt Weltgemeinschaft ass sech op déi eng oder aner Aart a Weis doriwwer eens, datt een driwwer schwätze muss. Iwwert de Schutz vun der Ressource, mee och den Zougank an säi wirtschaftleche Stellewäert. Do wou et dann awer nees bosseg gëtt, dat ass wa ganz gescheiter, déi selwecht domm Spréch lassloosse wéi beim Klimawandel.
Wann ech op der offizieller Säit vum „Weltwaasserdag“ liesen: „Sustainable Development Goal 6 eis crytsal clear: water for all by 2030“ geet mir d‘Messer an der Täsch op. Hei gëtt dat nohaltegt Entwécklungszil Nummer 6, mat „Waasser fir jidderee bis 2030“ uginn. Dat bescht hei: dee wou des „Maxime“ opgeschriwwen huet, ass fir seng Lige kinneklech entschiedegt ginn, ëmmerhin.
Gutt, um Weltwaasserdag gehéiert et sech, grad wéi beim Weltfraendag, op déi bekannte Problemer hinzeweisen. Bosseg nëmmen, datt et ëmmer déi sinn, wou de Misär geschafen hunn an tatkräfteg derzou bäidroen datt sech dorunner och nëmmen näischt ännert, am kräftegsten an Flilleke klappen. A wat mir déi Leit op de Geescht ginn… besonnesch grad da wann nees vu Mënscherecht rieds ass.
Wéi eescht et der Politik a Wirtschaft mat de Mënscherechter ass, gesäit beim Ëmgang mat de Konflikter, de Flüchtlingen an der „Wourecht“. Déi eenzeg déi hei e Beitrag leeschte kéinten, wieren d‘Mënsche selwer. De Problem: jiddereen huet seng eege Suergen an am Fall vum Waasser, ass et oft esou, datt wien es huet, mécht sech séier wéineg Gedanken iwwert wie keent huet.